Sunday, December 13, 2009

Di wuel schnellste Fangere vu Letzebuerg

hun ech geschter Owend an der Rockhaal erliewt.
Si sin ugewuess bei dem formidablen Remo Cavallini, engem jonke Musiker dén di lescht 15 Joer( a wuel méi) fir a mat senge Gitarren lieft!
Am Bereich Rock a Blues huet heen immens Villes ze bidden.  Ech hat hien schon e purmol als Accompagnateur vu Staren am Inouï erlieft, wou en emmer nees gär vun de front-Leit erugeloss gouff fir seng meeschterhaft Technik a Musikalitéit erauszelossen.
An natirlech konnt een en och schon oft am Süden, deels zesumme mat sengem Papp René Cavallini gesin an héiren.  Den René Cavallini brengt emmer nach vill eriwer an ass secher ee vun de beschte Autodidakten an der Letzeburger Blues Szene!
Dem Remo seng 1. CD koum och deser Deeg eraus, an ech wees net op e schon op iTunes ze kréeien ass.
Nach besser wi op der technesch a musikalesch perfekter CD kennt en awer wuel Life eriwer.
Sou wi dat och nees op Chreschtdag de 25. Am Beckerleck zu Déifferdeng z'erliewen ass.

Gescht mam Cousin René Macri (bass), mam Portugiesischen Virtuos Sergio Rodrigues op Hammond 3 an Fender Rhodes  an dem nach emmer méi perfekten Jeff Herr op Drums, war et jiddefalls e genialen Fun Owend am Süden. "Authentic South" war dat, an sou heescht och dem Remo Cavallini seng CD.

http://cavallini.lu

No comments: