Showing posts with label Wort. Show all posts
Showing posts with label Wort. Show all posts

Friday, February 5, 2010

Nach dem Mittagsmahl, machte der Herr Bischof einen...

Haut war ech rem de ganze Nometteg - nach einem vortrefflichen Mittagsmahl - mat zwee Business Partner am Elch op der Gréiwelsbarrière.
Do ass én - niewent oder no der Expérienz am Restaurant - uewenop an e pur agreablen Reim welcome fir ze poteren oder ze schaffen! Einfach formidabel, wann een an engem klengen Team eppes beschwetze well, dobei vleicht mol en klengen Zigar verdengt huet (sorry Marie Paule Prost - wirklch ganz selten - an demnächst gur netméi!! ). Dat ass besser wi um Büro a schliesslech och méi efficace!

Eng Anekdot: (der huet een der mam Alter emmer méih!!) ass hei fälleg:

An de spéiden 60er Joaren wi ech jonke JournalisteSpunt am Journal war (zesummen mam Roby Goebbels!) ass zu Miersch (oder Ettelbreck?) eng Haushaltungsschoul ageweiht gin mat engem genialen Reportage am Letzeburger Wort (d'Wort war demols -  virum Ruppert, nach grouss vu Format!).  
Den Artikel huet geschwat vun "die lieblichen Mädchen" hei, an "die  lieblichen Mädchen" do, an de beschof Lommel woar derbei asw. 
Dat ganzt huet natirlech mat engem super Iessen geendigt. An do stung dann an dene leschten Zeilen vum Wort-Artikel wurtwörtlich dat hei:

Nach diesem vortrefflichen Mittagsmahl machte der Hochwürdigste Herr Bischof einen


An domat war den Artikel eriwer!

Et muss e lo wessen dass déi Zeit, also virun Offset a Computer, all Zeil aus Blei gesat war, an et war offensichtlech, dass dem Wort do di lescht Zeil abhande komm war!  Et konnt e jo nu wirklech net unhuele si giffen rapportéiren, den Här Beschof hätt do nom Iessen e klengen...

An tatsächlech, wi mer gesicht hun hu mer op der Sportseit vum Wort di verluren Zeil fonnt, di dann do geheescht huet:

....      Rundgang durch das Gebäude.

Thursday, December 10, 2009

Haut,den 10.Dezember


Een Dag nom Jean-Claude Juncker - a villméi wichteg - een Dag no menger Duechter Viviane sengem Geburtsdag!

Ma loss mech also trotzdem versichen, op dat ee vun iech kann interesséiren.
Di Sachen di mir haut opgefall sin:
(ouni Hierarchie)


  • den Obama huet sech gudd aus der eigentlech penibler Nobel Preis geschicht erausgezunn. D'arm Schwein huet wirklech firchterlechen Drock vun nach emmer dene selwechten vun denen sech de Bush ouni Widderstand manipuleire geloss huet.   - Seng Ried haut huet fir mech zefrideestellend erklärt, dass heen de Préiss méi als eng Verpflichtung geseit, wi als en Reward. Ech hu weider meng Hoffnung, dass en di onseglech Kricher am Afganistan an am Irak zu Enn brenge werd. Dass do e schalen Vergleich mam Vietnam bleift, ass nun mol der amerikanischer Naivitéit an hirer Geilheet op Emsaz an Petrol asw zouzeschreiwen. 


  • En Artikel den ech haut an der Zeitung ganz grendlech a mat Zefriddenheet gelies hun, ass den vum Manuel Huss am Tageblatt an den mar sein zweeten a leschten Deel brengt. Ech hoffen dass de Manuel et ferdeg brengt desen Artikel och op sein Blog ze setzen, da werd ech en och hei verlinken.       Iwregens den jonken Huss beandrockt mech schon eng Zeit mat senge gesondten politeschen Iwerléungen (en hat och zwou Stemme vu mer kritt :-) ) an ech gin hei lo mol esou den url vu sengem Blog weider: Mol Sonn, mol Reen (Click mol dorop, t'ass derwert!)


  • Ech hu mech de moien als Board member vun der International School do am Gebei zu Merel opgehalen. Ech hoffen eng Kéier Zeit ze fanne vir doriwer hei ze schreiwen. Dat ass wirklech eng bemirkenswert Schoul, mat souvillen Elementer di total opposéiert sin zu eisem driepsegen Letzeburger Schoulsystem. Eigentlech bei honnert Punkten get do seit Joren bewisen, dass all dat méiglech ass, wat hei zu Letzeburg 30 Joer CSV - awer leider och d'Aennchen an lo d'Mady Delvaux net ferdeg brengen  -   demnächst méi hei! 


  • De ganze Metteg war ech - nach einem vortrefflichen Mittagsmal - mat zwee Business partner am Elch op der Gréiwelsbarrière. Do ass én - niewent oder no der Expérienz am Restaurant - uewenop an e pur agreablen Reim welcome fir ze poteren oder ze schaffen! Einfach formidabel, wann een an engem klengen Team eppes beschwetze well, dobei vleicht mol en klengen Zigar verdengt huet (sorry Marie Paule Prost - wirklech ganz selten ). Dat ass besser wi um Büro a schliesslech och méi efficace. 


  • Eng Anekdot: (der huet een der mam Alter emmer méih!!) ass hei fälleg: 
An de spéiden 60er Joaren wi ech jonke Journalistespunt am Journal war (zesummen mam Roby Goebbels!) ass zu Miersch (oder Ettelbreck?) eng Haushaltungsschoul ageweiht gin mat engem genialen Reportage am Letzeburger Wort (demols, virum Ruppert, nach grouss Format!).  Den Artikel huet geschwat vun "die lieblichen Mädchen" hei, an "die  lieblichen Mädchen" do, an de beschof Lommel woar derbei asw.  Dat ganzt huet natirlech mat engem super Iessen geendigt. An do stung dann an dene leschten Zeilen vum Wort-Artikel wurtwötlich dat hei: 

Nach diesem vortrefflichen Mittagsmal machte der Hochwürdigste Herr Bischof einen 

An domat war den Artikel eriwer!  Et muss e lo wessen dass déi Zeit, also virum Offset a Computer-Drock, all Zeil aus Blei gegoss war, an et war offensichtlech, dass dem Wort do di lescht Zeil abhande komm war!  Et konnt e jo nu wirklech net unhuele si giffen rapportéiren, den Här Beschof hätt do nom Iessen e klengen... 
An tatsächlech, wi mer gesicht hun, hu mer op der Sportseit vum Wort di verluren Zeil fonnt, di dann do geheescht huet: 

Rundgang durch das Gebäude. 

Thursday, November 26, 2009

Lo get de Léo Zeches auserneen geholl!

De Léon Zeches vum Wort huet deser Deeg vun sengem Popst eng heich Auszeechnung kritt, an dat werd mat Secherheet rem eng Lawin vun Presse-Artikelen provozéiren.


Dat sin su di Sachen di mech emmer nees un d'Grübelen brengen.


Ech kennen de Zechese Léo seit villen Joer als e voll iwerzeechten Kato den sein professionnelt Liewen durch mat vollem Asaz an - aus senger Siicht - mat vollem Erfolleg aus senger Perspektiv fir seng Sach gelieft huet.  He wees ganz gudd dass ech dat ganzt Kirchen-Gedröns komplett oflehnen an als schrecklech negativ fir eis Gesellschaft ugesin.


Awer bei all eisen widerhuelten Treffen - throughout our life - war hen mat mir emmer op gleicher Aenhéicht  voller Respekt a gesondem Menscheverstand.
Hen ass e ganz sensiblen Mensch, den och géintiwer Kollegen vun ausserhalb sengem schwarzen Haus - wi zB dem Alvin Sold an dem Danièle Fonk- emmer mat Respekt a Verständnis opgetrueden ass.
Di lescht Joeren huet hen agesin, dass seng kathoulesch Vuen sech missten veränneren. Ech mengen en huet sech zum Deel dergéint gesteipt an zum Deel huet en sech drecke geloss!
Et bleift mer weiderhin onverständlech, dass en déi pafeg Hypokrisie wi zB an den Affären em de Jhemp Schuster - a vill anerer - a sengem Haus geschéien konnt lossen! En huet wuel a sengem internen Kampf géint su Leid wi den extrem schwarzen a perfiden Clan op der Bistumsseit - Schiltz a Konsorten - missen Wasser an sei Wein schedden. Dass a wofir en domat sein zweeten "hellegen" Prinzip vum propperen Journalismus ouni Zensur  permanent selwer boykottéiert huet, kann e mer vleicht eng Kéier erklären!
Ass en also de feinen Kärel den ze schwach war fir sech géint all dat ze wiren wat u Negativem vun der schlemm pafiger Seit op en zoukomm? Huet en souvill Kompromisser acceptéiert, dass en sech domat u senger Journaliste Séil sou stark "versendegt!" huet?
Ech ka mer net virstellen dass e soll sou perfid gewiescht sin, dass en domat all déi, di en mi no kennegeléiert hun, gewollt getäuscht hätt!
En huet mir an engem Gespréich zu zwee viru net allzelang iwer wuel eng vu senge schlemsten Phasen a sengem Liewe geschwat, an ech war em menschlech do sou no, dass et mir werd schwéier falen die perséinlech Attacken ze liesen, di deser Deeg wuel iwer de Léo perséinlech ewechgoe werten.
Beruflech, an all dem wat e gemach oder matgemach huet - wert en et wuel leider verdengt hun! Ech hoffen dass meng laizistiesch an antiklerikal Frenn net all ze perséinlech mat em emgoe werten!


Randnotiz: Iwregens di schlemm Phase vun der ech uewen geschwat hun, dat war déi mat dem onseeglechen Charel Ruppert.  Den hun ech selwer als dermossen en Charakterschwein erlieft, den nu wirklech hemmungslos iwer Leichen klemmt fir virun ze kommen. Mir grujjelt et haut nach, wann ech un d'Erfahrungen vum Léon Zeches an aneren héiren, wat sech während dem Passage vun dem Ego-Geploten Ruppert um schwarzen Gasperecher Birg ofgespillt huet. Dat ka bei dem hypokriten an respektlosen Egoman Ruppert virdrun bei der KBL (Kredietbank) wuel och net besser gewiescht sin. 
Do ass nun wuel wirklech Blutt a Schwees enner den Diren durchgefloss! Do sinn schliesslech nom Ruppert-Rausschmiss vill Méint vun Dépressiounen iwreg bliwen!
(Wat mecht iwregens de Paul Zimmer haut?).
Ma op d'Persoun Charel Ruppert werd ech mech net enthale können, hei a menge Gedanken eng Kéier zreckzekommen!
Ech wenschen dem Léon Zeches, dass en sech tescht seng Bicher a seng Famill a Rouh zreckzéie kann. Sei Wort as beim Paul Lenert a gudden Hänn. Dat brauch lo souwisou méi en Wirtschaftler wi e "Geeschtlechen" fir z'iwerliewen!
Vleicht begleckt de Zechesse Léo eis enges Dags mat éierlechen Mémoiren, déi sich un di Leit wenden di en appréciéiert hun. Wann et Mémoiren gin, di sech ehrerbietigst un den alen Wortlieser a Letzeburger Katho-Mief wenden, mat engem schiele Seitebleck a Richtung Opus Dei an Abbé Schiltz, da werd ech se schnell op d'Seit léen.
Ech wees de Léo kann die zwee Bicher schreiwen-och wann nemmen eent liesenswert wir!