Wann d'Sozialisten eis lo awer nach weider religiéis Feierdeeg beschaffen!!!
Do zirkuliéiert deser Deeg e Bréif durch d'Letzeburger Internet den sech driwer irgert, dass d'Mady Delvaux, eis LSAP Unterrichtsministesch gären hätt, dass zwee moslemesch Feierdeeg (den 27. an 28.November) d'Schoulmeeschteren durch d'Fanger kucken, wann dann moslemesch Kanner net an d'Schoul kommen. Di zwee Deeg wiren Moslemesch Feierdeeg!!!
Wa lo awer schon d'LSAP d'Religioun nach méi déif an eise Schoulen verankere well, da soll dach der Deiwel (an de Romain Durlet) se huelen!!
Mer hu jo nu wirklech genuch mat denen chreschtlechen Feierdeeg hei zu Letzeburg. Et geet dermat un dass entgéint all Iddi vun Trennung vu Kirch a Staat, eise National Feiedrdag offiziell bei engem TeDeum an der Kathedral gefeiert muss ginn.
Ausserdem hu mer su Deeg wi Pengschten an Ouschteren, wu et bei denen weitaus meeschten vun eis nemmen em d'Fréijohr an evenzuell em PicNic oder en kleng Vakanz geet. An dann sin do di zwou Himmelfarten, wu dach och kee mi weess wen dann lo a, wofir en sech vertikal aus dem Steps gemach huet.
A lo kennt eis dann grad aus dem sozialéisteschen Eck, iwer d'Erzéiungsministesch Mady Delvaux op spatzen Zéiwen eng "genial" Iddi entgéint: zur henneschter Dir eran sollen do Enn November nach zwee Deeg "aus Respekt" virun enger weiderer Religioun , den Muslemen hir Kanner dirfen "feieren"!
Wi mer de Metteg bei Desch driwer geschwat hun, sot hei en 13 jähregen Bouff "da gin ech och Moslem"!!
Dir wesst net wi lächerlech der all sid mat ärem mangelnden Courage fir sou ze funktionéiren, wi et eech den LSAP bal all Joer als Opdrag gidd: vu wegen fir eng Trennung vu Kirch a Staat.
Ech kann nemmen nach hoffen, dass d'Mady Delvaux sech kategoresch vun Alledem distanzéiert!
Soss kann ech nemme soen: hu dir se da nach all??
_____
Well net jidereen den ausféierleche Bréif kritt, den deser Deeg - vu Leid di ech net kennen - am Internet verbreed get, stellen ech en hei ouni weidere Commentair an d'Netz; et ass just ze soen, dass di länger Intro net wirklech zur Saach beidreet. Eng Reih vun onnetzen Iwerléungen an desem Bréif hun ech lo mol ganz kleng hei eragesat:
"Zwee nei Feierdeeg hei zu Lëtzebuerg?
Ausnamsweis machen ech mengem Ierger Loft an
der Sprooch déi meng Elteren mir bäibruecht hunn an dat ass Lëtzebuergesch,
obwuel et hei zu Lëtzebuerg zur Gewunnecht gin ass sech mëndlech wéi
schrëftlech an iergend enger Friemsprooch auszedrécken, éischter wéi op Lëtzebuergesch.
Firwat? Ma well mir als Lëtzebuerger an engem klenge Land wéi eisem geléiert
goufen Rücksicht ze huelen op déi aner, sech unzepassen an sech a méi wéi
nëmmen enger Sprooch fléissend kënnen auszedrécken.
Am Prinzip ass dat jo eng nobel a
luewenswert Astellung, an huet dozou gefouert, dass eng Onmass Fransousen
joerelaang bei eis schaffe kommen ouni och nëmmen déi klengsten Ustrengung ze
machen fir e puer vun de wichtegsten Ëmgangsformen an der Sprooch vun dem Land
ze léieren wou en seng Sue verdinge kënnt. Firwat sollten Sie sech ustrengen
eis Sprooch ze léieren, wou sie et dach vun eis sou liicht gemaach kréien? Eis
Politiker rullen hinnen de rouden Teppech aus, fir Sie op Lëtzbuerg ze kréien,
Sie kréien an allen erdenkleche Sproochen all wichteg Informatiounen an de
Grapp gedréckt, fir dass Sie nëmmen kee Lëtzebuerger mussen ëm Rot froen, fir
gewuer ze gin wou d'Krankekess ass a wéi en sech muss uleeën fir Chômage ze
kréien. Dat selwecht gëllt fir vill Däitscher, Belsch, Portugiesen an neierdéngs
och Matbierger vum Balkan. Et ass hei net meng Absicht pauschal all auslännesch
Matbierger an een Dëppen ze geheien, ech wëll villméi e puer Situatiounen
uschwätzen, déi mat den Hoer erbäi gezun sinn.
