Monday, October 25, 2010

En Dokter probéiert z'erklären !

Et ass jo erfreelech wéi et um Internet awer nach och bei eeschten Themen funbktioéiert.
Do huet sech endlech en gewessen Laurent Kohl (warscheinlech e Mediziner) der Saach ugeholl, a gewisen wéi een sech uleed fir eppes enner d'Leid ze brengen.  
Och wann dat a sech gudd funktionéiert (ech eleng hun de Breif iwer Niuecht 14 mol kritt(!) an en lo a mein Spamfuilter gesat., dann ass den Contenu awer nach weider neischt wi eng Preuve dass di Hären an Dammen Medizinner rose sin mam Mars di Barto, hirem Medizinner.
An dass och ech Medizinner ouni Temesta net roueg a beduecht ass, wann e verirgert ass.
(Just déi zwee di se op d'Tele schecken, schengen virdrun eng Temesta geschleckt ze hun :-) !)

Ech hu lo hei probéiert z'analiséiren, an dobei fonnt dass och an desem Bréif wirklech wéineg Contenu dran ass.
(Roud den Text, schwarz meng Bemirkungen)
ech informéieren iech mol heimat firop dass ab e Freiden den 22. Oktober
2010 d'Dokteren am ganze Land wärten streiken. Daat wärt folgendermossen
oflaafen: ab e Freiden sin ALL RDV déi een bei engem Dokter hat net méi
gülteg (ob Praxis oder Spidol), d'Praxen sin eenheetlech just nach mueres
op vun 8h bis 13h an daat och OUNI RDV. Wann also e Problem ass dann soll
een mueres bei den Dokter goen. D'Urgencen an de Spideeler laafen ganz
normal, déi déi eng wiirklech medezinesch Urgence sin, déi gin natiirlech
firgeholl!
...ok, dat wesse mer su lues!

Ech wollt vun deser Geleenheet profitéieren, fir mol e puer Explikatiounen
Ganz Gudd, well dat huet soss nach kee ferdegbruecht
ze gin, firwaat d'Dokteren iwwerhaapt streiken (an desem Fall heescht et
eigentlech ,manner schaafen'), an firwaat et och fir iech wichtegt ass als
Patient, dass mir daat do maachen. Et get keen Dokter deen daat gären
mecht, mee eisen Här Minister léisst keng Diskussiounen zou
1)       Dokteren wellen de libre choix vum Patient bäibehalen
d.h. dass
de Patient wielen kann wéini a wou hien bei waat fir en Dokter geet. De
Minister well daat ofschafen: hien wellt dass dir fir éischt bei e
Generalist gitt ier der bei de Spezialist gitt soss kritt der just nach en
Deel oder guer näischt méi rem vun der Krankekees. En plus riskéieren
Patienten net méi bei deen Spezialist ze goen wou se wellen, mee bei deen
deen se firgeschriwwe kréien..
Gudd, dat ass een Argument. Dat éischt.
Ma ass dat et wert, dass dofir lo all d'Patienten enner starken Drock gesat gin ???
2)       Eise Minister well lo selwer ufänken Medezin ze maachen: daat
heescht konkret, dass bei verschiddene Krankheeten hien décidéiert (huet)
wéini der bei waat fir en Dokter ze goen hutt, soss get et erem Manner
Suen zréck. Sou wäit ech wees léen d'Unien nach emmer fest wéilaang een
muss studéieren fir Medezin ze maachen; obé, eise Minister schéint an de
leschte Méint e medezinesche Crash-Kursus-Studium absolvéiert ze hun fir
daat alles ze kennen. Et ass dann un de Leit fir ze wielen wiem een elo
méi medezinescht Vertrauen schénkt: dem Dokter oder dem
Crash-Kursus-Spezialist.
Bis lo emmer nach nemmen een Argument. Dat hei ass just Gesteppels.

3)       Eise Minister ass gutt am Manipuléieren an am Leit hannergoen:
säin Projet de Loi deen hien gemaach huet (bzw gemaach kritt huet) ass vun
der AMMD (=association des médecins et médecins-dentistes) korrigéiert
gin, d.h. d'Sicht vun de Leit déi um Terrain selwer schaffen ass mat
abezun an duergestallt gin; dass déi ,Korrektioun' dem Minister net an all
Punkt ging gefalen schéint mer realistesch ze sin. Wann awer de Minister
hingeet an GUER NAISCHT DOVUN BAIBEHAELT waat Dokteren empfehlen (an daat
enner anerem wou een am System Suen kéint aspueren) an dann och nach
groussarteg um Radio zielt, Zitat: 'Ech sin den Dokteren awer schon
entgéint komm a méng Dier steht wäit op', dann mengen ech, schwätzt daat
fir sech.
Bis lo emmer nach nemmen een Argument. Dat hei ass just Gesteppels.
4)       Dem Minister séng Reform ass EXKLUSIV vun Net-Medeziner op Been
gestallt gin: vun Leit also déi vun Tuten a Blosen eng Ahnung hun, awer
net vun Medezin. Wann dir also an Zukunft wellt behandelt gin no engem
System deen vun engem Jurist an engem Physiker (sorry wann elo Leit daat
hei liesen, déi daat geléiert hun) obgesaat gin ass (an daat ass nunmol
d'Realitéit),
dann musst dir dem Minister är Gléckwensch iwwerbréngen.
Bis lo emmer nach nemmen een Argument. Dat hei ass just Gesteppels.
5)       Dem Minister séng Iddi geet an Richtung Verstaatlechung vun der
Medezin d.h. hien bestemmt waat Dokteren maachen (oder och net). Daat ass
net kompatibel mat enger liberaler Medezin (déi et bis elo nach emmer gin
ass an déi et och an deenen aanere Länner get). Liberal heescht: ech kann
méng Medezin décidéieren an de Patient kann décidéieren bei waat fir en
Dokter hien geet. Bei Verstaatlechung ass daat net méi gin mee
d'Verantwortung
d.h. wann eppes medezinesch schief geet, dann ass awer net de Minister
verantwortlech mee den Dokter natiirlech (ajo ech hat vergiess ze soen,
dass een beim medezinesche Crashkursus keen Eid brauch ofzeléen..:-).
Neischt Klores wat mam Projet de Loi ze din huet!
Bis lo emmer nach nemmen een Argument. Dat hei ass just Gesteppels.
Am Kloertext heescht daat: wann ech keng Medezin méi ka maachen, déi ech
als Doktor ob deen eenzelnen individuell ofstemmen kann, dann geet
d'Qualitéit
vun ménger Medezin d'Baach of (woubäi ech net wees, wéi laang d'Baach
iwwerhaapt ass.).
Dat klengt jo gudd a richteg.Ma et ass nach emmer nemmen Allgemenges, a keen Argument géint ee präzise Punkz vun dem Projet de Loi!
Bis lo emmer nach nemmen een Argument. Dat hei ass just Gesteppels.
Ech hoffen heimadder, dass dir e bessen Verständnis fir de Chaos kritt,
deen riskéiert an den nächsten Deeg (an Wochen??) op iech duer ze kommen,
mee et ass déi eenzeg Manéier déi elo nach bleiwt, fir dass öffentlech
sech jiddereen Gedanken driwwer mecht wéi een sech säin Gesondheetsystem
an Zukunft firstelle wellt. Wann der iech elo Gedanken iwwert de
Gesondheetssystem an Zukunft maacht, dann ass den Zweck vun deser Mail
erfellt!!
Insgesamt fannen ech nemmen dat wat an Deitschland "AllgemeinPlätze" genannt get. Trotz villen Ausdreck wi Hoffnung, gudde Wellen asw, fannen ech hei nemmen een Argument, wat derwert wir ze diskutéiren. Dat eischt douewen.
Et kann dach awer net senn, dass dat di eenzeg Argumenter sin, fir hei am Land all dee Chaos eropzeruffen?
Hun d'Dokteren néirenst hir Commentairen zum Projet de Loi, Punkt fir Punkt veröffentlicht? 
Aou wi eis Mediziner sech an der Oeffentlechkeet präsentéiren, kann ech nemmen feststellen dass op Manst déi un hirer Spëtzt, FachIdioten sin. Also Leit di méiglecherweis ganz vill vun der Medizin verstinn, a vleicht nach vun hire Segelbooter, awer soss eben weltfremd sin.
Ech fannen et wir un der Zeit, dass die Vernünfteg ennert hinnen, sech och su lues zu Wurt melden!
Ech schléisse mech gären dem Laurent Kohl (Dr?) senge Wönsch un:
An desem Senn nach e schéinen Daag an hoffentlech gitt der net krank..
Kohl Laurent
P.S. der dierft des Mail roueg als Explikatioun vun der Gesondheetsreform
un Kollegen, Frenn, Familien etc weiderleeden.

Saturday, October 23, 2010

DokteschStreik ???

Ech si net gescheit genuch fir ze verstoen, virwat d'Dokteren streiken! Ech net!

Ech hun hir Gespréicher an der Press an op der Tele vefollegt. An ech hu lo och den Projet de Loi gelies, em deen et geet! - Neen, net alles, ma dach zimlech grendlech iwerflunn.   An et schengt mir en ausféierlech préparéierten Text ze sin, de mir no gesondem MenscheVerstand ausgeseit.  Ech kennen ausserdem de Mars di Bartholomeo als en éierleche, gudd Motivéierten Tipp mat gesondem MenscheVerstand. An ech kennen och der Dokteren, di sou equipéiert sin.
Ech weess awer och dass et wéineg Berufsstänn get,(ausser weitgehend eisen Lehrer di sech "Professer" nennen), di sou weit vun dem normale Birger a senger Alldeeglechkeet ewech bewegen.
Secher get et do Ausnahmen: ech hu mer sou eng Doktesch erausgesicht. An ech kennen och anerer vun der gudder Zort. Ech hun awer nach net nogefrot, ob déi streiken.

Ech well awer e ganz klore Statement machen:

D'Dokteren hun entweder komplett Onrecht an deser Saach, 
oder se machen eng extrem schlecht Kommunikatioun!



En haarsträubend Beispill vu geschter Metteg:

Venezia- net recherchéiert, awer gelieft (a schnell opgeschriwen)



Mei Frend Henri Juda hat v¡roan e poar Wochen iwer Facebook matkréit, dass ich fär e Poar Deeg zu Venedig war. Et hoat mich do oagemailt a gesot: ich bestoade mich demnächst ("den alen Esel":pol)  an ich wollt d'Hochzeitsräs op Venedig machen. Hoas aou Tuyauen wat een deser Deeg do su machen a losse soll?
Ech hoa natirlich mat JO geentwert. A wi den Heng lo schliesslich ge-skyped hott fir ze soen di Hochzeit weer vollbracht (sicher prachtvoll wi di Braut!), hoanich mich lo droagemach fär mein Venedig Notizen erauszehollen a geschriwen...


Dobei se mein Fangeren mer alt erem fortgelaf an ich hoffen dass di zwee dat do önnen su richtig genéissen!


Ma et ass mer du och d'Iddi komm, mei SChrieb hei ze parken. Su ka vleicht deen een oder aneren Frend oder Friend  sich eppes eraushollen.
Et koast neist, ma ich gin och kän Garantie a kän KaskoVersecherung.  Lei mein Skype Echange mam Heng:






[10/22/10 10:42:53] Pol Wirtz: Salut cher Henri,  wini ass dann de grussen Daag??
[10/22/10 10:46:13] Pol Wirtz: Zu Venedig wollt ech der just soen: et gin iwerall Barock Concert'en annoncéiert an di meescht dovun isn vum Niveau C-D.  Mir waren awer och op engem, deen ganz gudd war a echer och mengem Papp dem Albert gefall hätt. Ech beschafen der d'Coordonnéen asap.
[10/23/10 3:32:06] Henri Juda: bonjour Pol. Hochzeit war den 20.10.2010 um 10h20 .
[10/23/10 3:33:49] Henri Juda: merci fir all nötzlech Informatiounen. mir wollten den Samsdech mettech an den Fenice goen. wei geet dat mat den Ticketen ? hun et net färdech bruecht iwer internet ze kaafen.
[10/23/10 3:37:21] Henri Juda: par ailleurs : fleien mat der ryanair a kommen speid owes ze Treviso un. mir wollten nach e puer Deech do an der Geigend bleiwen an mir hun wölles en Auto ze lounen de mer dann ze Mestre geifen ofgin. Geet dat ? oder ass et besser den Auto eröm no 7 Deech ze Treviso ofzegin an de Parking fir dei 3 Deech ze Venedig ze bezuelen ? oder get et en aaneren Trick ?
[10/23/10 13:49:41] Pol Wirtz: Bonjour dir zwee! A nach mol alles Guddes.
Watr den Hotel ugeet, recommandéiren ech e mettel-prächtegen Hotel Bella Venezia. www.hotelbellavenezia.com Dé leit just an der Mett tescht den zwee zentrale Punkten : de Piazza San Marco an der RialtoBreck.
A mengen Noten steet kurz a knapp (in line mat menge Präferenzen :-) :


Poor Wifi, pleasant room, pleasant breakfast, poor reception 
Insgesamt ganz propper a confortable, fir Venedig preiswert.


[10/23/10 13:53:05] Pol Wirtz: Ref Auto: do fannen ech dat Bescht den Auto vis-à-vis vun der Gare zu Mestre an engem Parkhaus um 5.Stack ze lossen. Dat war preislech ok an huet secher ausgesin (obschon du hues jo net dein Auto :-) !  Wanns de Zeit hues zu Mestre, as de Parking allerdengs eng oder zwou Strossen (Quartiéen) mi weit och mi genschteg...

[10/23/10 13:58:19] Pol Wirtz: Zu den Fenice ticket'en: Book tickets for opera in Venice directy in Italy and save money!   hun ech lo just gelies.      An d'Kees ass emmer 1 Stonn virun der Virstellung op - am Prinzip och fir Verkaf.   Wat ech awer giff virschlon ass dass de entweder am Hotel, sou fréi wi méiglechs beim Concierge réservéiers, oder am groussen Office du Tourisme: déi hun efficasse service op der Seit San Marco - do wu d'Vaporetto'en fortfuren. Opgepasst: wanns de do erakenns ass meeschtens eng net lang me lues Schlang. A wanns de dann ukenns, soen se der d'Ticket'en wiren ouni Schlang lenkls (p.rapport Entrée) am Fong. An do geet et da ganz séier...
[10/23/10 13:59:46] Pol Wirtz: Ref Vaporetto'en: ech giff iech och recommandéiren eng Kart MultiCourse ze kafen op Basis vun de Stonne wous de do bass 24, 48, 72.   Dat ass praktesch, well dir werd wuel heefeg op di Booter op an of sprangen...
[10/23/10 14:03:23] Pol Wirtz: Eng vun den Tourist Traps as a mengen Aen d'Visite op der Glas-Insel Murano oder och Burano.  Etr get och GlasManufakturen zu Venedig selwer. Zu Muralt ass alles clever opgemach: super Figuren, super opgemach, eleren "ganz sérieuxen Italienesche Baron" den iech a Costume, Cravate a CravatteNol beréit. Ganz gediegen. A wanns de dann eng Kreditkart weis, gin se sou nerveux a freedeg geckeg, dass de spéitstens da weess, dass de ugeschas gi bass.
[10/23/10 14:08:11] Pol Wirtz: Iwregens irgeren se sech permanent iwer di schlecht Copien di lo a Far East gemach, an dann importéiert gin fir zu Venedig als Munrano Glas verkaaf ze gin! D'Wourecht ass awer dass och d'"Manufakturen" vu Murano vill a FernOst mache lossen an da selwer an der Fabrik verkafen.     Mir ware mol an sou enger Fabrik: Marco Polo.    Den Hotel huet dat arrangéiert (gratis!!!  ). Mir goufen zu 4 mat engem Wassertaxi ofgeholl an iwer d'Wasser gehuscht bis an d'Fabrik.     Do hu se (datr hu mer herno Frenn gesot) nemme een klengen Uewen fir Tousten. Deen ass zwar wéinigstens 250 Joer al an et geseit impressionnant aus.   Awer hannendrun ass nemme mi Ausstellung a Vente. "Paese potemchinese": Potemkinische Dörfer in fatto!
[10/23/10 14:08:52] Pol Wirtz: Ah an dann nach: jo mir hun trotz allem eng Figure an eng Vas kaf :-(   Honte!
[10/23/10 14:17:06] Pol Wirtz: Ech hun do nach eng sausympatesch Enoteca mat excellente Weiner (am beschten du sees dolce, duro, frescho asw wats de wells. My preferred as e "Primitivo" oder e Nero Davola aus dem Mezzogiorno. Geféierlech. Bannendran klitzekleng, awer eng sympa Terasse am Häffchen, if weather permits.
[10/23/10 14:21:26] Pol Wirtz: Di Enoteca heescht an ass och Osteria  "i rustheghi"   Du kriss su eng Zort venezianesch geherzt Finger Sandwiches do z'iessen. An du keefs der se een an noach een, wis de grad Loscht hues.        Wanns de awer do am Eck eng kleng lokal "Geheim"adress fir non touristy -- oder less touristy -- Kascht a Stemmung: da géi aus dem Bou (Bogen) vum u Rustighi eraus, dréin no lenks an da no 5 Meter no rechts. Do op der Kreizung also 7 m vum Bou ewech  (???? geht et ???) ass lenls e klitzeklengt Lokal, dem sei Noam mer entgeet...   Excellent!!!   Typesch!!! AOK!
[10/23/10 14:27:25] Pol Wirtz: E sympa Quartier to hang around ass och de Campo San Bartolomio San Marco .
[10/23/10 14:32:18] Pol Wirtz: DAnn get de Benor gelueft mat senge selwergemachte Masken (hee léisst een gäre nokucken a sengem klenge Shop Campo San Bartolomio San Marco www.benor-masks.com.    An eng richteg italienesch al Wasserglace (su wi de Marmann's Al se neft dem Cine Plaza zu Eechternoach gemacht hot) get et nach  wanns de vu8m Benor seim MaskeButtik 20 Meter langst seinMauer weiter (Richtung SanMarco) gees an da no lenks dréis. Do kennt no ca 50 Meter e kläne Glacebutek (nemme bessi mi gruss wi dem GlassenAnsch sein!!)   Ich wäs net mi wi en häscht (Giuseppe??) oder so. He micht se a verkäft se selwer. An en hot sich e Noam gemach (weltweit, wann aen di vergilbte Presseartikele kuckt) mat verschiddene GeméissGlassen. My preferred: Fior di Latte )wi iwerall an Italien).
[10/23/10 14:34:03] Pol Wirtz: An da feelt mer noach an dass ich och schu mol e flotten Owend am VeniceJazzClub hat. Ouni Gewähr nituirlich d'Gruppe changéiren dauernd.
[10/23/10 14:40:21] Pol Wirtz: Am Kader vun der Biennale de l'architecture kanns de d'Hapausstellungen am Giardino Biennale kucke goen, ma verléier kän Zeit de Letzeburger Pavillon an der Casa de Duca (um Canale Grande) ze séichen. Dat Haus (flotte kläne Palazzo) gehéiert em alen Letzeburger, den et alt deelweis dem Letzeburger Staat zur Verfügung stellt.  Fir Architektur net derwert. Do henkt eng deck Eisebomm fir Haiser ofzerappen, an dat impressionnantst "Ausstelklungssteck" ass e Grupp vun ca 200 Tasen Villeroy et Boch (Net den sympateschsten Deel vun der Letzeburger Kultur!!). Fir de bezug zu Italien waren se viru Wochen all mat Espresso ( Café!) gefellt gin. Den Espresso as bei meim Besuch allerdengs hallef verdempt an ghenkt nach su schmiereg un den Tasen. Di pur Guardien'en di eise reiche Ministere de la Culture zur Verfügung stellt fir do ze beroden an opzepassen, sen awer warscheinlech an der falscher Gewerkschaft, fir do mol d'Spull ze machen :-)
[10/23/10 14:41:36] Pol Wirtz: Voilà. Wis de geseis hun ich alt erem iwer dem Schreiwen Freed kréit an hun vill mi geschriewen wi geplangt. Profitéiert. Genéisst. Losst eech dreiwen. A get dem Pech eng Chance, fir och zu Venedig mol eppes falsch ze machen!
[10/23/10 14:54:07] Pol Wirtz: (Ech huelen un du hues neischt dergéint, wann ech des Recommandatiounen lo och mei Blog setzen. Onkomplett. Net recherchéiert- awer erleeft - kann e vleicht och anere Friends en Denscht leeschten!
(Meng Texter sin iwregens wi meeschtens och net iwerliess- also voll TippFehler (ka mer keng Privatsekretaerin mi leeschten, an hun keng Zeit méi fir sou Detailler) -   Kriis vu 2010!!)
Ciao belli


Pol

Sunday, October 10, 2010

Zousätzlech religiéis Feierdeeg - vum Mady Delvaux ???


Wann d'Sozialisten eis lo awer nach weider religiéis Feierdeeg beschaffen!!!

Do zirkuliéiert deser Deeg e Bréif durch d'Letzeburger Internet den sech driwer irgert, dass d'Mady Delvaux, eis LSAP Unterrichtsministesch  gären hätt, dass zwee moslemesch Feierdeeg (den 27. an 28.November) d'Schoulmeeschteren durch d'Fanger kucken, wann dann moslemesch Kanner net an d'Schoul kommen. Di zwee Deeg wiren Moslemesch Feierdeeg!!!
Wa lo awer schon d'LSAP d'Religioun nach méi déif an eise Schoulen verankere well, da soll dach der Deiwel (an de Romain Durlet) se huelen!!

Mer hu jo nu wirklech genuch mat denen chreschtlechen Feierdeeg hei zu Letzeburg.  Et geet dermat un dass entgéint all Iddi vun Trennung vu Kirch a Staat, eise National Feiedrdag offiziell bei engem TeDeum an der Kathedral gefeiert muss ginn.

Ausserdem hu mer su Deeg wi Pengschten an Ouschteren, wu et bei denen weitaus meeschten vun eis nemmen em d'Fréijohr an evenzuell em PicNic oder en kleng Vakanz geet. An dann sin do di zwou Himmelfarten, wu dach och kee mi weess wen dann lo a,  wofir en sech vertikal aus dem Steps gemach huet.

A lo kennt eis dann grad aus dem sozialéisteschen Eck, iwer d'Erzéiungsministesch Mady Delvaux op spatzen Zéiwen eng "genial" Iddi entgéint: zur henneschter Dir eran sollen do Enn November nach zwee Deeg "aus Respekt" virun enger weiderer Religioun , den Muslemen hir Kanner dirfen "feieren"!  

Wi mer de Metteg bei Desch driwer geschwat hun, sot hei en 13 jähregen Bouff "da gin ech och Moslem"!!

Dir wesst net wi lächerlech der all sid mat ärem mangelnden Courage fir sou ze funktionéiren, wi et eech den LSAP bal all Joer als Opdrag gidd: vu wegen fir eng Trennung vu Kirch a Staat.

Ech kann nemmen nach hoffen, dass d'Mady Delvaux sech kategoresch vun Alledem distanzéiert!
Soss kann ech nemme soen: hu dir se da nach all??


_____
Well net jidereen den ausféierleche Bréif kritt, den deser Deeg - vu Leid di ech net kennen - am Internet verbreed get, stellen ech en hei ouni weidere Commentair an d'Netz; et ass just ze soen, dass di länger Intro net wirklech zur Saach beidreet. Eng Reih vun onnetzen Iwerléungen an desem Bréif hun ech lo mol ganz kleng hei eragesat:

 "Zwee nei Feierdeeg hei zu Lëtzebuerg?


  Ausnamsweis machen ech mengem Ierger Loft an der Sprooch déi meng Elteren mir bäibruecht hunn an dat ass Lëtzebuergesch, obwuel et hei zu Lëtzebuerg zur Gewunnecht gin ass sech mëndlech wéi schrëftlech an iergend enger Friemsprooch auszedrécken, éischter wéi op Lëtzebuergesch. Firwat? Ma well mir als Lëtzebuerger an engem klenge Land wéi eisem geléiert goufen Rücksicht ze huelen op déi aner, sech unzepassen an sech a méi wéi nëmmen enger Sprooch fléissend kënnen auszedrécken.

  
  Am Prinzip ass dat jo eng nobel a luewenswert Astellung, an huet dozou gefouert, dass eng Onmass Fransousen joerelaang bei eis schaffe kommen ouni och nëmmen déi klengsten Ustrengung ze machen fir e puer vun de wichtegsten Ëmgangsformen an der Sprooch vun dem Land ze léieren wou en seng Sue verdinge kënnt. Firwat sollten Sie sech ustrengen eis Sprooch ze léieren, wou sie et dach vun eis sou liicht gemaach kréien? Eis Politiker rullen hinnen de rouden Teppech aus, fir Sie op Lëtzbuerg ze kréien, Sie kréien an allen erdenkleche Sproochen all wichteg Informatiounen an de Grapp gedréckt, fir dass Sie nëmmen kee Lëtzebuerger mussen ëm Rot froen, fir gewuer ze gin wou d'Krankekess ass a wéi en sech muss uleeën fir Chômage ze kréien. Dat selwecht gëllt fir vill Däitscher, Belsch, Portugiesen an neierdéngs och Matbierger vum Balkan. Et ass hei net meng Absicht pauschal all auslännesch Matbierger an een Dëppen ze geheien, ech wëll villméi e puer Situatiounen uschwätzen, déi mat den Hoer erbäi gezun sinn.
  
  Déi italienesch Migranten waren déi éischt déi virun méi wéi 100 Joer a grousser Zuel op Lëtzebuerg koumen, fir hei ze wunnen, ze liewen an ze schaffen. Sie sinn zu enger Zäit komm, wou d'Lëtzebuerger am allgemengen an och d'Politiker vun deemols de Kapp nach op der Plaz haten wou en higehéiert - op de Schëlleren. Haut kritt en vun Dag zu Dag ëmmer méi den Androck verschidden Leit wieren vum Lemmes gebass, wéissten nët méi wou se hierkommen. Den Italiener sin deemools keng sou Gonschten erwisen ginn, et gouf eng "Vogel friss oder stirb"


   Politik bedriwen, déi d'Migranten sou ze soen gezwongen huet sech unzepassen. Hier Kanner sinn an d'Schoul komm, sie hu probéiert mat ze schwammen, ze verstoen an sie hunn séier verstan, dass Sie besser haten eis Sprooch ze léieren, fir hei zu Lëtzebuerg kënnen ze iwerliewen.

  Et sinn deemools keng Elterenversammlungen an 3 verschidden Sproochen ugebuede ginn, et sinn och keng deier héichglanz Brochuren gedréckt ginn, déi de Migrantekanner d'Vokablen, d'Verben a sonstegt Léierinhalter an hirer Mammesprooch, wéi um sëlwer Plateau zerwéiert hunn.


  Ech héieren elo schon d'Kommentaren vun der Asti a vun anere "Guddmënschen", déi kommen a mat Sätz ronderëm sech geheien, wou Wieder dra fierkommen wéi - Rassist, Diskriminatioun, Gläichberechtegung, Rechter fir Auslänner, Integratioun a.s.w. Sie hu Recht, well wann Sie sech nët ganz fréi schon fir d'Rechter vun de Migranten agesaat hätten, da wieren mir haut nët do wou mer sinn.


  Ma wou si mer dann eigentlech!?

  An denen allermeeschten Geschäfter, muss en all Sproochen beherrschen, ausser Lëtzebuergësch, obwuel a leschter Zäit en Trend sech bemierkbar mecht, den weist, dass verschidden Patron?en sech dofir asetzen, dass hier auslännesch Ugestallten e bësse Lëtzebuergesch léieren. Et ass nie ze spéit fir eppes gudd ze machen.

  Dass mer am Sënn vun enger gréisstméiglechster Gerechtegkeet probéieren eisen auslänneschen Matbierger d'Liewen hei zu Lëtzebuerg sou liicht wéi méiglech ze man, dat ass novollzéibar. De Staat finanzéiert eng intensiv Integratiounspolitik an d'Äntwert ass oft: "Mer huelen wat de Sozialstaat eis bidd, mee et kann keen eis forcéieren eis ze integréieren!?" oder anescht ausgedréckt: "Mir wëllen eis zwar nët integréieren, mee mir hunn awer Rechter, zumindest déi selwecht Rechter wéi d'Lëtzebuerger, an deelweis esouguer méi Rechter!?"


  Neierdéngs därfen eenzel auslännesch Schüler an der Primärschoul, pardon an der Grondschoul, wann se grouss sproochlech Problemer hunn, esouguer eng Sprooch ewechloossen, an dat mam offiziellen Segen vun der Madame Delvaux. Dass kee Mënsch esou eng Moossnam eeschtlech fir sech oder säi Kand beansprucht, dat ass wuel kloer, mee huet jeemools e lëtzebuerger Schüler de sproochlech Problemer hat einfach duerften eng Sprooch ewegloossen? Nee, hien huet d'Schouljoer nach eng Kéier gemach a geléiert, dass een sech muss ustrengen!

  Lëtzebuerg gëllt nach ëmmer zu bal 98 % als réimesch-katoulescht Land an dat bréngt mat sech, dass mir zu Lëtzebuerg ganz bestëmmten festgeluechten Feierdeeg hun, déi all Lëtzebuerger därfte bekannt sinn. Neierdéngs gëtt et nach 2 weider Feierdeeg déi bis haut keen kannt huet, an zwar den 27. an 28. November. Do ass e verleet ze froen: "A wat fir een Hellegen gëtt dann do gefeiert?"


  D'Educatiounsministesch, d'Madame Delvaux perséinlech huet e Bréif erausginn, wou am ganze Land d'Léierpersonal an der Grondschoul opgefuedert gëtt, de 27. an 28. November d'Feelen an der Schoul vu Kanner, déi der musulmanescher Gemeinschaft ugehéieren, ze entschëllegen an ze akzeptéieren! Et handelt sech bei denen zwee Deeg ëm e wichtegt reliéist Fest an der musulmanescher Gemeinschaft, an zwar ass et d?Fest vum "Aid - la fête du sacrifice d'Abraham.
  

  Reliounsfräiheet ass e grousse Privileg, den Generatiounen vu Leit virun eis nët haten a mir mussen eis dofir asetzen, dass all Mënsch en onufechtbart Recht op Reliounsfräiheet huet, an trotzdem huet de Bréif vum 12. November 2009 vun der Madame Delvaux e ganz batteren Bäigeschmaach.


  Relioun ass prinzipiell eng Privatsaach, obwuel an eise Schoulen nach ëmmer Relioun als Fach ugebueden gëtt. Leit aus musulmanesche Länner kommen aus fräie Stécker op Lëtzebuerg, an Sie hunn d'Recht hire Glawen ze liewen sou wéi hier Relioun dat viergesäit. All klengt Kand weess, dass et heescht: "Andere Länder - andere Sitten" soubal een a friem Länner geet. Néierens gëtt et déi Situatioun, dass ech meng Sitten a Gebräicher an der Waliss ka mathuelen, an an der Friemt dann en Usproch drop därf stellen.


  Dass Musulmanen, kee Schwéngefleesch iessen ass jiddwerengem bekannt, mee dass et an de Schoulen haut de Brauch ass, dass bei de Schnéiklassen, bei Grillfester oder soss schouleschen Ausflich, speziell gekacht gëtt fir musulmanesch Kanner, dat grenzt u pure Luxus, besonnësch dann wann net-musulmanesch Kanner kommen an sech beschwéieren, dass de Schwéngsschnëtzel zéi ass wéi eng Masette a froen fir den méi zarten Kallefsschnëtzel därfen z'iessen. Sie kréien dat nët erlaabt, ganz einfach wëll dann jiddwereen de besseren Kallefsschnëtzel giff iessen, mee déi sinn leider ofgezielt a fir déi musulmanesch Schüler reservéiert! Dat ass keen Eenzelfall a gëtt ze bedenken!


Feierdeeg si gesetzlech festgeluecht a jiddwereen ass virum Gesetz gläich gestallt. Et wier interessant der Madame Delvaux hir éierlech Argumentatioun ze héieren, firwat dass elo esou eng Ausnam gemach soll ginn. Kommen déi musulmanesch Schüler de 6. Dezember, op Christihimmelfahrt an de fräien Oktav-Pilgerdag an d'Schoul sëtzen oder sinn sie dann och fräi? Firwat hunn déi italienesch Kanner kee Recht de 6. Januar doheem ze bleiwen fir d'Fest vun der Epifania ze feieren? an Italien e gesetzleche Feierdag? Firwat därfen déi italienësch a portugiesësch Kanner nët doheem bleiwen fir den 8. Dezember d'Fest vun der Immacolata ze feieren, an hire Länner e gesetzleche Feierdaag zu Éieren vun der Maria Empfängnis. Dëst nëmmen fir e puer Beispiller ze nennen.

  
  All net-musulmanesch Schüler kréie vun der Madame Delvaux also net d'Recht den nächsten 27. an 28. November an der Schoul ze feelen. Wat ass wa Kanner do sinn déi e Monni, e Cousin oder soss e Familljemember hunn, den der musulmanescher Gemeinschaft ugehéiert? Wann dann an der Famill gefeiert gëtt, därf dat Kand dann nët un dem wichtegen Fest deelhuelen? a mat wat fir enger Rechtfäerdegung, wëllt Dir Mme Delvaux esou engem net-musulmanesche Kand dat verbidden? A wann och net, wou ass hei eng Grenz ze zéien. Wann op eemol all Kand an sengem familiären Ëmfeld e Musulman huet, den dat Fest feiert, da kënne mer vläicht am Sënn vun enger grousser religiéiser a kultureller länneriwergräifender Integratiounspolitik direkt d'Schoulen hei zu Lëtzebuerg de kommenden 27. an 28. November zou machen. Wann dat musulmanescht Kand hei zu Lëtzebuerg nieft sengen offiziellen Feierdeeg och nach de Kleeschen, d'Krëschtkëndchen an all aner Helleger därf matfeieren, firwat sollen eis chrëschtlech-katoulësch Kanner nët och d'Recht hun d'Fest vum Abraham sengem Sacrifice matzefeieren.


  Affaire à suivre?

  Jerry Colbach "

PS vum Pol:   ech kenne weder de Jerry Colbach, nach di Persoun, di mir dese Mail zougescheckt huet.  Ech hun awer anzweschen festgestallt, dass en a grousser "Oplaag" am Internett diffuséiert get.

test

testblogstuff