Tuesday, May 18, 2010

Kee Courage - sin ech lo e Pharisäer?


  • Hei en Extrait vun menger Diskussioun op der Facebook-Page vun der Trennungs-Initiative:

    Pol Wirtz Trotz engem schnelle Succès vun der Trennungs'Initiative, ennerschreeiwen vill Leit gur net oder anonym.
    Eng ganz langjähreg Frendin déi ech encouragéiert hun bei Trennung.lu zeennerschreiwen, entwert mer, well et huet se scheinbar richteg schockéiert, dat se kee Courage huet hire Numm unzegin!

    Hei ass - anonymiséiert - den authenteschen a schockéirenden Mail vun deser sensibler Mamm, di scho schwéier kämpft fir hir Kanner propper durch d’Liewen ze kréien:
    (Wirder an duebele Klameren sin verfälscht, änneren awer neischt un der schlemmer Tatsach)

    D’Aktioun trennung.lu stellt mech virun e groussen Dilemma. Du kenns meng Opfassung di scho seit dem Bop fest a menger Famill verankert ass. Och mei Papp (a mir Geschwester) war net gedeeft. Ech ((alleinerziehend Mamm v 3 Kanner))sin ob en vum staat subventionneirt chrescht-cathoulescht internat ugewisen, fier dass mäin ((Isabelle)) do versuecht get. Daat aus ville grenn. Hat wor zu ((XX)) am Ste. ((Catherine)), an huet net missen gedeeft sin a bieden, dat war do acceptéiert.
    Lo well hat mi no bei ob ((Dikrech)) an Ste ((Elisabeth)). wann ech deng Lescht enerschreiwen, wees ech net ob hat ugeholl get. zudem gin et wierklech paafen am Land dei wonnerbar sozial Arbecht maan an ob dei vill alleinerziehend a sozial schwaach Leit ugewisen sin, fier hier Kanner ze foerderen, vun der Strooss ze haalen etc....natierlech misst de staat dei arbecht ouni d’Kirch faerdech brengen...ass awer am moment nach net esou . mat allem wat och politesch korrekt mag sin, a wei och meng Meenong ass, ech brauch se.....a vill aaner lait och......kretschess, sin ech elo e Pharisaer? ;-) du kanns dir jo fierstellen wei et grad MECH iergert, mee ech fillen mech elo richtech an de labbyraenten...…

    Ech hun menger Frendin Karin geentwert, dass et grad kee Pharisäer ass, dass et sech gur net bedrängt soll fillen, dass et sech och soll als Anonymus aschreiwen.
    Mee ech froe mech wat d’Fräiheet ass, an engem Land, wu - wuel vill - Leit sech sou musse fillen, wann et ganz banal rem geet seng Meenung ze soen!
    14 May at 12:34
  • Michèle Biwer-Erpelding Hallo Pol,
    Jo sou Fäll wou d'Leit färten eppes ze ënnerschreiwwen, gët et méi oft!
    Et giffen och vill méi Leit aus der Kiirch austrieden, wann se net giffen färten wat Noperen, Frënn asw. giffen soen. E vu mengen Bekannten wëll just net austrieden, well hien (hien ass schonns méi aal) en anständegt Begriefniss mat enger schéiner Zeremonie wöllt hunn!
    Anerer haten de Formular schonns ënnerschriwwen , hunn en awer zerrappt well se beemol dru geduecht hunn, dass hir Frëndin awer vielleicht giff gären am weißen Kleed + Tamtam an der Kiirch bestued ginn! D'Leit wëssen einfach net, dass et och méiglech ass wonnerschéin Zeremonien ouni Kiirch ze kréien. Mee et sinn der vill déi dat nach net wëssen! Nämlecht ass et mat de Kommuniounskanner. Wann een se freet wirwat se Kommunioun machen, äntweren di allermeescht "wéinst de Cadeauen". D'Elteren halen un der Traditioun fest "Mach wéi Leit, da geet et dir wéi de Leit".
    Nëmmen esou wärt sech neischt änneren an d'Kiirch an aner Sekten behalen eng Macht déi si schamlos ausnotzen, ouni lo nach op hiirt Ligengebäi, Zölibat an sexuellen Messbrauch an ze goen. Wat muss nach geschéien bis all déi, déi net gleewen an am Fong neischt méi mat der Kiirch wéllen ze dinn hunn, endlech Neel mat Käpp machen, Zivilcourage beweisen an aus der Kiirch austrieden . Dës Petitioun ze ënnerschreiwwen, wär en 1schten wichtegen Schrëtt an déi richteg Richtung!
    All deenen Merci déi ënnerschriwwen hunn oder dat hoffentlech nach machen wärten!
    Schéinen Weekend!
    Michèle
    14 May at 14:35 · Report
  • Pol Wirtz Ma du hues an alle Punkte leider sou Recht!!
    MA di Organisatiounen di sech hätten drem kömmeren solléen, sin all amgang allerhand al ze gin.
    Ech sin op ganz formidabel Leit bei Sokrates getraff. A wann ech och mat mengen 60 Joer net me sou direkt op hir Gruppebild passen :-)Méi fir hinnen ze hellefen.
    A wat och emmer d'Organisatioun ass di et mecht: Mir brauchen en effet Initiativen fir denen vun dir opgezielte Leit d'Méiglechkeet ze gin, eng nach méi perséinlech a wa gewollt glamoréis Zeremonie ze bidden. Egal fir wat fir e Fest.
    Wanns de erlabs: ech hun dech ugeklickt als FBK Friend, da werd ech dech kontaktéiren, wann an di Richtung eppes geschitt. $
    Ech wir frou wanns de - mat Numm oder anonym - mat Iddien derbei wirs!
    Schéine Weekend!
    Pol
    14 May at 15:07 · Delete Post
  • Marco Scheitler ech sin der Ménung daas d’Religionen, egal waat vir eng, ganz wicheteg sin.
    et ass jo sou das den Mensch nodém en op desem Planéit opgeraumt huet, keen natierlechen Feind méi huet. Also huet den Mensch sech een künstlechen Feind mussen schaafen wir seng Speziess op elegantem Wée ze déziméieren.An wir dass daat och fonktionéiert hun och verschidden Religionen mussen erfonnt gin.Et därf och net vergiess gin waat daat wir Vierdéler datt deenen brengt déi do nach bleiwen.schliesslech brengt daat Arbechtsplaatzen mat all deenen Waffen déi do mussen gebaut gin, wir dass déi eenzel Religionen können beweisen dass Sie déi Besser sin.

    PS: net ganz Eescht gemengt awer do ass eppes drun
    Saturday at 10:08 · Report
  • Jim Penning Anonym ennerschreiwen misst NET ugeholl gin!!!

    Jim penning
    Saturday at 16:30 · Report
  • Pol Wirtz Ech verstinn deng Iwerléung zwar Jim, awer et ass jo sou, dass di Leit di anonym ennerschreiwen, trotzdem hir - iwerpréifbar - email Adress bei trennungs.lu hannerlossen.
    An och d'Initiateuren vun der Aktioun sin sech bewosst, dass se hir Eierlechkeet dobei enner Emstänn zB engem Dirweechter, beweise mussen!

    Wanns de kucks wivill Leit hei zu Letzeburg nach Angscht hun sou eppes öffentlech ze soen, da misst et engem grujjelen!!
    Saturday at 16:35 · Delete Post
  • Jean-Marie Spies BRAVO un all déi Léit, déi den COURAGE hun bei dësee Petitioun matzemaan.... Och d'Paschtéier mussen liewen an sollen bezuelt gin ewéi all d'Leit déi schaffen... Ech mengen et soll TRANSPARENT sin oder nach besser d'Kirch soll kucken ewéi se d'finanziell besoins zesummen kréien.... DEN STAAT SOLL SECH DO KOMPLETT ERAUS HAALEN.....!!!!!!

    Schéinen Sondeg nach un alleguer

    Jean-Marie Spies
    Sunday at 12:51 · Report
  • Nadine M. Steines-Santella hoppla..et sinn viel Läit de mengen trennung.lu misst onbedengt geint' d'Kiirch sinn..ech fannen nett: hei gei't ett just fiir de Patron ( Staat ) ze wiesselen..an datt endlich Kiirch emol fräi gett..NETT mei' ofhängig vun deem deen se bezuelt...dem Staat an de Gemengen
    iiwrigens:ett sinn och vill Läit am Berufsliewen dei' hiire Patron schon hu miissten wiesselen...

    vielleicht fennt sech e "Konsortium" dee'n Intressi hätt..oder?
    Sunday at 13:58 · Report
  • Marion Muller @Nadine, dat hun ech och erliewt an gin nit mid denen Leit emol ze explizéieren em wat et geet.déi meescht liesen nit konzentréiert genug. a vill färten hir Meenung öffentlech ze soen.de Staat gët jo d'Suen vun allen Steierzueler aus! och vun denen déi un neischt gleewen. ech sin der Meenung dat de Gleewegen seng Religioun selwer soll ënnerstëtzen. de Staat kéint à la rigueur jo e Subsid gin.
    Sunday at 14:11 · Report
  • Ronny Wies Waat hued daat w.e.g mat Courage ze din?? D'Zeiten vun der Inquisitioun sin eriwwer mengen ech emol ;) Wann et nemmen dorems geht waat den Noper seet dann kann ech nemmen soen typesch Lëtzebuerger Provenzdenken! Steieren bezuelen fir eppes waat een net ennerstëtzt as dach wuel Grond genuch sein Numm ennert eng Petitioun ze setzen. Et geht net dass nemmen eng "Kierch " den Monopol geneisst an Suen astreicht an alll dei aner Kierchen gin eidel aus..! Eng Kierch kritt et an all dei aner gin eidel aus daat kann net sin. Religioun muss eng Privat Sach bleiwen !
    Sunday at 19:19 · Report
  • Pol Wirtz @Ronny! Du hues vollkommen Recht (ausser de Satz, dass aner Kirchen "neischt" kréien. Ausser der Scientology Kirch (di scheinbar nacgh net gefrot huet ) kréien all di Sekten Goss vun eis!
    Ma de wirkleche Skandal am Zesummenhang mat dengen Themen Angscht, Inquisitioun asw ass deen, dass vun allen eisen Polkitiker di (ausser der CSV) d'Trennung an hire Programmer stoen hun, nemmen den Eugèbe Berger bis elo seng Meenung gesot huet!
    Sunday at 20:38 · Delete Post
  • Pol Wirtz Ech setzen mar op mein Blog (http://polwirtz.blogspot.com/) d'Lescht vun allen denen Deputéierten, di scheinbar GEINT d'Trennung vu Kirch a Stad sin!! :-) Mol kuck op sou eppes e Pur vun hinnen Damp mecht!
    Sunday at 20:40 · Delete Post
  • Ronny Wies Gud Idee well et get emmer nemmen vill geschwaat , d'Leit reegen sech emmer nemmen ob mee fier eppes ze bewegen mussen endlech Neel mat Käpp gemach gin et nëtzt neischt ze lamenteieren wann d'Leit sech net wieren! Duerfir Pol deng Initiative hei as luewenswert an meng Ennerstëtzung hues de !
    Yesterday at 09:14 · Report
  • François Paul Steines ech si frou dat d'Nadine menger Meenung ass, loossen mer dach och mol versto'en, datt all dei, dei' vun der CSV eng Plaaz verschaft kritt hun jo hei nett hieren Numm können publizei'eren...a de Pol wei'ss daat och..ech sinn secher datt dertrotzdem der deenen der och ennerschriwen hunn,..dann eben anonym..
    eng Fro': waat maachen mer wa mer 5ooo Ennerschreften hun?
    Yesterday at 09:43 · Report
  • Pol Wirtz @François Paul Steines: du hues Recht . Ma och di mettelalterlech Method fir "engem eng Plaz ze verschafen" muss verschwannen, wa mer schon amgang sin Fréijorsboth ze man! Dass isen Echternoacher Frend Fernand Boden net ennerschreift, verstinn ich natirlich. Ma et sen der emmer nach vill dohir di emmer éiser Mänung sin, a wann än op der Lescht vun Trennung.lu kuckt, da fehlen se. jedenfalls hire Numm fehlt!
    An d'Politiker fehlen nach bal an. Ferten déi wirklech se krichen e Pur Stemme manner?
    Zu denger Fro vun + 5000 Ennerschreften --- do solls de lo mol emol Gott-Vertrauen hun Frenz :-) ! Emol just !
    Yesterday at 10:01 · Delete Post
  • François Paul Steines @Pooool:."Gott"-Vertrauen..??
    Yesterday at 10:06 · Report
  • Pol Wirtz o majo ech hu gesot eeeemool Fränz!
    Daje, da nenne mer et enner eis zwee lo einfach mol Pol-Vertrauen! Ok :-)

    Lo fällt mer iwregens an, dass du mir nach eppes schelleg bass LOL ! Vu viru ville Joaren hues de mer eng Nuecht verschass!
    Awer dat soen ech der sossenzwousch, enner eis!
    Also: PolVertrauen!
    Ciao!
    Yesterday at 10:24 · Delete Post


No comments: