Monday, May 17, 2010

Trennung: frot eis Députéiert wéi se dozou stinn!

www.trennung.lu
Di Fro vun der Trennung tescht der Kirch an dem Letzeburger Staat ass scho ganz lang en Thema, dat mir um Herz léit, an vun dém ech iwerzeegt sin, dass et fir e Koup Misär an onnéideg héich Ausgaben zu Letzeburg schelleg ass.

(en Beispill fir momentanen Misär an Dilemma hun ech zB deser Deeg hei erlieft an beschriwen

Ma  um Trennungs-Site an op Facebook ass genug zu desem éiwegen Thema ze liesen.

Hei geet et em méng Enttäuschung, dass bis elo nach praktesch keng vun eisen Députéierten a Politiker di Trennungs-Initiativ vun Sokrates an irgend enger Form ennerstetzen.
Vill Partei-Membren vun LSAP, DP, Lénk, a vleicht och vun ADR hun ennerschriwen an hun och hir Frenn opgefurdert dat ze machen.

Ech wees net op main bescheidenen Website eppes kann änneren, awer et soll een näischt onversicht lossen.

Et kann dach net sin, dass souvill vun eise Politiker – awer och vun eise Journalisten – di soss iwerall mat Virop sinn, nach net ennerschriwen hun.
Déi di net ennerschreiwen, hun gleichzeiteg net de Courage ze soen, firwat se net ennerschreiwen!

An der Zeit sammelen se op Facebook emseg Friends, sin léif a wönschen all Mensch schéi Wieder.

Hei lo d’Lescht vun dénen mir bekannten Politiker, di éch op der Lescht vun der Trennungs-Pétitioun fannen. Wann éen oder eng aus der Chamber mer entgéht, macht mech wann ech glift drop opmirksam. Meng privat email Adress dofir ass mailto:pol@wirtz.com

Wann ech bis geschter Owend nemmen zwee Leit aus der PolitikWelt gesin hun:

Engel Georges, Burgermeeschter, Zolver, LSAP

dann ass dat haut den Owend schon e bessi mi erfreelech! 

Well haut sin di folgend Leit derbei komm:

Christian Goebel (Co-Président vun déi Greng)
Yves Cruchten ( Vize vun LSAP)
Aly Jaerling (EirenDéputéierten)
An den nächsten Deeg kommen wuel ganz schnell di hei Deputéierten nach derbei:

Wann der een vun hinne eppes loss wellen froen, oder en eppes virschloen: dir braucht nemmen op hiren Numm ze klicken da könnt der hinnen e Mail schecken. Direkt an d’Chamber. Vleicht krit der als Wieler sugur eng Entwert. An da gesit der wee Klartext kann, a ween léiwer schwadronnéiert!!  

Call your MP !!
Insistéiert bei ärem Députéiert !!

Err Lydie, Députéiert, LSAP  Gsm: 691 454 036

Op dem Site vun der Chamber waren net vun all Députéierten GSM oder Telefonnummeren zur Verfügung.  Email hu mer natirlech vun en all.

Vill Erfolleg beim emailen an telefonéiren!
A sot mer bescheed hei, wann én vun hinnen eppes interessantes geäntwert huet - oder ennerschreift.
Dir hutt wuel gemirkt, dass mer hei keen CSV Députéierten opgelescht hun, obschon sugur den Premier Juncker eng liicht Ouverture op desem Plang durchblecke geloss huet. Dat wir natirlech eng besonnesch Freed, wann hei CSV Leit méi asiichteg wiren, wi hir sougenannt "lenks" Kollegen.

Mol kucken.

____________________________________________________________________






No comments: