Sunday, April 11, 2010

d'Gölle Fra : e Beispill vun Internet Demokratie zu Letzeburg

Et ass méiglech, dass den 
Tread hei nach weidergeet, 
awer ech wollt en lo mol 
als Beispill huelen fir  
drop hinzeweisen wi Inter-
net ganz positiv am Kader
vun enger Demokratie 
funktionéiren kann, a wéi 
se sugur mat manner jonke 
Politiker wi dem Robert Goebbels beispillhaft kann ugewannt gin, fir Leit aus allen Alteren rem e beschen de Gout op Politik zreckzegin.


Et sin seit de Chamberwalen zwar eng ganz Retsch vu Politiker am Facebook präsent, awer bei denen meeschte vun hinnen geet dat net weit driwer eraus dass hirt Sekretariat mat oppasst, dass keng negativ Kommentären do optauchen "andernfalls schlägt auch hier die Zensur zu", genausou wi op de Seiten vun desem oder dem ( och lenks a fortschrettlech orientéierten!) Verlagshaus.


Bei de Politiker di ech d'Eier hun zu mengen Facebook Friends ze zielen - an do sin der nun mol aus alle Parteien derbei - geschitt wirklech net vill oder gur neischt. De Xavier ass den aktivsten, well en all pur Deeg eng Retsch nei "Friends" kritt, an heinsdo huet heen um Facebook och mol eng Meenung; dann as interessanterweis di eeler Generatioun mam Robert Goebbels - awer och d'Simone Beissel - emmer nees mat enger Meenong hei oder do vertrueden.


Bei denen aner setzen d'Spannen hir Netzer um Netz, a se werten warde missen, bis kurz virun de Wahlen nees dest oder dat passéiert.
Schued!  
Dat wat mir kenne machen ("wir das Volk"), dat ass hinnen Froe stellen, a kucken ween d'Jicken huet fir z'entwerten!


Hei dann mein Beispill, dass et jo awer fonctionnéiert. Ech hat eng Foto aus dem Wort mat der ganz blenkecher Göllefra zu Schanghei mat engem kurze Kommentär hei publik gemach. A scho gung et lass_


A wi eise Senior Politiker Robert Goebbels (ech stelle mer e vir mures fréi an sengem Hotelszemmer zu Schanghei) gesin huet wat hei su durch Netz gegeeschtert ass, du huet hien (net vir d'eischt) zu sengem LabTop gegraff an dat gemach, wat en am allerbeschte kann: seng Meenung geschriwen.


Hei en Copie dee Wurtwiessel mam Jeannot Aach, Robert Goebbels, Jeanine Rehlinger, Liliane Watgen 
asw am FaceBook. An dat alles innerhalb vu wéinige Stonnen: spontan, offen, éierlech, ouni een ze verletzen - einfach gudd!


Pol Wirtz Also wann d'Gelle Fra lo ausgeseit wi op der Foto (?) vu Shanghai, da fannen ech elo schon dat Ganz ass eng Erfolleggeschicht! Donieft geséit di mikreg Mierjongfra vu Kopenhagen wuel weider mikreg aus.
A wan d'Wort di Gelle Fra mat hirer stolzer Figur dann lo als "Luxemburger Nationalsymbol" durstellt, da kann ech nemme soen there's progress all over!!




