Sunday, October 10, 2010

Zousätzlech religiéis Feierdeeg - vum Mady Delvaux ???


Wann d'Sozialisten eis lo awer nach weider religiéis Feierdeeg beschaffen!!!

Do zirkuliéiert deser Deeg e Bréif durch d'Letzeburger Internet den sech driwer irgert, dass d'Mady Delvaux, eis LSAP Unterrichtsministesch  gären hätt, dass zwee moslemesch Feierdeeg (den 27. an 28.November) d'Schoulmeeschteren durch d'Fanger kucken, wann dann moslemesch Kanner net an d'Schoul kommen. Di zwee Deeg wiren Moslemesch Feierdeeg!!!
Wa lo awer schon d'LSAP d'Religioun nach méi déif an eise Schoulen verankere well, da soll dach der Deiwel (an de Romain Durlet) se huelen!!

Mer hu jo nu wirklech genuch mat denen chreschtlechen Feierdeeg hei zu Letzeburg.  Et geet dermat un dass entgéint all Iddi vun Trennung vu Kirch a Staat, eise National Feiedrdag offiziell bei engem TeDeum an der Kathedral gefeiert muss ginn.

Ausserdem hu mer su Deeg wi Pengschten an Ouschteren, wu et bei denen weitaus meeschten vun eis nemmen em d'Fréijohr an evenzuell em PicNic oder en kleng Vakanz geet. An dann sin do di zwou Himmelfarten, wu dach och kee mi weess wen dann lo a,  wofir en sech vertikal aus dem Steps gemach huet.

A lo kennt eis dann grad aus dem sozialéisteschen Eck, iwer d'Erzéiungsministesch Mady Delvaux op spatzen Zéiwen eng "genial" Iddi entgéint: zur henneschter Dir eran sollen do Enn November nach zwee Deeg "aus Respekt" virun enger weiderer Religioun , den Muslemen hir Kanner dirfen "feieren"!  

Wi mer de Metteg bei Desch driwer geschwat hun, sot hei en 13 jähregen Bouff "da gin ech och Moslem"!!

Dir wesst net wi lächerlech der all sid mat ärem mangelnden Courage fir sou ze funktionéiren, wi et eech den LSAP bal all Joer als Opdrag gidd: vu wegen fir eng Trennung vu Kirch a Staat.

Ech kann nemmen nach hoffen, dass d'Mady Delvaux sech kategoresch vun Alledem distanzéiert!
Soss kann ech nemme soen: hu dir se da nach all??


_____
Well net jidereen den ausféierleche Bréif kritt, den deser Deeg - vu Leid di ech net kennen - am Internet verbreed get, stellen ech en hei ouni weidere Commentair an d'Netz; et ass just ze soen, dass di länger Intro net wirklech zur Saach beidreet. Eng Reih vun onnetzen Iwerléungen an desem Bréif hun ech lo mol ganz kleng hei eragesat:

 "Zwee nei Feierdeeg hei zu Lëtzebuerg?


  Ausnamsweis machen ech mengem Ierger Loft an der Sprooch déi meng Elteren mir bäibruecht hunn an dat ass Lëtzebuergesch, obwuel et hei zu Lëtzebuerg zur Gewunnecht gin ass sech mëndlech wéi schrëftlech an iergend enger Friemsprooch auszedrécken, éischter wéi op Lëtzebuergesch. Firwat? Ma well mir als Lëtzebuerger an engem klenge Land wéi eisem geléiert goufen Rücksicht ze huelen op déi aner, sech unzepassen an sech a méi wéi nëmmen enger Sprooch fléissend kënnen auszedrécken.

  
  Am Prinzip ass dat jo eng nobel a luewenswert Astellung, an huet dozou gefouert, dass eng Onmass Fransousen joerelaang bei eis schaffe kommen ouni och nëmmen déi klengsten Ustrengung ze machen fir e puer vun de wichtegsten Ëmgangsformen an der Sprooch vun dem Land ze léieren wou en seng Sue verdinge kënnt. Firwat sollten Sie sech ustrengen eis Sprooch ze léieren, wou sie et dach vun eis sou liicht gemaach kréien? Eis Politiker rullen hinnen de rouden Teppech aus, fir Sie op Lëtzbuerg ze kréien, Sie kréien an allen erdenkleche Sproochen all wichteg Informatiounen an de Grapp gedréckt, fir dass Sie nëmmen kee Lëtzebuerger mussen ëm Rot froen, fir gewuer ze gin wou d'Krankekess ass a wéi en sech muss uleeën fir Chômage ze kréien. Dat selwecht gëllt fir vill Däitscher, Belsch, Portugiesen an neierdéngs och Matbierger vum Balkan. Et ass hei net meng Absicht pauschal all auslännesch Matbierger an een Dëppen ze geheien, ech wëll villméi e puer Situatiounen uschwätzen, déi mat den Hoer erbäi gezun sinn.
  
  Déi italienesch Migranten waren déi éischt déi virun méi wéi 100 Joer a grousser Zuel op Lëtzebuerg koumen, fir hei ze wunnen, ze liewen an ze schaffen. Sie sinn zu enger Zäit komm, wou d'Lëtzebuerger am allgemengen an och d'Politiker vun deemols de Kapp nach op der Plaz haten wou en higehéiert - op de Schëlleren. Haut kritt en vun Dag zu Dag ëmmer méi den Androck verschidden Leit wieren vum Lemmes gebass, wéissten nët méi wou se hierkommen. Den Italiener sin deemools keng sou Gonschten erwisen ginn, et gouf eng "Vogel friss oder stirb"


   Politik bedriwen, déi d'Migranten sou ze soen gezwongen huet sech unzepassen. Hier Kanner sinn an d'Schoul komm, sie hu probéiert mat ze schwammen, ze verstoen an sie hunn séier verstan, dass Sie besser haten eis Sprooch ze léieren, fir hei zu Lëtzebuerg kënnen ze iwerliewen.

  Et sinn deemools keng Elterenversammlungen an 3 verschidden Sproochen ugebuede ginn, et sinn och keng deier héichglanz Brochuren gedréckt ginn, déi de Migrantekanner d'Vokablen, d'Verben a sonstegt Léierinhalter an hirer Mammesprooch, wéi um sëlwer Plateau zerwéiert hunn.


  Ech héieren elo schon d'Kommentaren vun der Asti a vun anere "Guddmënschen", déi kommen a mat Sätz ronderëm sech geheien, wou Wieder dra fierkommen wéi - Rassist, Diskriminatioun, Gläichberechtegung, Rechter fir Auslänner, Integratioun a.s.w. Sie hu Recht, well wann Sie sech nët ganz fréi schon fir d'Rechter vun de Migranten agesaat hätten, da wieren mir haut nët do wou mer sinn.


  Ma wou si mer dann eigentlech!?

  An denen allermeeschten Geschäfter, muss en all Sproochen beherrschen, ausser Lëtzebuergësch, obwuel a leschter Zäit en Trend sech bemierkbar mecht, den weist, dass verschidden Patron?en sech dofir asetzen, dass hier auslännesch Ugestallten e bësse Lëtzebuergesch léieren. Et ass nie ze spéit fir eppes gudd ze machen.

  Dass mer am Sënn vun enger gréisstméiglechster Gerechtegkeet probéieren eisen auslänneschen Matbierger d'Liewen hei zu Lëtzebuerg sou liicht wéi méiglech ze man, dat ass novollzéibar. De Staat finanzéiert eng intensiv Integratiounspolitik an d'Äntwert ass oft: "Mer huelen wat de Sozialstaat eis bidd, mee et kann keen eis forcéieren eis ze integréieren!?" oder anescht ausgedréckt: "Mir wëllen eis zwar nët integréieren, mee mir hunn awer Rechter, zumindest déi selwecht Rechter wéi d'Lëtzebuerger, an deelweis esouguer méi Rechter!?"


  Neierdéngs därfen eenzel auslännesch Schüler an der Primärschoul, pardon an der Grondschoul, wann se grouss sproochlech Problemer hunn, esouguer eng Sprooch ewechloossen, an dat mam offiziellen Segen vun der Madame Delvaux. Dass kee Mënsch esou eng Moossnam eeschtlech fir sech oder säi Kand beansprucht, dat ass wuel kloer, mee huet jeemools e lëtzebuerger Schüler de sproochlech Problemer hat einfach duerften eng Sprooch ewegloossen? Nee, hien huet d'Schouljoer nach eng Kéier gemach a geléiert, dass een sech muss ustrengen!

  Lëtzebuerg gëllt nach ëmmer zu bal 98 % als réimesch-katoulescht Land an dat bréngt mat sech, dass mir zu Lëtzebuerg ganz bestëmmten festgeluechten Feierdeeg hun, déi all Lëtzebuerger därfte bekannt sinn. Neierdéngs gëtt et nach 2 weider Feierdeeg déi bis haut keen kannt huet, an zwar den 27. an 28. November. Do ass e verleet ze froen: "A wat fir een Hellegen gëtt dann do gefeiert?"


  D'Educatiounsministesch, d'Madame Delvaux perséinlech huet e Bréif erausginn, wou am ganze Land d'Léierpersonal an der Grondschoul opgefuedert gëtt, de 27. an 28. November d'Feelen an der Schoul vu Kanner, déi der musulmanescher Gemeinschaft ugehéieren, ze entschëllegen an ze akzeptéieren! Et handelt sech bei denen zwee Deeg ëm e wichtegt reliéist Fest an der musulmanescher Gemeinschaft, an zwar ass et d?Fest vum "Aid - la fête du sacrifice d'Abraham.
  

  Reliounsfräiheet ass e grousse Privileg, den Generatiounen vu Leit virun eis nët haten a mir mussen eis dofir asetzen, dass all Mënsch en onufechtbart Recht op Reliounsfräiheet huet, an trotzdem huet de Bréif vum 12. November 2009 vun der Madame Delvaux e ganz batteren Bäigeschmaach.


