Wednesday, December 16, 2009

Lo schéisst Israel op Apple Powerbooks!!



Di Nouvell um Lily Sussman sengem Blog huet mech fir d'eischt natirlech als Apple Fan erschreckt.
Awer et soll een di Experienz vum Lily scho mol liesen - mat engem méi politesche Bleck!
Israel behellt sech tatsächlech lo scho vill ze laang als politescht Schwéin! An Israel gesin se all dat als normal un, well se sech géint di - allermeeschtens zurecht - opbruechte Palästinsenser mat enger masslos iwerdriwener, weit iwer-eifriger, hysterischer Defense wiren.
Wi hei am Fall wou se den Apple PowErbook op der Grenz "erschoss" hun!
Absolut onmosseg!
Wi  am Fall wi se 300 Kanner am Gaza gekillt hun fir do "fir Rouh" ze surgen.
Wi am Fall wu se permanent mat hiren emmer nach hemmungslos mat-responsablen amerikanesche "Frenn" all UN Resolutioun ennerwanderen an mat Verurchtung mesuechten.
Wi am Fall vun der Schandmauer déi se entgéint de Warnungen vu bal allen Länner op der Welt weider opriichten.
Wi am Fall vun hire weideren Annexiounen vun Terrain'en di hinnen no kengem Recht vun der Welt zoustinn!
Wi am Fall vun all hirer Zerstéirungswut déi sie (a si nennen sech ziviliséiert!!) un hiren Noperen auslossen!
Wi am Fall och wu se konsequent hiren ("onziviliséierten") Noperen all Beméiung em Zivilisatioun futti machen: si bommben hir Schoulen, klauen hinnen Drenkwasser, zerstéiren konsequent di Anlagen zB fir Geméissbau, déi d'Palestinenser zB vu Letzeburg an anere Frenn geschenkt kréien!

Wann ech am Fall vum Lily Sussmann gewierscht wir, séitz ech lo an Israel am Prisong! Ech
Awer dat ka mir net virkommen!  Ech hun am Joer vum 6 Day War 1967  6 Wochen du verbruecht, a beobachten dem Land seng pervers Entwecklung zimlech konsequent.
An Israel werd wuel kee mech méi gesin!!

Mei Papp war 1939 géint den Afall vun de Preisen zu Echternach zimlech aktiv. Hen huet do och em zB d'Echternoacher Breck mat Sprengstoff agéiert. An d'Preisen haten heen demols op enger Lescht vun "Terroristen".
Wann d'Preisen no 60 Joer nach zu Letzeburg wären, wi d'Israelien seit spéitestens 1967 am Westjordanland, da wir ech haut och wuel en Terrorist. Wi mei Papp, eisen Albert ee war!

4 comments:

Jean-Louis Schlesser said...

Ech si keen Apple-Fan mee dat do geet wierklech ze wäit. Dat ass eng Onverschimmtheet am biblesche Sënn vum Wuert. Oh Israël, wi soot schon den Theodor Herzl zu sengen Zionisten wi e gestuerwen ass: "A macht keng Dommheeten wann ech fort sin!"

Iwwerhapt Israël. De muergen héiren ech op RTL wi den Alain Meyer an engem Reportage vum Nico Graf eng Chronistin, d'Margret Biermann, op dat aller schäerfst ugräift. Limit zemols well den Alain Meyer jo normalerweis eng ziviliséiert Persoun ass.Ech hu versicht bäi RTL.lu déi Chronik ze fannen mee hat awer kee succès.
Weess enn wat d'Margret Biermann soot oder kann ee mer soën wou ech un den Text kommen?

Unknown said...

RTL huet d'Chronik offline geholl sin ech geschter Owend gewuer gin. Dat eenzegt dart ech weess as dat d?Mme Biermann perséinlech eng Rei vu jiddesche Matbierger opgefuedert huet sech vun der israelescher Politik ze distanzéieren.
Geng de Bäitrag och gäer heieren, well tescht deenen déi driwwer geschwat hun Oneenegkeet wor, ob de Skandal de Bäitrag wor (Carte blanche heescht jo awer wat et heescht) oder de Fait dat RTL de Bäitrag vum Web geholl huet.

Henri Juda said...

wöll mech hei kurz mat e puer Reflexiounen mellen.
1) Hun mengem Frönn Alain Meyer seng Aussoen am Numm vum Consistoire um Radio heirena sin durchaus domatter averstanen.
2) Hun den incrimineierten Artikel vun der Mme Biermann net gelies well hien net mei bei RTL um site ass. Dofir kann ech och net am detail doriwwer meng Meenung soen.
wannt Mme Biermann do Verschiddenes am Context letzebuerger Juden an Israel durcheneen geheid hued, dann ass dat duerchaus onkorrekt. Mais eng zevill nevroseiert Aentwert an Attacken mat engem Sous-Entendu vun Antisemitismus (wei och schuns geint Mme Fonck vum tageblatt erliewt , ass Uelech ant Feier schedden.
3) Wann den RTL dei carte blanche wirklech ob desen Drock hin de Beitrag aus dem Web gehull hued gesin ech dat als en absoluten Skandal un.
4) ze Israel a senger Politik ass schrecklech vill ze soen , Villes kann ech net mei no vollzeien an nach manner verstoen a schu guer net akzepteiren . Et soolt een just och akzepteiren dat och bei de Jordanier an den Egypter dei verdriwwen Palestinenser nie anstännesch behandelt gi sin ..
5) de Pol ass vun engem Apple powerbook mat drei Lecher vun engem topesche 18 jährigen Grenzzaldot esou obbruecht , dat hien desen Akt vergleicht mat dem Gazakrich an dem no senge Wieder express 300 Kanner gekillt gi wieren, fir Rouh ze kreien. ...
dat, leiwe Pol , loassen ech awer wierklech net göllen . och net weins deene Kanner an deenen aaneren Victimen ob den 2 Seiten.

Anonymous said...

Notwendigkeit zu uberprufen:)