Yesterday at 13:40  ·  ·  · Share

Marion Muller
Marion Muller
eis Gëllefra virum Hexenhäuschen!
Yesterday at 15:13 · 
Jeannot Aach
Jeannot Aach
d'ass egaal, d'Chinesen hun eis Gelle Fraa nët verdéngt.
Oder kommen op engem Panneau niewendrun d'Explikatiounën stoën waat sie eigentlëch symboliséiert (op chinesëch an englëch)?????
Yesterday at 16:46 · 
Jeannine Rehlinger
Jeannine Rehlinger
Jo waat ass eigentlech d'Bedeitung vun der "gëlle Fra", ech hun et leider vergiess an ech hun se och nie gesinn, well wéi ech d'Land verlôss hun, stong se net op hierer Plâtz.
Yesterday at 16:55 · 
Jeannot Aach
Jeannot Aach
@Jeannine Rehlinger:d'Gëlle Fra as é Monument du Souvenir un d'Letzebuerger Zaldoten, déi am 1. an am 2. Weltkrich, an am Koreakrich (GéINT D'CHINESEN) gefall sin. Méi Detailler op Wikipedia...
Yesterday at 17:14 · 
Jeannine Rehlinger
Jeannine Rehlinger
Merci Jeannot, da gin ech emol bei Wikipedia kucken
Yesterday at 17:43 · 
Liliane Watgen
Liliane Watgen
Joo mee dat daerfen Chinesen awer net gewuer gin..soss get sie schnell zougehang....
Yesterday at 18:00 · 
Robert Goebbels
Robert Goebbels
Als déi Béesen, dén d'Gella Fra bei dée" knaschteg" Chinesen entfou'ert huet, därf ech zur Steiereung vun den Wourecht vlaicht e puer Fakten beidro'en.
D'Gelle Fra ass é Bestanddél vun engem Monument, dén den Doudegen vun alle Kricher gewidmet ass. De Monument du Souvenir ass entstaan nom eschten Weltkrieg. De Claus Cito huet drei Sklupturen geschaf, d'Gelle Fra, an é Mann, dén en dodegen Zaldot bewacht virum dem Sockel, dén de Monument du Souvenir duerstellt.

D'Gelle Fra ass eigentlech eng Nobildung von der griechescher Siegesgöttin "Niké", dé den Letzebuerger Zaldoten vum 1. Weltkrieg (virun allem Zaldaten vun der franzéscher "Légion Etrangère") é Loorfbeerkranz opsätzt.

D'Nazi'en hun 1940 "d'Gëlle Fra" vun hirem Sockel gezun. Dobei ass Statue zerbrach. Nom 2, Weltkriech ass de Monument du Souvenir och fir d'Affer vum désem Krich konsakré'ert gin, an ann de 60er Jo'rten och fir d'Affer fum Korea-Krieg. Démols stong d'Gelle Fra net op hierem Sockel.

Si ass eréscht l985 erem neigeformt , an op hieren Sockel gestallt gin. Et also falsch ze behapten, léwen Jeannot Aach, d'Gelle Fra wär e Symbol fir de Korea-Krich. Während dem Korea-Krich, a bis 1985 luech dat gudd Médchen ennert dem Stadium op der Areler Stross, an et huet ké Mensch sech drem gekemmert, bis de Josy Braun am Tageblatt seng Kampagn fir d'Gelle FGra gestart huet.

Jidferén därf an d'Gelle Fra déi Symbolik lé'en, déi hien wellt. D'Wourescht ass awar, dass et eng "Oeuvre d'Art" ass, déi elo fir 6 Méint zu Shanghai stét, an do Milliounen Menschen begéschteren wärt!
Yesterday at 22:05 · 
Jeannine Rehlinger
Jeannine Rehlinger
Ech hu mech scho gewonnert, well meng Mam huet mer als Kand vun der gëlle Fra erzielt, déi jo net méi do wor, well d'Nazien se vum Sockel geholl hâten. Also kann se jo wuel schlecht fir d'Opferen vum 2. respektiv Koreakrich gewiecht sin.
Yesterday at 23:17 · 
Jeannot Aach
Jeannot Aach
daat ganzt Monument (also inklusiv de Sockel) gët am Allgemengen als "Gëlle Fra" bezeechent.

@Robert Goebbels: könnt eng Plak oder é Panneau mat dénen richtechen Explikatiounën iwer hie Geschicht a Symbolik niewt d'Saïl??????????
13 hours ago · 
Robert Goebbels
Robert Goebbels
Jeannot,
Du hues Recht, am Volleksmond héscht de ganze Monument "Gelle Fra". Mais vun 1940 bis 1985 war d'Statue net drop. Démols ass de Monument fir den 2. Weltkrieg an och de Korea-Krieg konsakré'ert gin, awer ouni d'Statue. D'Féhlen vun der Statue huet net verhennert, dass während 40 Jo'er um Monument du Souvenir patriotesch Manifestatiounen do stattfond hun. Während den 8 Méint, wou d'Statue elo nés net do stéet, können och patrioesch Mainfestatiounen um Monument ofgehalen gin. De Patriotismus, so hoffen ech, ass jo net nemmen vun enger Statue ofhängeg.

Demnächst wärd de Kulturministèr Panneaux'en opstellen, dé d'Situation explizé'eren

D'Jeannine huet alles richteg erfaast.
12 hours ago · 
Jeannot Aach
Jeannot Aach
O.K. D'Panneaux'en och zu Shanghai????? Fir mech wär daat richtëg an wichtëg.
12 hours ago · 
Robert Goebbels
Robert Goebbels
Zu Shanghau stét um Sockel , op Englesch an op Chinesesch - Grand Duchy of Luxembourg - The Golden Lady, sculpture by Claus Cito.

Fir d'Interessenten wärten mier och a fact sheet bewréthaalen, dén d'Geschicht vun der Statue erklàrt,
12 hours ago · 
Jeannot Aach
Jeannot Aach
Ech sin enttäuscht. I am disappointed.(no guts).*=^"§¨#".
11 hours ago · 
Robert Goebbels
Robert Goebbels
Enttäuscht iwer waat? Waat hess Du Dir erwart? The mighty mouse from Luxembourg, winner of the Kortean war? Nach eng ké'er, d'Gelle Fra wor absent a vergiess während dem Korea-Krich. Si wuer ni als Kriegerbraut geduecht.
7 hours ago · 
Jeannine Rehlinger
Jeannine Rehlinger
Et geet een net an e Land op Besuch, fir hinnen dann ennert Nues ze haalen waat se alles falsch gemâch hun. Entweder bleift een dann ewech aus Protest oder déi Schrëtt ginn op enger âner Ebene gemâch. A wann mer all déi Länner meiden, déi eppes falsch gemâch hun an der Geschicht, dan hu mer nët méi vill Méiglechkeeten ze reesen.
5 hours ago · 
Robert Goebbels
Robert Goebbels
Chère Jeannine, Dir hut 1000 Mol Recht. Op der Expo zu Shanghai sin 193 Länner vertrueden. Ként ass do , fIr de Gastgeber "eng lang Nues ze machen", aal Wonnen opzereissen oder Lektiounen ze erdéelen. D'Expo Shanghai wellt fir eng besset Welt werben. Dat soll keng vun Kricher sin.
3 hours ago · 
Jeannine Rehlinger
Jeannine Rehlinger
Et ass schon richteg dass China net grâd e positiv Beispill fir Menscherechter ass. Dât brengt engersaits den Kommunismus mat sech an de Fakt, dass een eenzelt Menscheliewen bei den Asiaten sowiesou keng grouss Wichtegkeet huet. Âwer waat dât betrefft do ginn et der nach méi. Et kann een nëmmen hoffen dass et hinnen fir d'Zukunft eescht gemengt ass mat enger "besserer Welt". Ech wor emol do an ech färten de Moment, wou se ganz liberal gin, an hieren Leit onageschränkt den fraien Handel an d'Reesen erlâben. Da gi mer iwwerrannt, well flaisseg an erfollegsorientéiert sin se!
about an hour ago · 




1 comment:

EGIDE THEIN said...

Pol: Am beschten dréckt d' Meedchen selwer sech hei aus. Et ass ee Resumé queesch duerch d' Lëtzebuerger ëffentlech Meenung. Souwäit een dat vu wäit kann gesinn. Et schéngt mir eng gutt Operatioun ze ( Pardon, Tse ) sinn. Et ass dat flottst op der Plaz:
http://peckvillchen.blogspot.com/2010/04/d-gelle-fra-scheckt-schein-greiss-vun.html
Dien Succès strooft natierlech all déi Apprehensiounen déi d' Leit haten wéi et ugaang ass. Et war eng wuelverstanen Reaktioun fir d' Meedchen ze protégéieren. Zur Erënnerung wat deemools gesot gouf.
http://peckvillchen.blogspot.com/2010/02/gelle-fra-gei-nit-china.html