Tuesday, December 15, 2009

Video Iwerwachung WOOOW erfollegreich!!



Absolut Lächerlech!
D'Police veröffentlecht haut de Metteg d'Foto vun Männer di an der Stad an zu Bartreng mat geklaute Kreditkarte bezuelt hun!
Super wi efficace also di streng VideoIwerwachung funktionéiert!
A wi schnell !!!!!

Stellt iech vir mat wat fir schnellen Perd eis Beamten hu missen ennerwee sinn, wann se nemmen drei Méint gebraucht hun, fir di Foto vun de Gangster ze entweckelen an un d'Press ze verdelen.

Di schlemm Gangster sinn an der Zeit warscheinlech knapps vu Bartreng bis op Strosse komm, a werden bestemmt nach haut gepetzt gin!

Pakt dach an mat ärer Beschneffelung mat Video asw.!!

An anere Lànner ass seit Joren bewisen, dass dat neischt brengt an der Verbriechensbekämpfung!!!!

1 comment:

EGIDE THEIN said...

A wien soll sech dann iwwerhaapt Méi ginn fir se ze fannen? Wann séi sengerliewen gepëtzt ginn dann geschitt näischt während Joeren bis et zum Prozess kënnt. An d' Konsequenzen sinn dann och nach null. Lëtzebuerg ass ee" pardis judiciaire" fir all déi, déi ee crime économique bauen. Ech gouf bedrunn virun 5-6 Joer vun zwéin Haeren aus gudder Lëtzebuerger Famill. Et geet nit virun. Herno ass näischt geschitt.
D' Kamera ass an deem Sënn jo nëmmen eng Gesticulation: mir och Kamera hunn.
Egide Thein