Thursday, December 10, 2009

Haut,den 10.Dezember


Een Dag nom Jean-Claude Juncker - a villméi wichteg - een Dag no menger Duechter Viviane sengem Geburtsdag!

Ma loss mech also trotzdem versichen, op dat ee vun iech kann interesséiren.
Di Sachen di mir haut opgefall sin:
(ouni Hierarchie)


  • den Obama huet sech gudd aus der eigentlech penibler Nobel Preis geschicht erausgezunn. D'arm Schwein huet wirklech firchterlechen Drock vun nach emmer dene selwechten vun denen sech de Bush ouni Widderstand manipuleire geloss huet.   - Seng Ried haut huet fir mech zefrideestellend erklärt, dass heen de Préiss méi als eng Verpflichtung geseit, wi als en Reward. Ech hu weider meng Hoffnung, dass en di onseglech Kricher am Afganistan an am Irak zu Enn brenge werd. Dass do e schalen Vergleich mam Vietnam bleift, ass nun mol der amerikanischer Naivitéit an hirer Geilheet op Emsaz an Petrol asw zouzeschreiwen. 


  • En Artikel den ech haut an der Zeitung ganz grendlech a mat Zefriddenheet gelies hun, ass den vum Manuel Huss am Tageblatt an den mar sein zweeten a leschten Deel brengt. Ech hoffen dass de Manuel et ferdeg brengt desen Artikel och op sein Blog ze setzen, da werd ech en och hei verlinken.       Iwregens den jonken Huss beandrockt mech schon eng Zeit mat senge gesondten politeschen Iwerléungen (en hat och zwou Stemme vu mer kritt :-) ) an ech gin hei lo mol esou den url vu sengem Blog weider: Mol Sonn, mol Reen (Click mol dorop, t'ass derwert!)


  • Ech hu mech de moien als Board member vun der International School do am Gebei zu Merel opgehalen. Ech hoffen eng Kéier Zeit ze fanne vir doriwer hei ze schreiwen. Dat ass wirklech eng bemirkenswert Schoul, mat souvillen Elementer di total opposéiert sin zu eisem driepsegen Letzeburger Schoulsystem. Eigentlech bei honnert Punkten get do seit Joren bewisen, dass all dat méiglech ass, wat hei zu Letzeburg 30 Joer CSV - awer leider och d'Aennchen an lo d'Mady Delvaux net ferdeg brengen  -   demnächst méi hei! 


  • De ganze Metteg war ech - nach einem vortrefflichen Mittagsmal - mat zwee Business partner am Elch op der Gréiwelsbarrière. Do ass én - niewent oder no der Expérienz am Restaurant - uewenop an e pur agreablen Reim welcome fir ze poteren oder ze schaffen! Einfach formidabel, wann een an engem klengen Team eppes beschwetze well, dobei vleicht mol en klengen Zigar verdengt huet (sorry Marie Paule Prost - wirklech ganz selten ). Dat ass besser wi um Büro a schliesslech och méi efficace. 


  • Eng Anekdot: (der huet een der mam Alter emmer méih!!) ass hei fälleg: 
An de spéiden 60er Joaren wi ech jonke Journalistespunt am Journal war (zesummen mam Roby Goebbels!) ass zu Miersch (oder Ettelbreck?) eng Haushaltungsschoul ageweiht gin mat engem genialen Reportage am Letzeburger Wort (demols, virum Ruppert, nach grouss Format!).  Den Artikel huet geschwat vun "die lieblichen Mädchen" hei, an "die  lieblichen Mädchen" do, an de beschof Lommel woar derbei asw.  Dat ganzt huet natirlech mat engem super Iessen geendigt. An do stung dann an dene leschten Zeilen vum Wort-Artikel wurtwötlich dat hei: 

Nach diesem vortrefflichen Mittagsmal machte der Hochwürdigste Herr Bischof einen 

An domat war den Artikel eriwer!  Et muss e lo wessen dass déi Zeit, also virum Offset a Computer-Drock, all Zeil aus Blei gegoss war, an et war offensichtlech, dass dem Wort do di lescht Zeil abhande komm war!  Et konnt e jo nu wirklech net unhuele si giffen rapportéiren, den Här Beschof hätt do nom Iessen e klengen... 
An tatsächlech, wi mer gesicht hun, hu mer op der Sportseit vum Wort di verluren Zeil fonnt, di dann do geheescht huet: 

Rundgang durch das Gebäude. 

No comments: