Friday, December 18, 2009

Immobiliepreisser klammen - a falen

Während et hei zu Letzeburg Hoffnungen an och verschioden Unzeeche get dass d'Preise fir Immobilie falen, klammen se déi Seit der Grenz.
Anscheinend sin emmer nach vill Leit zum Schrett iwer d'Grenzen bereet, och wann dat jo awer su munnech Nodeeler mat sech brengt.
Besonnesch am Krees Wittlech get et eng Croissabce vun 16 op ronn 50€, an do muss een sech jo awer froen, op dat dann wirklechnach Leit sinn di all Dag op Letzeburg schaffe kommen.
Vleicht sinn et och deitsch Afekoten an Apdikteren, di hir schwarz Suen vu Letzeburg e bessi mi no béi an d'Eifel wellen huelen??

Europa liberalséiert sech endlech - zum Deel

Do ass an dem bis lo nach déif katoulesche Sèden vun Europe eng stetig awer positiv Entwecklung ze gesin, an bezug op d'Freihét vun de Menschen.
Eleng haut, liesen ech dass a Portugal homo Mariagen erlabt sin/gin, (och wann och do d'Adoptioun fir sou Mariagen nach net op ass), an am Noperland Spunien gouf gescht am Parlament d'Ofdreiwung bis zur  14. Woch erlabt.
Besonnesch den Sozialist Zapatero schengt mat Courage a starkem Wellen, um gesellschaftleche Niveau vu senger Majoritéit am Parlament e gudde Gebrauch ze machen!
Gleichzeiteg liese mer dann, dass an Irland de Beschof vu Limerick vu lauter Sex Skanalen a sengem Bistum, sengem Popst zu Roum d'Demissioun agereecht huet!
Ass dat net deen, dee noach viroa kurzem an der Echternoacher Basilika mat seine knoastige Pouten, d'Sprenger voan der Echternoacher Sprangprozessiun geseent hott??

Wednesday, December 16, 2009

Blog Statistik no e pur Deeg

Ech schenge menge Lieser e bessi eppes ze bidden, well d'Statistiken iwerrasche mech :
Seit leschtem Donneschdeg owend, hate mer hei  355 Besucher.


Do giff ech mer jo eigentlech nemme wenschen, dass et méi Leit giffe gin, di och e
Commentaire hei lossen, sugur wann den anonym wir.


An dann ass et och flott ze gesin, wéi sech scheinbar vun iwerall Letzeburger eraschalten:
Ech wees wee vu menge Frenn op Maurizius an der vakanz ass ( um Reck leit !!) an och ween zu Naples Florida alt erakuckt.   Awer dan  all déi aus California an schliesslich aus Ethiopien: dat iwerascht schon. Am Detail geseit een och dass dat sougenannt "repeat" visites sinn.


A wann ee vun denen amerikaneschen Besucher och vleicht den CIA ass, dén sou zimlech iwerall erakuckt (a scheinbar och Letzebuerger huet fir ze liesen!!), da sin do emmerhin nach 13 anerer an Amerika.
Ech furen also mol weider mat bloggen.
A wann ee vun iech eng Iddi huet wat ech verbessere kann: meng perséinlech email address ass pol@wirtz.com.

Lo schéisst Israel op Apple Powerbooks!!



Di Nouvell um Lily Sussman sengem Blog huet mech fir d'eischt natirlech als Apple Fan erschreckt.
Awer et soll een di Experienz vum Lily scho mol liesen - mat engem méi politesche Bleck!
Israel behellt sech tatsächlech lo scho vill ze laang als politescht Schwéin! An Israel gesin se all dat als normal un, well se sech géint di - allermeeschtens zurecht - opbruechte Palästinsenser mat enger masslos iwerdriwener, weit iwer-eifriger, hysterischer Defense wiren.
Wi hei am Fall wou se den Apple PowErbook op der Grenz "erschoss" hun!
Absolut onmosseg!
Wi  am Fall wi se 300 Kanner am Gaza gekillt hun fir do "fir Rouh" ze surgen.
Wi am Fall wu se permanent mat hiren emmer nach hemmungslos mat-responsablen amerikanesche "Frenn" all UN Resolutioun ennerwanderen an mat Verurchtung mesuechten.
Wi am Fall vun der Schandmauer déi se entgéint de Warnungen vu bal allen Länner op der Welt weider opriichten.
Wi am Fall vun hire weideren Annexiounen vun Terrain'en di hinnen no kengem Recht vun der Welt zoustinn!
Wi am Fall vun all hirer Zerstéirungswut déi sie (a si nennen sech ziviliséiert!!) un hiren Noperen auslossen!
Wi am Fall och wu se konsequent hiren ("onziviliséierten") Noperen all Beméiung em Zivilisatioun futti machen: si bommben hir Schoulen, klauen hinnen Drenkwasser, zerstéiren konsequent di Anlagen zB fir Geméissbau, déi d'Palestinenser zB vu Letzeburg an anere Frenn geschenkt kréien!

