Thursday, November 26, 2009

Lo get de Léo Zeches auserneen geholl!

De Léon Zeches vum Wort huet deser Deeg vun sengem Popst eng heich Auszeechnung kritt, an dat werd mat Secherheet rem eng Lawin vun Presse-Artikelen provozéiren.


Dat sin su di Sachen di mech emmer nees un d'Grübelen brengen.


Ech kennen de Zechese Léo seit villen Joer als e voll iwerzeechten Kato den sein professionnelt Liewen durch mat vollem Asaz an - aus senger Siicht - mat vollem Erfolleg aus senger Perspektiv fir seng Sach gelieft huet.  He wees ganz gudd dass ech dat ganzt Kirchen-Gedröns komplett oflehnen an als schrecklech negativ fir eis Gesellschaft ugesin.


Awer bei all eisen widerhuelten Treffen - throughout our life - war hen mat mir emmer op gleicher Aenhéicht  voller Respekt a gesondem Menscheverstand.
Hen ass e ganz sensiblen Mensch, den och géintiwer Kollegen vun ausserhalb sengem schwarzen Haus - wi zB dem Alvin Sold an dem Danièle Fonk- emmer mat Respekt a Verständnis opgetrueden ass.
Di lescht Joeren huet hen agesin, dass seng kathoulesch Vuen sech missten veränneren. Ech mengen en huet sech zum Deel dergéint gesteipt an zum Deel huet en sech drecke geloss!
Et bleift mer weiderhin onverständlech, dass en déi pafeg Hypokrisie wi zB an den Affären em de Jhemp Schuster - a vill anerer - a sengem Haus geschéien konnt lossen! En huet wuel a sengem internen Kampf géint su Leid wi den extrem schwarzen a perfiden Clan op der Bistumsseit - Schiltz a Konsorten - missen Wasser an sei Wein schedden. Dass a wofir en domat sein zweeten "hellegen" Prinzip vum propperen Journalismus ouni Zensur  permanent selwer boykottéiert huet, kann e mer vleicht eng Kéier erklären!
Ass en also de feinen Kärel den ze schwach war fir sech géint all dat ze wiren wat u Negativem vun der schlemm pafiger Seit op en zoukomm? Huet en souvill Kompromisser acceptéiert, dass en sech domat u senger Journaliste Séil sou stark "versendegt!" huet?
Ech ka mer net virstellen dass e soll sou perfid gewiescht sin, dass en domat all déi, di en mi no kennegeléiert hun, gewollt getäuscht hätt!
En huet mir an engem Gespréich zu zwee viru net allzelang iwer wuel eng vu senge schlemsten Phasen a sengem Liewe geschwat, an ech war em menschlech do sou no, dass et mir werd schwéier falen die perséinlech Attacken ze liesen, di deser Deeg wuel iwer de Léo perséinlech ewechgoe werten.
Beruflech, an all dem wat e gemach oder matgemach huet - wert en et wuel leider verdengt hun! Ech hoffen dass meng laizistiesch an antiklerikal Frenn net all ze perséinlech mat em emgoe werten!


Randnotiz: Iwregens di schlemm Phase vun der ech uewen geschwat hun, dat war déi mat dem onseeglechen Charel Ruppert.  Den hun ech selwer als dermossen en Charakterschwein erlieft, den nu wirklech hemmungslos iwer Leichen klemmt fir virun ze kommen. Mir grujjelt et haut nach, wann ech un d'Erfahrungen vum Léon Zeches an aneren héiren, wat sech während dem Passage vun dem Ego-Geploten Ruppert um schwarzen Gasperecher Birg ofgespillt huet. Dat ka bei dem hypokriten an respektlosen Egoman Ruppert virdrun bei der KBL (Kredietbank) wuel och net besser gewiescht sin. 
Do ass nun wuel wirklech Blutt a Schwees enner den Diren durchgefloss! Do sinn schliesslech nom Ruppert-Rausschmiss vill Méint vun Dépressiounen iwreg bliwen!
(Wat mecht iwregens de Paul Zimmer haut?).
Ma op d'Persoun Charel Ruppert werd ech mech net enthale können, hei a menge Gedanken eng Kéier zreckzekommen!
Ech wenschen dem Léon Zeches, dass en sech tescht seng Bicher a seng Famill a Rouh zreckzéie kann. Sei Wort as beim Paul Lenert a gudden Hänn. Dat brauch lo souwisou méi en Wirtschaftler wi e "Geeschtlechen" fir z'iwerliewen!
Vleicht begleckt de Zechesse Léo eis enges Dags mat éierlechen Mémoiren, déi sich un di Leit wenden di en appréciéiert hun. Wann et Mémoiren gin, di sech ehrerbietigst un den alen Wortlieser a Letzeburger Katho-Mief wenden, mat engem schiele Seitebleck a Richtung Opus Dei an Abbé Schiltz, da werd ech se schnell op d'Seit léen.
Ech wees de Léo kann die zwee Bicher schreiwen-och wann nemmen eent liesenswert wir!

No comments: