Friday, December 11, 2009

Haut hat ech en Accident!!!

Zwou Letzeburger Fraen, an der Mett vum Liewen...
Di zwou haten en Accident! 


Ech sin haut zur Mettesstonn mat mengem Scooter iwer d'nei Breck gefur, an hun bei engem Spurewiessel mat e bessi zevill Schwonk, zu menger Lenker en Audi TT um Spigel gestreift, sou dass mei Spigel emgeklappt ass. Klack-klack also!!
Dat ass natirlech typesch, wann su en eelere Borscht wi ech mat engem Töff durch d'Géigend braust, op dem een sech liicht eng Reih Jorzengter mi jonk virkennt wi een ass! Zevill Schwonk halt! 

Wat awer méi interessant ass, as d'Réactioun vun der jonker Dame am Audi TT di virtéischt direkt op der Neier Breck am decke Verkéier stoebliwen ass  an du op mein Hiweis: "alles meng Schold Madame, keng Suerg! mais kommt mer furen do op d'Seit!"  schliesslech an den Agank vum Bvd de la Pétrusse op d'Seit gefuren ass.
Di ca 35 jähreg stong enner starkem Stress an huet sech voll op d'Sach konzentréiert. Si hätt awer wuel dach op di gerengsten Aggressivitéit vu mir,  Feier gefang!
Si huet e klenge Krazer un hirem Spiegel festgestallt - wi ech der emmer op all mengen Autoen scho kurz nom Kaf x op alle 4 Ecker hat - an huet schliesslech gemengt, "hannen, ennelaangscht" wir och eppes.
Ech hu mein Rendez-vous ugeruff vir mei Retard unzekönnegen, mir hun  e volle Constat ausgefëllt an festgestallt, dass mer allen zwee bei der Axa sinn. Sie huet mech gefrot op u mengem Scooter neischt dru wir an ech hu gemengt, " e rullt jo mol nach :-) ", an ech hu meng Telefonsnummer, email etc gin.
De Metteg huet se mech schon rem ugeruff: sie war anzweschen schons an der Garage, et giff warscheinlech 500 € (Scheiss!) kaschten, an si giff mer dann uruffen, mar Samschdeg oder e Mendeg, fir weiderzegesinn!
Wat mech beschäftegt ass net su di en somme jo awer nach sympatesch Fra, mat der ech di rencontre hat, ma d'Observatioun vun enger Letzeburgerin, di villeicht Staatsbeamtin ass, oder anerwärts secher keng richteg Problemer an hirem Liewen huet, an déi wuel anzweschen schon all hire Frendinnen an hirer ganzer Famill ugeruff huet fir iwer den Evènement "Accident" am Detail z'erzielen. Warscheinlech fennt een och schon eppes op Facebook driwer!
An dann de Vergleich mat all dénen anere Leid, di wirklech Surgen hun - ech denken do un eng 40-järeg, di no 15 ganz erfollegreiche Jorr an enger Letzeburger Bank fiirchterlech vun engem sougenannte Manager gebeidelt a gemobbt gin war, di no 12 Méint ouni job an a permanenter Surveillance bei engem Psy, bei mech an de Coaching komm ass, an lo seit kurzem rem - mat Période d'Essai - op engem Job setzt, an di lo aus lauter Existenzangscht emmer nach net vill schlofe kann!
Zwou Letzeburger Fraen, an der Mett vum Liewen.
Di zwou haten en Accident!


1 comment:

Anonymous said...

Gudd redigeiert... Very entertaining, hu gudd gelaacht :-)
Vito