Showing posts with label Kathoulesch Kirch. Show all posts
Showing posts with label Kathoulesch Kirch. Show all posts

Monday, May 17, 2010

Trennung: frot eis Députéiert wéi se dozou stinn!

www.trennung.lu
Di Fro vun der Trennung tescht der Kirch an dem Letzeburger Staat ass scho ganz lang en Thema, dat mir um Herz léit, an vun dém ech iwerzeegt sin, dass et fir e Koup Misär an onnéideg héich Ausgaben zu Letzeburg schelleg ass.

(en Beispill fir momentanen Misär an Dilemma hun ech zB deser Deeg hei erlieft an beschriwen

Ma  um Trennungs-Site an op Facebook ass genug zu desem éiwegen Thema ze liesen.

Hei geet et em méng Enttäuschung, dass bis elo nach praktesch keng vun eisen Députéierten a Politiker di Trennungs-Initiativ vun Sokrates an irgend enger Form ennerstetzen.
Vill Partei-Membren vun LSAP, DP, Lénk, a vleicht och vun ADR hun ennerschriwen an hun och hir Frenn opgefurdert dat ze machen.

Ech wees net op main bescheidenen Website eppes kann änneren, awer et soll een näischt onversicht lossen.

Et kann dach net sin, dass souvill vun eise Politiker – awer och vun eise Journalisten – di soss iwerall mat Virop sinn, nach net ennerschriwen hun.
Déi di net ennerschreiwen, hun gleichzeiteg net de Courage ze soen, firwat se net ennerschreiwen!

An der Zeit sammelen se op Facebook emseg Friends, sin léif a wönschen all Mensch schéi Wieder.

Hei lo d’Lescht vun dénen mir bekannten Politiker, di éch op der Lescht vun der Trennungs-Pétitioun fannen. Wann éen oder eng aus der Chamber mer entgéht, macht mech wann ech glift drop opmirksam. Meng privat email Adress dofir ass mailto:pol@wirtz.com

Wann ech bis geschter Owend nemmen zwee Leit aus der PolitikWelt gesin hun:

Engel Georges, Burgermeeschter, Zolver, LSAP

dann ass dat haut den Owend schon e bessi mi erfreelech! 

Well haut sin di folgend Leit derbei komm:

Christian Goebel (Co-Président vun déi Greng)
Yves Cruchten ( Vize vun LSAP)
Aly Jaerling (EirenDéputéierten)
An den nächsten Deeg kommen wuel ganz schnell di hei Deputéierten nach derbei:

Wann der een vun hinne eppes loss wellen froen, oder en eppes virschloen: dir braucht nemmen op hiren Numm ze klicken da könnt der hinnen e Mail schecken. Direkt an d’Chamber. Vleicht krit der als Wieler sugur eng Entwert. An da gesit der wee Klartext kann, a ween léiwer schwadronnéiert!!  

Call your MP !!
Insistéiert bei ärem Députéiert !!

Err Lydie, Députéiert, LSAP  Gsm: 691 454 036

Op dem Site vun der Chamber waren net vun all Députéierten GSM oder Telefonnummeren zur Verfügung.  Email hu mer natirlech vun en all.

Vill Erfolleg beim emailen an telefonéiren!
A sot mer bescheed hei, wann én vun hinnen eppes interessantes geäntwert huet - oder ennerschreift.
Dir hutt wuel gemirkt, dass mer hei keen CSV Députéierten opgelescht hun, obschon sugur den Premier Juncker eng liicht Ouverture op desem Plang durchblecke geloss huet. Dat wir natirlech eng besonnesch Freed, wann hei CSV Leit méi asiichteg wiren, wi hir sougenannt "lenks" Kollegen.

Mol kucken.

____________________________________________________________________






Sunday, May 2, 2010

E Letzeburger Frend aus England scheckt mer eng Foto



       di weist, wéi sech eis kathoulesch Kirch beim Abschied vun hirer Unioun mam Letzeburger Staat propper erauszéien kann:

Beim Embau vun hire Kirchen  kann en enormen Beitrag geleescht gin zum wirklech soziale Wunnengsbau!
Sie hun enormen Fräiraum, sin eleng Propriétaire a können sech et wirklech leeschten fir endlech wirklech (ouni Staatsennerstetzung wi bei Caritas an allen MariaHilf-Klippercher) eleng a selwer eppes Guddes ze machen fir di mannerbemettelt Leit zu Letzeburg...
De Letzeburger François-Paul Steines aus Eisterreich seet op Facebook haut zum selwechten Thema:

"Huel e mer mol d'Gemeng Rouspert: do sinn 5 Kiirchen..do muss d'Heizung, den Ennerhalt 
( Ustrach, Daachaarbechten asw.) an deelweis och d'Personal bezuelt ginn...a rood emol wien daat bezillt???Abee (..) : Dei' 93 % (sic) Katholiken..An dann bitte um Spende für " ett ass fir d'Kirch"..."


De Fränz huet Recht.  Di lokal Kirchefabriken, gi vun dem Beschof a senge Konsorten op Spurflam gehal. An och wa se vill Lännereien hun, muss laut Gestz vum Letzeburger Staat  all Defizit vun enger Kirchefabrik - durch d'Hötzen vun eidelen 5 Kirchen zB am klenge Rouspert - vun der Gemeng bezuelt gin.


Et ass dofir weitaus ennerdriwen, wann a gewessen Oppositiounskreesser zur Kirch emmer nees gesot get: d'Kirch kascht eis all Joer 23 Mio Euro.  Dat ass absolut lächerlech am Vergleich zu der Wirklechkeet. Zirca 23 Mio sin do eleng fir d'Gehälter vu Paschtéier.
Do derniewent den Ennerhalt vu praktesch eidele Kirchen, engem Priesterseminar (mat Proffen) an dat och kee mi geet, an da geet et réischt lass mat all hiren Kliniken a Schoulen, di de Staat mat 80% oder ähnlech ofrappt, nei opbaut, an der Kirch dann iwerléisst. 
Do gi mir Letzeburger vun denen Hären permanent gebiischt! 
An eis Regierung schwätzt derweil dervun, dass och di Kleng Akommes mussen "e bessi" bludden, weenst der Kris!


Ech hun dees grendlech genug. 

Trennung ELO!

Monday, April 12, 2010

De Mill Majerus de wuel bessere Beschof?

















Bei all dem Schrecklechen wat weiderhin all Dag a Sache KircheSkandal durch d'Press an iwer d'Internet geet, soll een sech gelegentlech forcéiren dat ze machen, wat an der Business Welt  "Touch Ground" genannt get: Sech hisetzen oder beim Spazéirergank sech mol nees di ganz hirnresseg grausam Entwecklung vun de leschte Méint durch de Kapp goe lossen.

Do steet op der enger Seit d'Gauche, di sech virun allem un hirer Basis endlech traut e beschen mi hart hir Meenung zum Skandal auszedrecken an deelweils erauszejeitzen. Et get do souvill on-polemesch, gudd recherchéiert Artikelen iwerall an der Press, hei zu Letzeburg virun allem am Land; nemmen déi Presseorganer déi dem Vatikan a sengen Vereiner gehéiren, probéiren, fir dem Här Ratzinger a senger grujjeleche Kurie ze follegen an d'Interessi vun der Kirch, virun absolut alles anescht ze stellen! Si reckelen domat - wann dat iwerhapt méiglech ass- emmer méi an den Eck vu Bush, Cheney, Rumsfeld a Konsorten, di ouni Hemmung als Märder könne bezeechent gin, och wann si selwer behapten am Interessi vun hirer Zort vun Demokratie z'agéiren. An di mengen dat wir eng Entschellegung!!

Mee bei mengem Spazéiergang hun ech och un di Leit geduecht - an dobai as mer emmer rem de Mill Jung agefall - di wuel engem verreckte Glawen an enger perverser Religioun nolafen. Ma si sin net domm, a si gehéiren wuel net am Entferntesten zu dem schrecklechen Gebaren vun den Seniorkraten am Vatikan. Mat hirer Terminologie musse mer sie wuel als "Verblendet" durstellen.
Ech hun awer kee Problem fir sou Leit an hirer Verblendung bleiwen a sugur agéiren ze lossen. E Beschof Mill Jung, de mat senger Fra d'Letzeburger Kirch giff géréiren, an dobei vu senger asbl eng gudd Pai giff kréien, wär mir secherlech vill léiwer wi dé Clan dén lo op Staatsgehälter setzt, an mat lächerleche farwegen Juppen an Hittercher Kavalkaden ofhält. Kavalkaden bei denen eng liberal Staater Gemeng nach viru manner wi 20 Joer huet missen d'Tëtten vun enger Nicki de St. Phal Skulptur ofdecken, fir denen Hären an hiren iwreggebliwenen pur Nönnercher hir  "Schimmt" net z'offuskéiren...

Wa mir zu enger Zeit wu gespurt muss gin, et ferdeg brengen, di wirklech Trennung vum Staat an der Kirch ze realiséiren, da get dobei net nemme gespurt, ma et get och en Effort gemach fir d'Credibilitéit vun eisem politeschen Emfeld ze verbesseren.
Wann een Aktiounen wi déi vun Sokrates.lu, der www.fraiheet.lu an och vill Gespréicher op Facebook kuckt, wu d'Leit elo endlech ausserhalb vum Mantel vun dem Anonymat offen schreiwen dass d'Kirch nach su néideg ass mi Halswéi, da geseit een dass d'Zeit komm ass, wu och d'Politiker hire Courage mussen an d'Hänn huelen.
Jidereen soll weiderhin diselwecht Steieren bezuelen, awer all Steierzueler soll soen wat mat  dem Montant geschitt, dé mer lo seit vill ze vill lang un di legal, finanziell a sozial völlech onlogesch opgestalten  Kathoulesch Kirch ASBL bezuelen.
Dobei soll e könne soen: Tierschutz, Philharmonie, "Negerkennercher kafen", den Inoui zu Réiden, d'Sprangprezessioun zu Echternach oder eben d'Katoulesch oder Moslemesch Relionunsgemeinschaft ennerstetzen.  A wann een sech net décidéire kann, soll d'Geld ganz einfach an d'Staatskees fléissen.

Ech well hei nach eppes anescht an Erennerung ruffen: Den Mill Majerus huet seng Lieser den 3.März mat engem Facebook Message iwerrascht an zum Deel beandrockt. Ganz kloer och mech, an ech hun em dat gesot.  Ma den Text vum Majerus ass net genug beuecht gin, an dofir drecken ech en hei ennen nachmol of. Do kann een sech och su Munches vleicht zweemol durchliesen. Vielleicht wir d'Koppel Majerus wirklech besser op dem Posten vum Här Frank. Ouni farweg Juppen, di bei dém sympatesche Mill secher nach méi lächerlech  wiren wi bei denen Hochwürden vun elo.

Hei den remarkablen Text vum Mill Jung am Facebook vum 3.März 2010:

Je suis coupable en Eglise!
J'ai honte. Mon Eglise, à travers de trop nombreux de ses serviteurs ordonnés, a péché de façon abjecte et humainement impardonnable. Par les actes de prêtres, chargés de proclamer la Bonne Nouvelle d'Amour et de Liberté, mon Eglise a violé des enfants sans défense. Elle les a blessés, meurtris, étouffés, dans leur corps, dans leur âme, dans leur joie de vivre, dans leur foi et dans leur espérance. Elle les a cruellement marqués, les a stigmatisés, fragilisés, hypothéqués -souvent pour le restant de leurs jours.

Trop de serviteurs d'église! Trop d'enfants! Trop de sévices! Trop d'horreurs! On ne peut plus - mine de rien - passer à l'ordre du jour.

Peut-on encore avoir confiance?
  • Confiance dans nos prêtres qui sont envoyés dans nos communautés avec une mission de bons pasteurs?
  • Confiance dans nos évêques chargés de présenter aux victimes les excuses de mon Eglise?
  • Dans ce "Peuple de Dieu" qui, sans aucune fierté, reste tacite face aux horreurs?
  • Dans ces fidèles qui, parfois, prient leur Dieu pour échapper à d'autres scandales?
Peut-on avoir confiance tant que des membres de mon Eglise se comportent comme si les victimes étaient coupables - ne fût ce que pour le fait de "révéler" les sévices subis, les horreurs endurées et les bourreaux responsables?
Peut-on avoir confiance tant que des parents membres de mon Eglise - et ce depuis trop de décennies - ferment les yeux, se bouchent les oreilles, ignorent les transgressions, les taisent, les nient, les bagatellisent?
Oui, j'ai honte. Dans un domaine où mon Eglise (mieux mon église), avec une dureté de coeur sans pareil, a jugé et condamné les moindres fautes, a brisé, frappé, écrasé. Et face aux crimes commis, elle a pris l'option de passer l'éponge miséricordieuse. Quelle miséricorde? Au nom de qui? Et au bénéfice de qui?
Mon église a été - et risque de rester - un gang mafieux. Cette église - mon église - a trompé. Elle pervertit le message d'amour qui justifie sa fondation. Elle abuse de celles et de ceux dont elle est appelée à garantir le salut. Elle humilie les fidèles qui la rejoignent le coeur pur. Elle ridiculise ses serviteurs honorables qui, avec elle, s'exposent à la suspicion et à la mise en cause.
Que puis-je faire de cette église, mon église, dont je ne puis qu'être co-responsable? Comment gérer cette honte qui me pèse? Les excuses ne suffisent point - nosseigneurs les évêques et chers coéquipiers des communautés d'église! Ce serait trop simple. Ce serait lié au risque de prolonger l'abus.
Dans mon église, nous ne serons crédibles que si
  • nous secourons les victimes dans leurs souffrances...
  • nous dénonçons ouvertement les transgressions au sein de nos communautés...
  • nous veillons à un meilleur recrutement de nos serviteurs ordonnés...
  • nous encadrons nos prêtres de façon plus appropriée...
  • nous les autorisons à s'engager dans des relations affectives authentiques et véridiques...
  • nous abandonnons une fois pour toutes toute attitude de supériorité hautaine...
  • nous redécouvrons l'esprit du message que Jésus nous confie...
Jésus et sa bonne nouvelle méritent mieux que les agissements de mon église. En tant qu'église il nous appartient maintenant de réagir au plus vite en faisant preuve d'humilité, de courage et de force. Sinon, il vaudrait mieux que mon église démissionne, qu'elle déclare sa faillite et se taise à jamais.
Je suis co-responsable de mon église et je me sens sans trop de moyens. Que répondre quand sonneront les cloches dimanche prochain?
Schoos, le 3 mars 2010.
Mill Majerus