The blog of the private WirtzePol. Follow him on twitter or on Facebook under Pol Wirtz or wirtzepol
Sunday, December 13, 2009
Friday, December 11, 2009
"Hey Boss, where the heck is Luxembourg??"
Pearle (oder Perle) Mesta war de Numm vun der éischter Fra di je amerikaneschen Ambassadeur irgendwou an der Welt war! De President Truman hat se op Letzeburg gescheckt an den Irving Berlin hat aus hirer Geschicht e Musical gemacht : "Call me Madam".
Deser Deeg kennt lo (no der Perl Mesta, der Patricia Harris, an enger sympatescher Alkoholikerin der hire Numm mer net mi affällt) schon di 5. Amerikanerin an der amerikanescher Betongsfestung um Lampertsbirg un. D'Patricia Harris war iwregens och di éischt "African-American" Ambassador: Letzeburg ass also emmer irgendwéi en Terrain de Test fir aussergewéinlech Leit, di vill an d'Politik a sosswou investéiert hun, an da mat der Letzeburger Ambassade merci gesot kréien...
An déi Retsch gehéiert iwregens och den éischten homosexuellen amerikaneschen Ambassador, dé net manner sympateschen James Hormel dén enner greilege Protesten bei der amerikanescher Droite, während e Pur Joer um Boulevard Servais huet derfe wunnen.
D'Perle Mesta, huet laut Operett op der belsch-franséischer Grenz hire Boss Harry Truman ugeruff a gefrot: " Hey Boss, where the heck is Luxembourg??"
Di nei Ambassadrice, déi an Amerika virun allem als erfollegreichen Business Angel beschriwwen gett, ass deser Deeg mol vir eng Woch hei, an hat wuel kaum e Problem Letzeburg ze fannen.
Als Ambassadrice - a Wahlkampf Financier - vum Barrack Obama, dirft d'Cynthia Stroum et wuel méi liicht hei hun wi hir Virgängerin Ann Wagner, déi emmerhinn dé verhassten Terror-Präsident Georges W Bush hei huet misse vertrieden, a béi der eng ganz Reih Letzeburger mat Reckgrad, net op d'Receptioune gang sinn.
Mme Stroum, all d'Letzeburger an all Strummerten wenschen lo mol herzlech: welcome!
By the way: et get och Amerikaner di nodenken, an di sech froen op d'Madame Stroum, déi jo rem eendeiteg hire bal hellegen Posten zu Letzeburg mat zid dausend Dollare kaaft huet, un hir Sue komme as.
Sou zB an enner villen den hei zitéierten Danube Logus dé sech verständlecherweis d'Fro stellt:
Danube Logus at 9/12/09 11:54 p.m.
The perennial political game of "pay-to-play" is alive and as well as ever before. All you fools who bought the "hope-and-change" nonsense are - again - looking stupid.
Stroum - a "Woman of Valor?" Only in a society that lacks any virtue. Such titles belong to individuals who risk their lives in order to save the lives of others - not people who shell out their political bribery money to prostituting politicians.
Kuckt an dem Zesummenhank och de Blog vum Letzeburger Egide Thein, den seit ville Joer an Amerika wunnt an emmer e scharft Aa iwert den Atlantik wirft :
Merci Egide Thein, dass du vu Florida aus op d'Landung vun der Mme Stroum opmirksam gemacht hues!
Labels:
Ambassador,
America,
Egide,
homosexual,
Stroum,
USA
E starkt Steck: schwarz a schwul!!!
Op Facebook hun ech lo grad gesot: Schwarz a schwul!! Ass jo awer och e bessi vill net?
Wann dat Gesetz durchgeet, giff ech erwarden dass ee vun eisen progressiven jeunes Parlementair'en eis Regierung giff interpelléiren a froen: giff Letzeburg e schwarzen Ugander ophuelen, De schul ass an dem a sengem Land d'Doudesstrof droht??
http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,666193,00.htmlHaut hat ech en Accident!!!
Zwou Letzeburger Fraen, an der Mett vum Liewen...
Di zwou haten en Accident! Ech sin haut zur Mettesstonn mat mengem Scooter iwer d'nei Breck gefur, an hun bei engem Spurewiessel mat e bessi zevill Schwonk, zu menger Lenker en Audi TT um Spigel gestreift, sou dass mei Spigel emgeklappt ass. Klack-klack also!!
Dat ass natirlech typesch, wann su en eelere Borscht wi ech mat engem Töff durch d'Géigend braust, op dem een sech liicht eng Reih Jorzengter mi jonk virkennt wi een ass! Zevill Schwonk halt!
Wat awer méi interessant ass, as d'Réactioun vun der jonker Dame am Audi TT di virtéischt direkt op der Neier Breck am decke Verkéier stoebliwen ass an du op mein Hiweis: "alles meng Schold Madame, keng Suerg! mais kommt mer furen do op d'Seit!" schliesslech an den Agank vum Bvd de la Pétrusse op d'Seit gefuren ass.
Di ca 35 jähreg stong enner starkem Stress an huet sech voll op d'Sach konzentréiert. Si hätt awer wuel dach op di gerengsten Aggressivitéit vu mir, Feier gefang!
Si huet e klenge Krazer un hirem Spiegel festgestallt - wi ech der emmer op all mengen Autoen scho kurz nom Kaf x op alle 4 Ecker hat - an huet schliesslech gemengt, "hannen, ennelaangscht" wir och eppes.
Ech hu mein Rendez-vous ugeruff vir mei Retard unzekönnegen, mir hun e volle Constat ausgefëllt an festgestallt, dass mer allen zwee bei der Axa sinn. Sie huet mech gefrot op u mengem Scooter neischt dru wir an ech hu gemengt, " e rullt jo mol nach :-) ", an ech hu meng Telefonsnummer, email etc gin.
De Metteg huet se mech schon rem ugeruff: sie war anzweschen schons an der Garage, et giff warscheinlech 500 € (Scheiss!) kaschten, an si giff mer dann uruffen, mar Samschdeg oder e Mendeg, fir weiderzegesinn!
Wat mech beschäftegt ass net su di en somme jo awer nach sympatesch Fra, mat der ech di rencontre hat, ma d'Observatioun vun enger Letzeburgerin, di villeicht Staatsbeamtin ass, oder anerwärts secher keng richteg Problemer an hirem Liewen huet, an déi wuel anzweschen schon all hire Frendinnen an hirer ganzer Famill ugeruff huet fir iwer den Evènement "Accident" am Detail z'erzielen. Warscheinlech fennt een och schon eppes op Facebook driwer!
An dann de Vergleich mat all dénen anere Leid, di wirklech Surgen hun - ech denken do un eng 40-järeg, di no 15 ganz erfollegreiche Jorr an enger Letzeburger Bank fiirchterlech vun engem sougenannte Manager gebeidelt a gemobbt gin war, di no 12 Méint ouni job an a permanenter Surveillance bei engem Psy, bei mech an de Coaching komm ass, an lo seit kurzem rem - mat Période d'Essai - op engem Job setzt, an di lo aus lauter Existenzangscht emmer nach net vill schlofe kann!
Zwou Letzeburger Fraen, an der Mett vum Liewen.
Di zwou haten en Accident!
Thursday, December 10, 2009
Haut,den 10.Dezember
Een Dag nom Jean-Claude Juncker - a villméi wichteg - een Dag no menger Duechter Viviane sengem Geburtsdag!
Ma loss mech also trotzdem versichen, op dat ee vun iech kann interesséiren.
Di Sachen di mir haut opgefall sin:
(ouni Hierarchie)
- den Obama huet sech gudd aus der eigentlech penibler Nobel Preis geschicht erausgezunn. D'arm Schwein huet wirklech firchterlechen Drock vun nach emmer dene selwechten vun denen sech de Bush ouni Widderstand manipuleire geloss huet. - Seng Ried haut huet fir mech zefrideestellend erklärt, dass heen de Préiss méi als eng Verpflichtung geseit, wi als en Reward. Ech hu weider meng Hoffnung, dass en di onseglech Kricher am Afganistan an am Irak zu Enn brenge werd. Dass do e schalen Vergleich mam Vietnam bleift, ass nun mol der amerikanischer Naivitéit an hirer Geilheet op Emsaz an Petrol asw zouzeschreiwen.
- En Artikel den ech haut an der Zeitung ganz grendlech a mat Zefriddenheet gelies hun, ass den vum Manuel Huss am Tageblatt an den mar sein zweeten a leschten Deel brengt. Ech hoffen dass de Manuel et ferdeg brengt desen Artikel och op sein Blog ze setzen, da werd ech en och hei verlinken. Iwregens den jonken Huss beandrockt mech schon eng Zeit mat senge gesondten politeschen Iwerléungen (en hat och zwou Stemme vu mer kritt :-) ) an ech gin hei lo mol esou den url vu sengem Blog weider: Mol Sonn, mol Reen (Click mol dorop, t'ass derwert!)
- Ech hu mech de moien als Board member vun der International School do am Gebei zu Merel opgehalen. Ech hoffen eng Kéier Zeit ze fanne vir doriwer hei ze schreiwen. Dat ass wirklech eng bemirkenswert Schoul, mat souvillen Elementer di total opposéiert sin zu eisem driepsegen Letzeburger Schoulsystem. Eigentlech bei honnert Punkten get do seit Joren bewisen, dass all dat méiglech ass, wat hei zu Letzeburg 30 Joer CSV - awer leider och d'Aennchen an lo d'Mady Delvaux net ferdeg brengen - demnächst méi hei!
- De ganze Metteg war ech - nach einem vortrefflichen Mittagsmal - mat zwee Business partner am Elch op der Gréiwelsbarrière. Do ass én - niewent oder no der Expérienz am Restaurant - uewenop an e pur agreablen Reim welcome fir ze poteren oder ze schaffen! Einfach formidabel, wann een an engem klengen Team eppes beschwetze well, dobei vleicht mol en klengen Zigar verdengt huet (sorry Marie Paule Prost - wirklech ganz selten ). Dat ass besser wi um Büro a schliesslech och méi efficace.
- Eng Anekdot: (der huet een der mam Alter emmer méih!!) ass hei fälleg:
Nach diesem vortrefflichen Mittagsmal machte der Hochwürdigste Herr Bischof einen
An domat war den Artikel eriwer! Et muss e lo wessen dass déi Zeit, also virum Offset a Computer-Drock, all Zeil aus Blei gegoss war, an et war offensichtlech, dass dem Wort do di lescht Zeil abhande komm war! Et konnt e jo nu wirklech net unhuele si giffen rapportéiren, den Här Beschof hätt do nom Iessen e klengen...
An tatsächlech, wi mer gesicht hun, hu mer op der Sportseit vum Wort di verluren Zeil fonnt, di dann do geheescht huet:
Rundgang durch das Gebäude.
Just e kurzen Comment!
Et war eng Freed den Owend ze gesin, dass ganzer 59 Leit sech opgrond vun Facebook - well soss hun ech keng Reklam gemach - op mein Blog ageloggt hun!!
Merci fir den Intérêt an och fir Commentairen, hei an am Facebook.
Ech kucke mol op meng Disziplin stark genug ass fir weider zefuhren.- Ech si schliesslech net all Dach vum Irger gedriwen :-) !
Merci fir den Intérêt an och fir Commentairen, hei an am Facebook.
Ech kucke mol op meng Disziplin stark genug ass fir weider zefuhren.- Ech si schliesslech net all Dach vum Irger gedriwen :-) !
Wednesday, December 9, 2009
Extremen Drock, grad viru Chreschtdag!!
Eng Erfahrung vun Deser Deeg dreift mech net nemmen op d'Spetzt, si dreift mech och derzou eppes ze schreiwen!
Ech hat ugefangen desen Text op Facebook ze schreiwen, ouni mer bewosst ze sinn, dass een do nemme ganz kurz derf nodenken (dat ass jo och warscheinlich gudd esou) . Ma lo steet en hei, a lo liest vleicht och den een oder aneren et. Et hut mir scho guddgedon en ze schreiwen!
Ech hun di lescht 35 Joer mat villen CEO'en a Firmecheffen zesummegeschafft, di net nemmen a Sonndesrieden vun hirem Personal als dem wichtegsten "Asset" "Kapital" oder wéi emmer geschwat hun, ma déi hir Leit och respektvoll behaandelt hun a weider sou behandelen.
Rezent gesinn ech awer leider emmer méi oft a Betrieber eran, wou op eng degoutant Manéier de leschten Centime aus Leit erangeholl gett, di weider eng excellent Arbecht machen, awer eben manner erabrengen, well de Mart et eben net hirget!! . Besonnesch Schlemm ass dat natirlech am kommerzielle Bereich.
Vill méi wi soss gin a leschter Zeit ganz schlemm Abus'en gemach un Matarbechter, vun denen de Patron weess, dat se keng aner Alternativ hun wi ze kuschen.
Oder dann eben de Chomage.
Ech kennen super Leit, di jorelang super Arbecht gemach hun, an déi lo dee firchterlechen Saz virgehal kréien den su immens originell ass, awer emmer nees d'nemlecht grujjelech klengt: dobausse sti se Schlang fir deng Plaz!!!!!!
Wéi gin sou Leit heem an hir Famill, wéi sollen sie hirer Famill nach Freude a Glückseligkeit virspillen, wann d'Buche en Chreschtdag am Hals stieche bleift?
Et brengt bei mir Briechreiz erop wann ech gesin mat wat fir enger Hemmungsklosigkeet lo emmer méi op de Rapport um Enn vum Joer gekuckt gett! Di berühmt a secherlech wichteg Bottom-Line schwellt emmer méi iwer de Mönsch ewech, op dem weider eremgeklappt get!
Natirlech sin och des sougenannt Scheffen enner Drock fir hiren Job.
Awer et gett Mettelwéer!
Et ass wi oft eng Sach vu Stil, a vum "Ton macht die Musik" .Et get der sugur di mam Kapp héich bei hir Virgesetzte gin an d'Stir bidden. Dat sin fir mech di Leit di Medaillen verdengen, a net déi di 20 Joer hiren job gemach hun als Bréifdréier, Musikant, Pompjé oder Journalist!!
Ech coachen zur Zeit esou e richtege Mann , fir en zreck an d'Arbechtsliewen ze brengen. Hen huet seng Arbecht als Manager verlur, well en de knaschtegen Cyclisten Job refuseiert huet! He setzt lo och verzweifelt um Arbechtsmart ...
E wollt a konnt eben net wi seng Kollegen Manager de Cyclist spillen:
no Uewen becken an no ennen Trieden!
Ech hu schon elo mein Gefill derfir a wat fir Betrieber zu Letzeburg di éischt Suiziden kommen werten, wenst desem Iwerdrock!! France Telecomm ass net iwerall, ma et gett den onhemlechen Drock och hei zu Letzeburg an enger Reih vu "éierbaren" Heiser !
_______________________________________________________________________________
Et wir natirlech formidabel wann den een oder aneren hei en intelligenten Commentaire oder Virschlag giff machen.
Fir e Commentaire hei ofzegin ass zimlechj topeg ma einfach:
Click enner dem Blog Text op "Links to this post"
An durno dann op "Comment"
Du kanns iwregens bei dengem Comment einfach dei Numm aginn, ouni dass de dech irgendwou muss androen. Sugur "Anonym" geet, méi di anonym texter passe besser an d'Wort.
_______________________________________________________________________________
Meng email Adress en privé ass pol@wirtz.com
_______________________________________________________________________________
Subscribe to:
Posts (Atom)