  Relioun ass prinzipiell eng Privatsaach, obwuel an eise Schoulen nach ëmmer Relioun als Fach ugebueden gëtt. Leit aus musulmanesche Länner kommen aus fräie Stécker op Lëtzebuerg, an Sie hunn d'Recht hire Glawen ze liewen sou wéi hier Relioun dat viergesäit. All klengt Kand weess, dass et heescht: "Andere Länder - andere Sitten" soubal een a friem Länner geet. Néierens gëtt et déi Situatioun, dass ech meng Sitten a Gebräicher an der Waliss ka mathuelen, an an der Friemt dann en Usproch drop därf stellen.


  Dass Musulmanen, kee Schwéngefleesch iessen ass jiddwerengem bekannt, mee dass et an de Schoulen haut de Brauch ass, dass bei de Schnéiklassen, bei Grillfester oder soss schouleschen Ausflich, speziell gekacht gëtt fir musulmanesch Kanner, dat grenzt u pure Luxus, besonnësch dann wann net-musulmanesch Kanner kommen an sech beschwéieren, dass de Schwéngsschnëtzel zéi ass wéi eng Masette a froen fir den méi zarten Kallefsschnëtzel därfen z'iessen. Sie kréien dat nët erlaabt, ganz einfach wëll dann jiddwereen de besseren Kallefsschnëtzel giff iessen, mee déi sinn leider ofgezielt a fir déi musulmanesch Schüler reservéiert! Dat ass keen Eenzelfall a gëtt ze bedenken!


Feierdeeg si gesetzlech festgeluecht a jiddwereen ass virum Gesetz gläich gestallt. Et wier interessant der Madame Delvaux hir éierlech Argumentatioun ze héieren, firwat dass elo esou eng Ausnam gemach soll ginn. Kommen déi musulmanesch Schüler de 6. Dezember, op Christihimmelfahrt an de fräien Oktav-Pilgerdag an d'Schoul sëtzen oder sinn sie dann och fräi? Firwat hunn déi italienesch Kanner kee Recht de 6. Januar doheem ze bleiwen fir d'Fest vun der Epifania ze feieren? an Italien e gesetzleche Feierdag? Firwat därfen déi italienësch a portugiesësch Kanner nët doheem bleiwen fir den 8. Dezember d'Fest vun der Immacolata ze feieren, an hire Länner e gesetzleche Feierdaag zu Éieren vun der Maria Empfängnis. Dëst nëmmen fir e puer Beispiller ze nennen.

  
  All net-musulmanesch Schüler kréie vun der Madame Delvaux also net d'Recht den nächsten 27. an 28. November an der Schoul ze feelen. Wat ass wa Kanner do sinn déi e Monni, e Cousin oder soss e Familljemember hunn, den der musulmanescher Gemeinschaft ugehéiert? Wann dann an der Famill gefeiert gëtt, därf dat Kand dann nët un dem wichtegen Fest deelhuelen? a mat wat fir enger Rechtfäerdegung, wëllt Dir Mme Delvaux esou engem net-musulmanesche Kand dat verbidden? A wann och net, wou ass hei eng Grenz ze zéien. Wann op eemol all Kand an sengem familiären Ëmfeld e Musulman huet, den dat Fest feiert, da kënne mer vläicht am Sënn vun enger grousser religiéiser a kultureller länneriwergräifender Integratiounspolitik direkt d'Schoulen hei zu Lëtzebuerg de kommenden 27. an 28. November zou machen. Wann dat musulmanescht Kand hei zu Lëtzebuerg nieft sengen offiziellen Feierdeeg och nach de Kleeschen, d'Krëschtkëndchen an all aner Helleger därf matfeieren, firwat sollen eis chrëschtlech-katoulësch Kanner nët och d'Recht hun d'Fest vum Abraham sengem Sacrifice matzefeieren.


  Affaire à suivre?

  Jerry Colbach "

PS vum Pol:   ech kenne weder de Jerry Colbach, nach di Persoun, di mir dese Mail zougescheckt huet.  Ech hun awer anzweschen festgestallt, dass en a grousser "Oplaag" am Internett diffuséiert get.

3 comments:

Anonymous said...

Und dieser erste Schritt ist im Internet das Ansprechen mit der ersten Mail.
Darin liegt der Unterschied zu normalem Lida
Dai Dai Hua Kaffee Geeignet ist der Kaffee nicht nur für <. Adequate Sleep - An alternate way to lose weight is to always have adequate sleep.

Here is my web blog; 10
kilo abnehmen

My site > Virtlantis.com

Anonymous said...

The particular electronic cigarette ego basic starter kit is fantastic
for new users. Continually letting a battery drain will make it
die much faster then it normally would. Although, sound card is integrated device, it functions
similar to brightness of the screen when talking about power consumption.


my blog myvideo downloader - medias.uniten.edu.pl
my web site :: Click In this article

Anonymous said...

They had not yet been released for the some mobiles while these
games are well known to those that play in the regular Slots gratis mobile.
"Path of Monstrosity" - This is for players that want a little
better defense and wanting to hit multiple targets.

This setup offer players a medium amount
of flexibility over their hit or win line selection.

Also visit my blog post ... simply click the followin
My web page > mouse click the up coming document