Saturday, May 1, 2010

Wé gät nach an d'Oktav? A ween voan Echternoach gät noach op d'Gare???

Eng interessant Emfro op RTL.lu freet no der Bedeelegung vun de Letzeburger un der Oktav.
De Moment soen 204 Leit  (6%), si gingen just an d'Kathedral, 593 (18.02%)gin op béides,  1050 (31.91%) gi  just op de Märtchen an 1444 (43,88 % ) weder an d'Kathedral, nach op de Märtchen.


(Weider hei ennert dem Ausschnett:)


Ech ka mech erenneren dass fréier den 2.Freideg vun der Oktav, di Echternoacher an d'Octav gezu sin. Dat war natirlech eng Traditioun di bei munnechen e religiéisen Hannergron hat, bei munnechen e folkloristischen a bei aneren demols nach su zimlich di eenzig Gelegenheet war, mol an d'Stad ze kommen, wat demols di gruss Wölt emmer noach war ("Ass hanner Herber och noach en Doorf?" sot d'Madame Becker, dem Carlo an dem Francis hir Mamm, an et wäss haut noach kän, op se e Witz gemacht hott!)

Iwrigens di Sach mat de Motivatiunnen fär an d'Stad an d'Oktav ze goen, war am Fong wi bei der Sprangprozessioun, wu demols vun "48.000 Besucher" am Wort geschwat guff. Haut sin se mengen ech stolz, wa nach emmerhin 5.000 op Echternoach kommen

Ma ich ka mich och droan erönneren, wi den Emil ( heen hat an der Stad zwee Bordellen op der Gare, an zu Eechternoach hat en mat meiner Schwiermamm dem Kauffmann's Irène, e Gedrenksbuttik am neigemachte Kack, neeft Kaisisch hirer Wirtschaft).
Den Emil hoat mer - mat Détailler a Nimm oan di ich mich goud erenneren. an di ich natirlich nie lei neene werd (obschun :-) !) - verzeelt, wivill di Echternoacher Meener sich bei heen (de Rassen Hipp sot dervir: ) propper mache komm séin! An dat während sich hir Maricher a Kettecher an der Kathedral de Rusekranz eroffgeresselt hoan, an su hir Séil gebotz haten!

An doarno hoan sich dann all di propper Katholiken voan Echteroach beim Joslet oder er anerer Frittebud eremfonntttes sen se dann nooach an d'Maison Moderne a bei de Monolpol e neit Schirtich. an e Poar Calcon'en voa Schiesser an Triumph kafen gaangen, well se gemänt hoan, dem Deckisch Ferdi sein, weere vleicht eppes mi deier.
Si haten op der ganzer Linn ONRECHT!! Net nuren wat d'Calçon'en oagang ass...

Post scriptum: do geseit än alterem: en alen Echternoacher huet sech zwar oft ugewinnt, Staater ze schwetzen. Awer et gät doar dat en ochnuren oan Echternoach denkt, da sprengt en em op di änzig richtig Sproch!

No comments: