Sunday, May 2, 2010

E Letzeburger Frend aus England scheckt mer eng Foto



       di weist, wéi sech eis kathoulesch Kirch beim Abschied vun hirer Unioun mam Letzeburger Staat propper erauszéien kann:

Beim Embau vun hire Kirchen  kann en enormen Beitrag geleescht gin zum wirklech soziale Wunnengsbau!
Sie hun enormen Fräiraum, sin eleng Propriétaire a können sech et wirklech leeschten fir endlech wirklech (ouni Staatsennerstetzung wi bei Caritas an allen MariaHilf-Klippercher) eleng a selwer eppes Guddes ze machen fir di mannerbemettelt Leit zu Letzeburg...
De Letzeburger François-Paul Steines aus Eisterreich seet op Facebook haut zum selwechten Thema:

"Huel e mer mol d'Gemeng Rouspert: do sinn 5 Kiirchen..do muss d'Heizung, den Ennerhalt 
( Ustrach, Daachaarbechten asw.) an deelweis och d'Personal bezuelt ginn...a rood emol wien daat bezillt???Abee (..) : Dei' 93 % (sic) Katholiken..An dann bitte um Spende für " ett ass fir d'Kirch"..."


De Fränz huet Recht.  Di lokal Kirchefabriken, gi vun dem Beschof a senge Konsorten op Spurflam gehal. An och wa se vill Lännereien hun, muss laut Gestz vum Letzeburger Staat  all Defizit vun enger Kirchefabrik - durch d'Hötzen vun eidelen 5 Kirchen zB am klenge Rouspert - vun der Gemeng bezuelt gin.


Et ass dofir weitaus ennerdriwen, wann a gewessen Oppositiounskreesser zur Kirch emmer nees gesot get: d'Kirch kascht eis all Joer 23 Mio Euro.  Dat ass absolut lächerlech am Vergleich zu der Wirklechkeet. Zirca 23 Mio sin do eleng fir d'Gehälter vu Paschtéier.
Do derniewent den Ennerhalt vu praktesch eidele Kirchen, engem Priesterseminar (mat Proffen) an dat och kee mi geet, an da geet et réischt lass mat all hiren Kliniken a Schoulen, di de Staat mat 80% oder ähnlech ofrappt, nei opbaut, an der Kirch dann iwerléisst. 
Do gi mir Letzeburger vun denen Hären permanent gebiischt! 
An eis Regierung schwätzt derweil dervun, dass och di Kleng Akommes mussen "e bessi" bludden, weenst der Kris!


Ech hun dees grendlech genug. 

Trennung ELO!

No comments: