A no der Fro vum XXX (dat sech schwéier Virwerf mech well et nemmen Anonym ennerschreift,(hei ennen op mengem Blog, dee nächste Post) kennt lo eng aner Frendin mat der heier Fro op Facebook:
Salut Pol, Ech hun just eng Fro:
Wat sollen dei Leit dann maachen dei souwait ärer Mennung sin awer Kanner hun,dei nach zur Kommunioun kommen?? Eis Kanner kreien dach drennert zeleiden.Als Beispill: meng krutten elo an der Schoul en Ziedel mat heem wou si konnten zweschent Reliounsuntericht an Morale wielen.Wann et mir no gaangen wier geingen si an Morale goen well ech mir soen meng Kanner mussen net verarscht gin. Mais am 3 Schouljahr dann wann Kommunion virun der Dier steet sin et si dei gehänselt gin vun denen anneren net ech,ech weisst mech zewieren!
D'Situatiun wei se haut ass get et dach lo schunns eiweg ech kann mir net virstellen dat sech dorun eppes wärt änneren.Dir (mir) sin net dei ischt dei probeieren dogeint eppes zemaan mais bis elo haat leider nach ken Erfolleg.
Wat sot dir dozou???
Hei meng Entwert an nach aner Reaktiounen
Pol Wirtz Du hues leider absolut recht Kxxx. Ech hu lo grad mat engem Frend a fréiere Minister geschwat, fir en z'iwerzeegen fir z'ennerschreiwen.
He seet mer heen hätt opgin. Hen ass selwer mat 15 Joer aus der Kiirch ausgetratt, huet kee Kand gedeeft, sech net an der Kiirch bestuet asw...
Awer lo géint d' Enn vu senger politescher Aktivitéit seet en: "Ech hu vir vill Sachen gekämpft a vill erreecht.
Awer sou lang mir d' Pafen iwer d'CSV an der Regierung hun, gi mer de ganze Misär net lass! Dat do ass eng Saach, di hun ech opgin!"François Paul Steines @ganz richteg a wou'er Karin...just gerad durfiir, a fir des Ennerdreckung seitens verschiidenen Mattaarbechter vun der katholischer Kiirch, a Letzebuerg och nach" Paaffen" (ett ass kee' Schimpfwuert) genannt, an domatter mengen ech nett die ganz vill vun hinnen dei' eng super Aarbecht maachen, (ett soll och mol hei gesoot ginn), gett jo vun villen Läit Trennung vu Kiirch a Staat gefroot...ennerschreiw' rouheg, wein'st dengen Kanner eben "anonym", bei: trennung.lu .....Läit matt denger Astellung ginn ett der nach mei' wei' een mengt....
15 minutes ago · Report
François Paul Steines @ Pol...loosen mer hoffen..well ech wei'ss ganz genau datt vill Jonker ( och de Junker) an der CSV nett gein't Trennung waren an och nach sinn...alles brauch seng Zäit..ett diirf just NETT elo no puer Mein't , wei' emmer a Letzebuerg, NETT mei' vun der Trennung geschwaat ginn..weider maachen a Läit mobilisei'eren..daat ass de Motto..
____________________________________________________________________Hei dann nach de Link op di Seit, wu warscheinlech nach weider diskutéiert get!