Tuesday, May 18, 2010

Sin ech lo e Pharisäer ? (nummer 2)

Bal 3000 Leit hun op trennung.lu ennerschriwen.


A no der Fro vum XXX (dat sech schwéier Virwerf mech well et nemmen Anonym ennerschreift,(hei ennen op mengem Blog, dee nächste Post) kennt lo eng aner Frendin mat der heier Fro op Facebook:


Salut Pol, Ech hun just eng Fro:


Wat sollen dei Leit dann maachen dei souwait ärer Mennung sin awer Kanner hun,dei nach zur Kommunioun kommen?? Eis Kanner kreien dach drennert zeleiden.Als Beispill: meng krutten elo an der Schoul en Ziedel mat heem wou si konnten zweschent Reliounsuntericht an Morale wielen.Wann et mir no gaangen wier geingen si an Morale goen well ech mir soen meng Kanner mussen net verarscht gin. Mais am 3 Schouljahr dann wann Kommunion virun der Dier steet sin et si dei gehänselt gin vun denen anneren net ech,ech weisst mech zewieren!
D'Situatiun wei se haut ass get et dach lo schunns eiweg ech kann mir net virstellen dat sech dorun eppes wärt änneren.Dir (mir) sin net dei ischt dei probeieren dogeint eppes zemaan mais bis elo haat leider nach ken Erfolleg.
Wat sot dir dozou???







Hei meng Entwert an nach aner Reaktiounen


  • Pol Wirtz Du hues leider absolut recht Kxxx. Ech hu lo grad mat engem Frend a fréiere Minister geschwat, fir en z'iwerzeegen fir z'ennerschreiwen.
    He seet mer heen hätt opgin. Hen ass selwer mat 15 Joer aus der Kiirch ausgetratt, huet kee Kand gedeeft, sech net an der Kiirch bestuet asw...
    Awer lo géint d' Enn vu senger politescher Aktivitéit seet en: "Ech hu vir vill Sachen gekämpft a vill erreecht.
    Awer sou lang mir d' Pafen iwer d'CSV an der Regierung hun, gi mer de ganze Misär net lass! Dat do ass eng Saach, di hun ech opgin!"
    15 minutes ago · Edit Post · Delete Post
  • François Paul Steines @ganz richteg a wou'er Karin...just gerad durfiir, a fir des Ennerdreckung seitens verschiidenen Mattaarbechter vun der katholischer Kiirch, a Letzebuerg och nach" Paaffen" (ett ass kee' Schimpfwuert) genannt, an domatter mengen ech nett die ganz vill vun hinnen dei' eng super Aarbecht maachen, (ett soll och mol hei gesoot ginn), gett jo vun villen Läit Trennung vu Kiirch a Staat gefroot...ennerschreiw' rouheg, wein'st dengen Kanner eben "anonym", bei: trennung.lu .....Läit matt denger Astellung ginn ett der nach mei' wei' een mengt....
    15 minutes ago · Report
    François Paul Steines @ Pol...loosen mer hoffen..well ech wei'ss ganz genau datt vill Jonker ( och de Junker) an der CSV nett gein't Trennung waren an och nach sinn...alles brauch seng Zäit..ett diirf just NETT elo no puer Mein't , wei' emmer a Letzebuerg, NETT mei' vun der Trennung geschwaat ginn..weider maachen a Läit mobilisei'eren..daat ass de Motto..

    ____________________________________________________________________

    Hei dann nach de Link op di Seit, wu warscheinlech nach weider diskutéiert get!


2 comments:

Manuel said...

Pol,

zu Thema Kommunioun an Hänselen:

wou ech am 3. Schouljoer war, do ass et nach guer keng morale laique ginn. Mir waren zu 2 an der Klass, déi net am Reliounsunterrecht woren, an d'Kommunioun net gemat hunn.

Ech, dat heescht méng Elteren, hunn dunn einfach eng grouss Grillpartie am Gaart gemat, wou all méng Kollegen komm sinn. Hier Eltere sinn och matkomm, an hu Kadoen matbruet.

D'Resultat wor dat hei: während meng Klassekomeroden am Kostüm an der Kierch geschmort hunn, am Besetz vu gellene Fillfierderen, Aueren etc woren, hunn ech mech de ganzen Daach am Gaart ameséiert, a kruut ganz praktesch Kadoen ewéi een Zelt, e Schlauchboot, eng Hängematt etc.

Ech gouf net gehänselt. Et wor jidderee neideg op mech.

Anonymous said...

The product, according to the brand, can be applied throughout
the day on dry hair if one's hair is medium to very coarse. Right away register your GHD curly hair straightener concerning the GHD webpage so that you just can enact the 2-year ensure as well as to look at to make certainyours is genuine. When one thinks of fungus, they don't
generally associate it with the head or scalp, but the itching, burning
scalp, rash or pimples on the scalp could very well be caused by a fungus, requiring antifungal shampoo to provide well needed relief to the
symptoms.

Also visit my website :: hair products