Wann ech am Fall vum Lily Sussmann gewierscht wir, séitz ech lo an Israel am Prisong! Ech
Awer dat ka mir net virkommen!  Ech hun am Joer vum 6 Day War 1967  6 Wochen du verbruecht, a beobachten dem Land seng pervers Entwecklung zimlech konsequent.
An Israel werd wuel kee mech méi gesin!!

Mei Papp war 1939 géint den Afall vun de Preisen zu Echternach zimlech aktiv. Hen huet do och em zB d'Echternoacher Breck mat Sprengstoff agéiert. An d'Preisen haten heen demols op enger Lescht vun "Terroristen".
Wann d'Preisen no 60 Joer nach zu Letzeburg wären, wi d'Israelien seit spéitestens 1967 am Westjordanland, da wir ech haut och wuel en Terrorist. Wi mei Papp, eisen Albert ee war!

Tuesday, December 15, 2009

Claude Turmes: a hydrogene car, Mr Schwarzenegger???


De Kopenhagener highlight vun haut:
Op YouTube ass rem e kukkeswerten Video vun de moien virun engem Hotel zu Hopenhagen.  De video gouf vun Letzeburger gemach di mam Claude Turmes do zesummewaren, an hirem Blog no hu se virum Hotel eng Reih Autoen opfuren gesin, fir den Schwarzie mat senger Suite ofzehuelen.
Eng "Journalistin ? " huet dem Austro-Kalifornier di extrem wichteg Fro gestallt, wi em d'Wieder zu Kopenhage giff gefalen, an deen huet dorop sein typescht amerikanescht Politikergeschwafels geentwert. 
Zum Schluss huet just nach gefeelt "I love you all!" oder "Gaad bless you".


An ir den Governer du an seng gepanzert Caross geklommen ass, huet eisen Claude Turmes eng vill mi intelligent Fro geruff, op déi selbstverständlech keng Entwert mi koum:  
Is this a hydrogene car Mr Schwartzenegger??
Et héiert een eisen grengen Europadéputéierten ganz kloer  um Schluss vum video :-)

Something wrotten---Danemark!?

Eugène BergerDen Eugène Berger "meld" lo just vun Hopenhagen iwer Facebook:

No progress in Copenhagen- bad organization with people waiting for hours in the cold- brutal policemen against peacefull protesters: shame on DK.



Ech hun em drop geentwert :


Alt erem huet de Shakespeare Recht gehat:
1. Much to do about nothing!
2. There's something wrotten in the state of Danemark!!


Video Iwerwachung WOOOW erfollegreich!!



Absolut Lächerlech!
D'Police veröffentlecht haut de Metteg d'Foto vun Männer di an der Stad an zu Bartreng mat geklaute Kreditkarte bezuelt hun!
Super wi efficace also di streng VideoIwerwachung funktionéiert!
A wi schnell !!!!!

Stellt iech vir mat wat fir schnellen Perd eis Beamten hu missen ennerwee sinn, wann se nemmen drei Méint gebraucht hun, fir di Foto vun de Gangster ze entweckelen an un d'Press ze verdelen.

Di schlemm Gangster sinn an der Zeit warscheinlech knapps vu Bartreng bis op Strosse komm, a werden bestemmt nach haut gepetzt gin!

Pakt dach an mat ärer Beschneffelung mat Video asw.!!

An anere Lànner ass seit Joren bewisen, dass dat neischt brengt an der Verbriechensbekämpfung!!!!

direkt vu

 rapportéiErt e Grupp vu Letzeburger all Dag op desem site!Des Woch ass et ganz secher derwert dat ze verfollegen. Mi leschteg wi munnech Zeitung an op manst grad sou aktuell!!

Birgerinitiativ géint de Racherschnapp?

De moien war ech op zwee kurze Meetingen um Kirchbierg. An ech hun iwerall Leid gesin di virun den Dire stoen an di geraacht a geziddert hun.
E Sonndeg war mer d'Isabelle um Chreschtmart begéint an et huet kräfteg geschnuddelt a sot: "dat ass wann een aus dem warme Büro emmer muss virun d'Dir goen fir ze fömmen!"
Et kann ee net soen d'Isabelle hätt onrecht huet!
An elo stellen ech mer vir, wi sech op Facebook geschwenn di nächst Birgerinitiativ sech géint de Mars de Bartolomeo forméiert:
No der Schwengsgripp, lo de Racherschnapp!
Fir dass een wéinigstens am Wanter dobannen rachen därf!


Monday, December 14, 2009

ChristmasParade-schéi(?)kal!

Et wat meng éischt an ech ka nemmen soen boff! D'Bandes Annonce mat enken Auszich aus der leschter hu mech méi erwarde gedon. Ma mir Letzeburger si jo och net su fir Kitsch a Chreschtdag gemach wi d'Amerikaner, vun denen den "chreschtlechen" Chreschtdag lo durch de neien Rummel ersat get. Dobei waren Chrestmart a Stad an Gare ganz agreabel. An och d'Geschäftsleit dirften zefridde sinn!
D'Chreschtparade méi prezis: se krut am Ufank kä Stullgank, wuel well se hannendrun net alles iwereneen kritt hun. Du war et weider gaaaanz lues an ouni Schwonk. Ech stung vis-à-vis vun der Arbed (neen den uewen op der Fenster war net de Mittal!!) an wann mir de Majoretten net gewenkt hätten, hätten di erkalte Jeffercher ganz driipseg dra gekuckt. Bal sou driipseg wi d'Leit vun der Tramsmusek. Déi Tramsmuseker missten sech dobei jo frée können. Si kréien jo wuel awer eng Kéier nees en Tram!

Léon Zeches am Paperjam


Et ass éischter en Artikel iwer de Groupe Saint Paul den de Michel Gaudron do am Paperjam iwer den Léon Zeches geschriwen huet.
Randnotiz: A fir déijéineg di erwarden, dass ech lo iwer de Gaudron Pech a Schwiefel ausschedden, well den an engem net recherchéierten Artikel iwer mech a (m)enG klitzekleng Firma sou e Kabes a Gehässegkeeten verbreed hat, de kennt de Pol net su richteg...
Ma et ass e gudden Artikel, béi dem ech stark bedaueren dass et méi iwer de Betrieb geet, wi iwer den ganz interessanten Mensch Léon Zeches. Ma déi Arbecht iwerhelt da vleicht nach een vun denen pur excellenten Journalisten am Letzeburger Land. Besonnesch am Ufank vum Paperjam Artikel wou de Léon seet:
Il y a eu des moments très difficiles où je me suis même demandé si je ne ferais pas mieux de trouver un autre emploi, même à l’étranger. Et je ne parle pas de soucis sur le plan économique, qui sont assez nouveaux pour la maison.
Do hat ech gehofft et giff weider iwer dee remarkable Mensch Zeches geschwat gin, iwer den ech iwregens par hasard als éischten Text op desem Blog geschriwen hun, wi ech vum Léon sengem leschten Gielchen bei sengem Pobst gelies hat, an duecht lo giff en dann vu mengen kriteschen a lenke Frenn vleicht och als Persoun schaft attakéiert gin. Ma och dat huet sech jo a Grenzen gehal wat beweist, dass meng kritesch a satyresch Frenn intelligent sin an net zu onrecht "Frënn" vu mir senn. 
Randnotiz : Di Wirder "Frenn" a "Friends" mussen jo eigentlech seit hirer Inflatioun bei Facebook revidéiert gin. A wann-wi virgeschlon-  Friends1, F2, F3 asw  ugeholl get -firchterlech - da gehéiren suwuel meng kritesch Frënn an déi mi satyresch awer emmerhin an meng Klass F2oder dach emmerhin F3 !!.
Links:
Den Zeches Artikel am Paperjam

Dem Pol seng Noten iwer den Léon Zeches

Eng gudd Iddi - och fir Letzeburg?!!

Ech schengen nach net su richteg ze wessen wéi dat hei beim Blogging fonctionnéiert (Hellef?), soss wir den kecken Comment vun Anonymous zu menger Ambassadeur's Geschicht mi sichtbar hei.

Hei ass en also mal senger Iddi, di mer scho gefale kennt! (A sorry un d'Madame Farkas, dass mir hire Numm entfall war ):





Anonymous said...
dei sympatesch Alkoholikerin war wuel d'Mrs Farkas dei mat hiere Milliounen Aktien vu Walmart dem tricky nixon sei wahlkampf bezuelt hued. Deen US Brauch Spenden mat Amabassadeurposten u Millionären ze belounen fannen ech guer net emol esou schlömm, wann een bedenkt dat dei Leid sou mengen ech weinstens hier Land soss neischt kaschten an sie alles aus egener Tesch bezuelen. Vielleicht och eng gudd Idddi fir Letzebuerg
Virwat brauche mer ronn 30 Ambassadeuren vun dennen beschtefalls 5-6 eppes ze schaffen hun. Dei aaner Platzen kann een dach rouech un ausgemustert Arcelordirektoren oder Banquieren oder frusteiert Afekoten verdeelen dei dann och nach dofir bezuelen geefen..

Wat hells du dervun??

Randnotiz
An ir ech vum CIA verfollegt gin, well ech zur Mme Ruth Farkas folgendes klorstellen: AlkoholikerIn as fir mecht neischt Negatives. Dat ass eendeiteg eng Krankheet géint déi der vill schwéer ze kämpfen hun.   D'Ruth Farkas hun ech perséinlech kennegeléiert a si war eng politesch déterminéiertm intelligent a gleichzeiteg liewensleschteg flott Fra.  Voilà CIA! A wa si dem Alkohol net Meeschter gi wir, da wir se net réischt mat 89 Joer gesturwen. E Salut iwregens un hire fils Robin, den dat hei wuel nie wert liesen- den CIA mat Secherheet :-) ! 


Sunday, December 13, 2009

Di wuel schnellste Fangere vu Letzebuerg

hun ech geschter Owend an der Rockhaal erliewt.
Si sin ugewuess bei dem formidablen Remo Cavallini, engem jonke Musiker dén di lescht 15 Joer( a wuel méi) fir a mat senge Gitarren lieft!
Am Bereich Rock a Blues huet heen immens Villes ze bidden.  Ech hat hien schon e purmol als Accompagnateur vu Staren am Inouï erlieft, wou en emmer nees gär vun de front-Leit erugeloss gouff fir seng meeschterhaft Technik a Musikalitéit erauszelossen.
An natirlech konnt een en och schon oft am Süden, deels zesumme mat sengem Papp René Cavallini gesin an héiren.  Den René Cavallini brengt emmer nach vill eriwer an ass secher ee vun de beschte Autodidakten an der Letzeburger Blues Szene!
Dem Remo seng 1. CD koum och deser Deeg eraus, an ech wees net op e schon op iTunes ze kréeien ass.
Nach besser wi op der technesch a musikalesch perfekter CD kennt en awer wuel Life eriwer.
Sou wi dat och nees op Chreschtdag de 25. Am Beckerleck zu Déifferdeng z'erliewen ass.

Gescht mam Cousin René Macri (bass), mam Portugiesischen Virtuos Sergio Rodrigues op Hammond 3 an Fender Rhodes  an dem nach emmer méi perfekten Jeff Herr op Drums, war et jiddefalls e genialen Fun Owend am Süden. "Authentic South" war dat, an sou heescht och dem Remo Cavallini seng CD.

http://cavallini.lu

Pol's blog: "Hey Boss, where the heck is Luxembourg??"

Pol's blog: "Hey Boss, where the heck is Luxembourg??"

Friday, December 11, 2009

"Hey Boss, where the heck is Luxembourg??"

Pearle (oder Perle) Mesta war de Numm vun der éischter Fra di je amerikaneschen Ambassadeur irgendwou an der Welt war!   De President Truman hat se op Letzeburg gescheckt an den Irving Berlin hat aus hirer Geschicht e Musical gemacht : "Call me Madam".





Deser Deeg kennt lo (no der Perl Mesta, der Patricia Harris, an enger sympatescher Alkoholikerin der hire Numm mer net mi affällt) schon di 5. Amerikanerin an der amerikanescher Betongsfestung um Lampertsbirg un. D'Patricia Harris war iwregens och di éischt "African-American" Ambassador: Letzeburg ass also emmer irgendwéi en Terrain de Test fir aussergewéinlech Leit, di vill an d'Politik a sosswou investéiert hun, an da mat der Letzeburger Ambassade merci gesot kréien...
An déi Retsch gehéiert iwregens och den éischten homosexuellen amerikaneschen Ambassador, dé net manner sympateschen James Hormel dén enner greilege Protesten bei der amerikanescher Droite, während e Pur Joer um Boulevard Servais huet derfe wunnen.

D'Perle Mesta, huet laut Operett op der belsch-franséischer Grenz hire Boss Harry Truman ugeruff a gefrot: " Hey Boss, where the heck is Luxembourg??"
Di nei Ambassadrice, déi an Amerika virun allem als erfollegreichen Business Angel beschriwwen gett, ass deser Deeg mol vir eng Woch hei, an hat wuel kaum e Problem Letzeburg ze fannen.
Als Ambassadrice - a Wahlkampf Financier - vum Barrack Obama, dirft d'Cynthia Stroum et wuel méi liicht hei hun wi hir Virgängerin Ann Wagner, déi emmerhinn dé verhassten Terror-Präsident Georges W Bush hei huet misse vertrieden, a béi der eng ganz Reih Letzeburger mat Reckgrad, net op d'Receptioune gang sinn.

Mme Stroum, all d'Letzeburger an all Strummerten wenschen lo mol herzlech: welcome!

By the way:  et get och Amerikaner di nodenken, an di sech froen op d'Madame Stroum, déi jo rem eendeiteg hire bal hellegen Posten zu Letzeburg mat zid dausend Dollare kaaft huet, un hir Sue komme as.
Sou zB an enner villen den hei zitéierten Danube Logus dé sech verständlecherweis d'Fro stellt:

Danube Logus at 9/12/09 11:54 p.m.
The perennial political game of "pay-to-play" is alive and as well as ever before. All you fools who bought the "hope-and-change" nonsense are - again - looking stupid. 
Stroum - a "Woman of Valor?" Only in a society that lacks any virtue. Such titles belong to individuals who risk their lives in order to save the lives of others - not people who shell out their political bribery money to prostituting politicians.
Kuckt an dem Zesummenhank och de Blog vum Letzeburger Egide Thein, den seit ville Joer an Amerika wunnt an emmer e scharft Aa iwert  den Atlantik wirft :

Merci Egide Thein, dass du vu Florida aus op d'Landung vun der Mme Stroum opmirksam gemacht hues!

E starkt Steck: schwarz a schwul!!!


Op Facebook hun ech lo grad gesot:  Schwarz a schwul!! Ass jo awer och e bessi vill net?
Wann dat Gesetz durchgeet, giff ech erwarden dass ee vun eisen progressiven jeunes Parlementair'en eis Regierung giff interpelléiren a froen: giff Letzeburg e schwarzen Ugander ophuelen, De schul ass an dem a sengem Land d'Doudesstrof droht??

http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,666193,00.html

Haut hat ech en Accident!!!

Zwou Letzeburger Fraen, an der Mett vum Liewen...
Di zwou haten en Accident! 


Ech sin haut zur Mettesstonn mat mengem Scooter iwer d'nei Breck gefur, an hun bei engem Spurewiessel mat e bessi zevill Schwonk, zu menger Lenker en Audi TT um Spigel gestreift, sou dass mei Spigel emgeklappt ass. Klack-klack also!!
Dat ass natirlech typesch, wann su en eelere Borscht wi ech mat engem Töff durch d'Géigend braust, op dem een sech liicht eng Reih Jorzengter mi jonk virkennt wi een ass! Zevill Schwonk halt! 

Wat awer méi interessant ass, as d'Réactioun vun der jonker Dame am Audi TT di virtéischt direkt op der Neier Breck am decke Verkéier stoebliwen ass  an du op mein Hiweis: "alles meng Schold Madame, keng Suerg! mais kommt mer furen do op d'Seit!"  schliesslech an den Agank vum Bvd de la Pétrusse op d'Seit gefuren ass.
Di ca 35 jähreg stong enner starkem Stress an huet sech voll op d'Sach konzentréiert. Si hätt awer wuel dach op di gerengsten Aggressivitéit vu mir,  Feier gefang!
Si huet e klenge Krazer un hirem Spiegel festgestallt - wi ech der emmer op all mengen Autoen scho kurz nom Kaf x op alle 4 Ecker hat - an huet schliesslech gemengt, "hannen, ennelaangscht" wir och eppes.
Ech hu mein Rendez-vous ugeruff vir mei Retard unzekönnegen, mir hun  e volle Constat ausgefëllt an festgestallt, dass mer allen zwee bei der Axa sinn. Sie huet mech gefrot op u mengem Scooter neischt dru wir an ech hu gemengt, " e rullt jo mol nach :-) ", an ech hu meng Telefonsnummer, email etc gin.
De Metteg huet se mech schon rem ugeruff: sie war anzweschen schons an der Garage, et giff warscheinlech 500 € (Scheiss!) kaschten, an si giff mer dann uruffen, mar Samschdeg oder e Mendeg, fir weiderzegesinn!
Wat mech beschäftegt ass net su di en somme jo awer nach sympatesch Fra, mat der ech di rencontre hat, ma d'Observatioun vun enger Letzeburgerin, di villeicht Staatsbeamtin ass, oder anerwärts secher keng richteg Problemer an hirem Liewen huet, an déi wuel anzweschen schon all hire Frendinnen an hirer ganzer Famill ugeruff huet fir iwer den Evènement "Accident" am Detail z'erzielen. Warscheinlech fennt een och schon eppes op Facebook driwer!
An dann de Vergleich mat all dénen anere Leid, di wirklech Surgen hun - ech denken do un eng 40-järeg, di no 15 ganz erfollegreiche Jorr an enger Letzeburger Bank fiirchterlech vun engem sougenannte Manager gebeidelt a gemobbt gin war, di no 12 Méint ouni job an a permanenter Surveillance bei engem Psy, bei mech an de Coaching komm ass, an lo seit kurzem rem - mat Période d'Essai - op engem Job setzt, an di lo aus lauter Existenzangscht emmer nach net vill schlofe kann!
Zwou Letzeburger Fraen, an der Mett vum Liewen.
Di zwou haten en Accident!


Thursday, December 10, 2009

Haut,den 10.Dezember


Een Dag nom Jean-Claude Juncker - a villméi wichteg - een Dag no menger Duechter Viviane sengem Geburtsdag!

Ma loss mech also trotzdem versichen, op dat ee vun iech kann interesséiren.
Di Sachen di mir haut opgefall sin:
(ouni Hierarchie)


  • den Obama huet sech gudd aus der eigentlech penibler Nobel Preis geschicht erausgezunn. D'arm Schwein huet wirklech firchterlechen Drock vun nach emmer dene selwechten vun denen sech de Bush ouni Widderstand manipuleire geloss huet.   - Seng Ried haut huet fir mech zefrideestellend erklärt, dass heen de Préiss méi als eng Verpflichtung geseit, wi als en Reward. Ech hu weider meng Hoffnung, dass en di onseglech Kricher am Afganistan an am Irak zu Enn brenge werd. Dass do e schalen Vergleich mam Vietnam bleift, ass nun mol der amerikanischer Naivitéit an hirer Geilheet op Emsaz an Petrol asw zouzeschreiwen. 


  • En Artikel den ech haut an der Zeitung ganz grendlech a mat Zefriddenheet gelies hun, ass den vum Manuel Huss am Tageblatt an den mar sein zweeten a leschten Deel brengt. Ech hoffen dass de Manuel et ferdeg brengt desen Artikel och op sein Blog ze setzen, da werd ech en och hei verlinken.       Iwregens den jonken Huss beandrockt mech schon eng Zeit mat senge gesondten politeschen Iwerléungen (en hat och zwou Stemme vu mer kritt :-) ) an ech gin hei lo mol esou den url vu sengem Blog weider: Mol Sonn, mol Reen (Click mol dorop, t'ass derwert!)


  • Ech hu mech de moien als Board member vun der International School do am Gebei zu Merel opgehalen. Ech hoffen eng Kéier Zeit ze fanne vir doriwer hei ze schreiwen. Dat ass wirklech eng bemirkenswert Schoul, mat souvillen Elementer di total opposéiert sin zu eisem driepsegen Letzeburger Schoulsystem. Eigentlech bei honnert Punkten get do seit Joren bewisen, dass all dat méiglech ass, wat hei zu Letzeburg 30 Joer CSV - awer leider och d'Aennchen an lo d'Mady Delvaux net ferdeg brengen  -   demnächst méi hei! 


  • De ganze Metteg war ech - nach einem vortrefflichen Mittagsmal - mat zwee Business partner am Elch op der Gréiwelsbarrière. Do ass én - niewent oder no der Expérienz am Restaurant - uewenop an e pur agreablen Reim welcome fir ze poteren oder ze schaffen! Einfach formidabel, wann een an engem klengen Team eppes beschwetze well, dobei vleicht mol en klengen Zigar verdengt huet (sorry Marie Paule Prost - wirklech ganz selten ). Dat ass besser wi um Büro a schliesslech och méi efficace. 


  • Eng Anekdot: (der huet een der mam Alter emmer méih!!) ass hei fälleg: 
An de spéiden 60er Joaren wi ech jonke Journalistespunt am Journal war (zesummen mam Roby Goebbels!) ass zu Miersch (oder Ettelbreck?) eng Haushaltungsschoul ageweiht gin mat engem genialen Reportage am Letzeburger Wort (demols, virum Ruppert, nach grouss Format!).  Den Artikel huet geschwat vun "die lieblichen Mädchen" hei, an "die  lieblichen Mädchen" do, an de beschof Lommel woar derbei asw.  Dat ganzt huet natirlech mat engem super Iessen geendigt. An do stung dann an dene leschten Zeilen vum Wort-Artikel wurtwötlich dat hei: 

Nach diesem vortrefflichen Mittagsmal machte der Hochwürdigste Herr Bischof einen 

An domat war den Artikel eriwer!  Et muss e lo wessen dass déi Zeit, also virum Offset a Computer-Drock, all Zeil aus Blei gegoss war, an et war offensichtlech, dass dem Wort do di lescht Zeil abhande komm war!  Et konnt e jo nu wirklech net unhuele si giffen rapportéiren, den Här Beschof hätt do nom Iessen e klengen... 
An tatsächlech, wi mer gesicht hun, hu mer op der Sportseit vum Wort di verluren Zeil fonnt, di dann do geheescht huet: 

Rundgang durch das Gebäude. 

Just e kurzen Comment!

Et war eng Freed den Owend ze gesin, dass ganzer 59 Leit sech opgrond vun Facebook - well soss hun ech keng Reklam gemach - op mein Blog ageloggt hun!!
Merci fir den Intérêt an och fir Commentairen, hei an am Facebook.
Ech kucke mol op meng Disziplin stark genug ass fir weider zefuhren.- Ech si schliesslech net all Dach vum Irger gedriwen :-) !

Wednesday, December 9, 2009

Extremen Drock, grad viru Chreschtdag!!

Eng Erfahrung vun Deser Deeg dreift mech net nemmen op d'Spetzt, si dreift mech och derzou eppes ze schreiwen! 


Ech hat ugefangen desen Text op Facebook ze schreiwen, ouni mer bewosst ze sinn, dass een do nemme ganz kurz derf nodenken (dat ass jo och warscheinlich gudd esou) . Ma lo steet en hei, a lo liest vleicht och den een oder aneren et. Et hut mir scho guddgedon en ze schreiwen!


Ech hun di lescht 35 Joer mat villen CEO'en a Firmecheffen zesummegeschafft, di net nemmen a Sonndesrieden vun hirem Personal als dem wichtegsten "Asset" "Kapital" oder wéi emmer geschwat hun, ma déi hir Leit och respektvoll behaandelt hun a weider sou behandelen.  


Rezent gesinn ech awer leider emmer méi oft a Betrieber eran, wou op eng degoutant Manéier de leschten Centime aus Leit erangeholl gett, di weider eng excellent Arbecht machen, awer eben manner erabrengen, well de Mart et eben net hirget!!  . Besonnesch Schlemm ass dat natirlech am kommerzielle Bereich.  
Vill méi wi soss gin a leschter Zeit ganz schlemm Abus'en gemach un Matarbechter, vun denen de Patron weess, dat se keng aner Alternativ hun wi ze kuschen.  
Oder dann eben de Chomage. 
Ech kennen super Leit, di jorelang super Arbecht gemach hun, an déi lo dee firchterlechen Saz virgehal kréien den su immens originell ass, awer emmer nees d'nemlecht grujjelech klengt:  dobausse sti se Schlang fir deng Plaz!!!!!!


Wéi gin sou Leit heem an hir Famill, wéi sollen sie hirer Famill nach Freude a Glückseligkeit virspillen, wann d'Buche en Chreschtdag am Hals stieche bleift?

Et brengt bei mir Briechreiz erop wann ech gesin mat wat fir enger Hemmungsklosigkeet  lo emmer méi op de Rapport um Enn vum Joer gekuckt gett! Di berühmt a secherlech wichteg Bottom-Line schwellt emmer méi iwer de Mönsch ewech, op dem weider eremgeklappt get!


Natirlech sin och des sougenannt Scheffen enner Drock fir hiren Job. 
Awer et gett Mettelwéer! 
Et ass wi oft eng Sach vu Stil, a vum "Ton macht die Musik" .Et get der sugur di mam Kapp héich bei hir Virgesetzte gin an d'Stir bidden. Dat sin fir mech di Leit di Medaillen verdengen, a net déi di 20 Joer hiren job gemach hun als Bréifdréier, Musikant, Pompjé oder Journalist!!
Ech coachen zur Zeit esou e richtege Mann , fir en zreck an d'Arbechtsliewen ze brengen. Hen huet seng Arbecht als Manager verlur, well en de knaschtegen Cyclisten Job refuseiert huet! He setzt lo och verzweifelt um Arbechtsmart ...
E wollt a konnt eben net wi seng Kollegen Manager de Cyclist spillen:
no Uewen becken an no ennen Trieden!


Ech hu schon elo mein Gefill derfir a wat fir Betrieber zu Letzeburg di éischt Suiziden kommen werten, wenst desem Iwerdrock!! France Telecomm ass net iwerall, ma et gett den onhemlechen Drock och hei zu Letzeburg an enger Reih vu "éierbaren" Heiser !










_______________________________________________________________________________

Et wir natirlech formidabel wann den een oder aneren hei en intelligenten Commentaire oder Virschlag giff machen.
Fir e Commentaire hei ofzegin ass zimlechj topeg ma einfach:
Click enner dem Blog Text op "Links to this post"
An durno dann op "Comment"


Du kanns iwregens bei dengem Comment einfach dei Numm aginn, ouni dass de dech irgendwou muss androen. Sugur "Anonym" geet, méi di anonym texter passe besser an d'Wort.










_______________________________________________________________________________

Meng email Adress en privé ass pol@wirtz.com










_______________________________________________________________________________



Thursday, November 26, 2009

Lo get de Léo Zeches auserneen geholl!

De Léon Zeches vum Wort huet deser Deeg vun sengem Popst eng heich Auszeechnung kritt, an dat werd mat Secherheet rem eng Lawin vun Presse-Artikelen provozéiren.


Dat sin su di Sachen di mech emmer nees un d'Grübelen brengen.


Ech kennen de Zechese Léo seit villen Joer als e voll iwerzeechten Kato den sein professionnelt Liewen durch mat vollem Asaz an - aus senger Siicht - mat vollem Erfolleg aus senger Perspektiv fir seng Sach gelieft huet.  He wees ganz gudd dass ech dat ganzt Kirchen-Gedröns komplett oflehnen an als schrecklech negativ fir eis Gesellschaft ugesin.


Awer bei all eisen widerhuelten Treffen - throughout our life - war hen mat mir emmer op gleicher Aenhéicht  voller Respekt a gesondem Menscheverstand.
Hen ass e ganz sensiblen Mensch, den och géintiwer Kollegen vun ausserhalb sengem schwarzen Haus - wi zB dem Alvin Sold an dem Danièle Fonk- emmer mat Respekt a Verständnis opgetrueden ass.
Di lescht Joeren huet hen agesin, dass seng kathoulesch Vuen sech missten veränneren. Ech mengen en huet sech zum Deel dergéint gesteipt an zum Deel huet en sech drecke geloss!
Et bleift mer weiderhin onverständlech, dass en déi pafeg Hypokrisie wi zB an den Affären em de Jhemp Schuster - a vill anerer - a sengem Haus geschéien konnt lossen! En huet wuel a sengem internen Kampf géint su Leid wi den extrem schwarzen a perfiden Clan op der Bistumsseit - Schiltz a Konsorten - missen Wasser an sei Wein schedden. Dass a wofir en domat sein zweeten "hellegen" Prinzip vum propperen Journalismus ouni Zensur  permanent selwer boykottéiert huet, kann e mer vleicht eng Kéier erklären!
Ass en also de feinen Kärel den ze schwach war fir sech géint all dat ze wiren wat u Negativem vun der schlemm pafiger Seit op en zoukomm? Huet en souvill Kompromisser acceptéiert, dass en sech domat u senger Journaliste Séil sou stark "versendegt!" huet?
Ech ka mer net virstellen dass e soll sou perfid gewiescht sin, dass en domat all déi, di en mi no kennegeléiert hun, gewollt getäuscht hätt!
En huet mir an engem Gespréich zu zwee viru net allzelang iwer wuel eng vu senge schlemsten Phasen a sengem Liewe geschwat, an ech war em menschlech do sou no, dass et mir werd schwéier falen die perséinlech Attacken ze liesen, di deser Deeg wuel iwer de Léo perséinlech ewechgoe werten.
Beruflech, an all dem wat e gemach oder matgemach huet - wert en et wuel leider verdengt hun! Ech hoffen dass meng laizistiesch an antiklerikal Frenn net all ze perséinlech mat em emgoe werten!


Randnotiz: Iwregens di schlemm Phase vun der ech uewen geschwat hun, dat war déi mat dem onseeglechen Charel Ruppert.  Den hun ech selwer als dermossen en Charakterschwein erlieft, den nu wirklech hemmungslos iwer Leichen klemmt fir virun ze kommen. Mir grujjelt et haut nach, wann ech un d'Erfahrungen vum Léon Zeches an aneren héiren, wat sech während dem Passage vun dem Ego-Geploten Ruppert um schwarzen Gasperecher Birg ofgespillt huet. Dat ka bei dem hypokriten an respektlosen Egoman Ruppert virdrun bei der KBL (Kredietbank) wuel och net besser gewiescht sin. 
Do ass nun wuel wirklech Blutt a Schwees enner den Diren durchgefloss! Do sinn schliesslech nom Ruppert-Rausschmiss vill Méint vun Dépressiounen iwreg bliwen!
(Wat mecht iwregens de Paul Zimmer haut?).
Ma op d'Persoun Charel Ruppert werd ech mech net enthale können, hei a menge Gedanken eng Kéier zreckzekommen!
Ech wenschen dem Léon Zeches, dass en sech tescht seng Bicher a seng Famill a Rouh zreckzéie kann. Sei Wort as beim Paul Lenert a gudden Hänn. Dat brauch lo souwisou méi en Wirtschaftler wi e "Geeschtlechen" fir z'iwerliewen!
Vleicht begleckt de Zechesse Léo eis enges Dags mat éierlechen Mémoiren, déi sich un di Leit wenden di en appréciéiert hun. Wann et Mémoiren gin, di sech ehrerbietigst un den alen Wortlieser a Letzeburger Katho-Mief wenden, mat engem schiele Seitebleck a Richtung Opus Dei an Abbé Schiltz, da werd ech se schnell op d'Seit léen.
Ech wees de Léo kann die zwee Bicher schreiwen-och wann nemmen eent liesenswert wir!

Wednesday, November 25, 2009

Haut!

Ma loss mech also trotzdem versichen, op dat ee kann interesséiren.
Di Sachen di mir haut positiv opgefall sin:
(ouni Hierarchie)

  • den Obama huet sech gudd aus der eigentlech penibler Nobel Preis geschicht erausgezunn. D'arm Schwein huet wirklech firchterlechen Drock vun nach emmer dene selwechten vun denen sech de Bush ouni Widderstand manipuleire geloss huet.   - Seng Ried haut huet fir mech zefrideestellend erklärt, dass heen de Préiss méi als eng Verpflichtung geseit, wi als en Reward. Ech hu weider meng Hoffnung, dass en di onseglech Kricher am Afganistan an am Irak zu Enn brenge werd. Dass do e schalen Vergleich mam Vietnam bleift, ass nun mol der amerikanischer Naivitéit an hirer Geilheet op Emsaz an Petrol asw zouzeschreiwen.
  • En Artikel den ech haut an der Zeitung ganz grendlech a mat Zefriddenheet gelies hun, ass den vum Manuel Huss am Tageblatt an den mar sein zweeten a leschten Deel brengt. Ech hoffen dass de Manuel et ferdeg brengt desen Artikel och op sein Blog ze setzen, da werd ech en och hei verlinken.       Iwregens den jonken Huss beandrockt mech schon eng Zeit mat senge gesondten politeschen Iwerléungen (en hat och zwou Stemme vu mer kritt :-) ) an ech gin hei lo mol esou den url vu sengem Blog weider: Mol Sonn, mol Reen
  • Ech hu mech de moien als Board member eng Stonn an der International School opgehalen. Ech hoffen eng Kéier Zeit ze fanne vir doriwer hei ze schreiwen. Dat ass wirklech eng bemirkenswert Schoul, mat souvillen Elementer di total opposéiert sin zu eisem driepsegen Letzeburger Schoulsystem. Eigentlech bei honnert Punkten get do seit Joren bewisen, dass all dat méiglech ass, wat hei zu Letzeburg 30 Joer CSV - awer leider och d'Aennchen an lo d'Mady Delvaux net ferdeg brengen  -   demnächst méi hei!