Déi italienesch Migranten waren déi éischt
déi virun méi wéi 100 Joer a grousser Zuel op Lëtzebuerg koumen, fir hei ze
wunnen, ze liewen an ze schaffen. Sie sinn zu enger Zäit komm, wou
d'Lëtzebuerger am allgemengen an och d'Politiker vun deemols de Kapp nach op
der Plaz haten wou en higehéiert - op de Schëlleren. Haut kritt en vun Dag zu Dag
ëmmer méi den Androck verschidden Leit wieren vum Lemmes gebass, wéissten nët
méi wou se hierkommen. Den Italiener sin deemools keng sou Gonschten erwisen
ginn, et gouf eng "Vogel friss oder stirb"
Politik bedriwen, déi d'Migranten sou
ze soen gezwongen huet sech unzepassen. Hier Kanner sinn an d'Schoul komm, sie
hu probéiert mat ze schwammen, ze verstoen an sie hunn séier verstan, dass Sie
besser haten eis Sprooch ze léieren, fir hei zu Lëtzebuerg kënnen ze iwerliewen.
Et sinn deemools keng Elterenversammlungen
an 3 verschidden Sproochen ugebuede ginn, et sinn och keng deier héichglanz
Brochuren gedréckt ginn, déi de Migrantekanner d'Vokablen, d'Verben a sonstegt Léierinhalter
an hirer Mammesprooch, wéi um sëlwer Plateau zerwéiert hunn.
Ech héieren elo schon d'Kommentaren vun der
Asti a vun anere "Guddmënschen", déi kommen a mat Sätz ronderëm sech
geheien, wou Wieder dra fierkommen wéi - Rassist, Diskriminatioun, Gläichberechtegung,
Rechter fir Auslänner, Integratioun a.s.w. Sie hu Recht, well wann Sie sech nët
ganz fréi schon fir d'Rechter vun de Migranten agesaat hätten, da wieren mir
haut nët do wou mer sinn.
Ma wou si mer dann eigentlech!?
An denen allermeeschten Geschäfter, muss en
all Sproochen beherrschen, ausser Lëtzebuergësch, obwuel a leschter Zäit en
Trend sech bemierkbar mecht, den weist, dass verschidden Patron?en sech dofir
asetzen, dass hier auslännesch Ugestallten e bësse Lëtzebuergesch léieren. Et
ass nie ze spéit fir eppes gudd ze machen.
Dass mer am Sënn vun enger
gréisstméiglechster Gerechtegkeet probéieren eisen auslänneschen Matbierger
d'Liewen hei zu Lëtzebuerg sou liicht wéi méiglech ze man, dat ass
novollzéibar. De Staat finanzéiert eng intensiv Integratiounspolitik an
d'Äntwert ass oft: "Mer huelen wat de Sozialstaat eis bidd, mee et kann
keen eis forcéieren eis ze integréieren!?" oder anescht ausgedréckt:
"Mir wëllen eis zwar nët integréieren, mee mir hunn awer Rechter, zumindest
déi selwecht Rechter wéi d'Lëtzebuerger, an deelweis esouguer méi
Rechter!?"
Neierdéngs därfen eenzel auslännesch Schüler
an der Primärschoul, pardon an der Grondschoul, wann se grouss sproochlech
Problemer hunn, esouguer eng Sprooch ewechloossen, an dat mam offiziellen Segen
vun der Madame Delvaux. Dass kee Mënsch esou eng Moossnam eeschtlech fir sech
oder säi Kand beansprucht, dat ass wuel kloer, mee huet jeemools e lëtzebuerger
Schüler de sproochlech Problemer hat einfach duerften eng Sprooch ewegloossen?
Nee, hien huet d'Schouljoer nach eng Kéier gemach a geléiert, dass een sech
muss ustrengen!
Lëtzebuerg gëllt nach ëmmer zu bal 98 % als
réimesch-katoulescht Land an dat bréngt mat sech, dass mir zu Lëtzebuerg ganz
bestëmmten festgeluechten Feierdeeg hun, déi all Lëtzebuerger därfte bekannt sinn.
Neierdéngs gëtt et nach 2 weider Feierdeeg déi bis haut keen kannt huet, an
zwar den 27. an 28. November. Do ass e verleet ze froen: "A wat fir een
Hellegen gëtt dann do gefeiert?"
D'Educatiounsministesch, d'Madame Delvaux
perséinlech huet e Bréif erausginn, wou am ganze Land d'Léierpersonal an der
Grondschoul opgefuedert gëtt, de 27. an 28. November d'Feelen an der Schoul vu Kanner,
déi der musulmanescher Gemeinschaft ugehéieren, ze entschëllegen an ze
akzeptéieren! Et handelt sech bei denen zwee Deeg ëm e wichtegt reliéist Fest
an der musulmanescher Gemeinschaft, an zwar ass et d?Fest vum "Aid - la
fête du sacrifice d'Abraham.
Reliounsfräiheet ass e grousse Privileg, den
Generatiounen vu Leit virun eis nët haten a mir mussen eis dofir asetzen, dass
all Mënsch en onufechtbart Recht op Reliounsfräiheet huet, an trotzdem huet de Bréif
vum 12. November 2009 vun der Madame Delvaux e ganz batteren Bäigeschmaach.
Relioun
ass prinzipiell eng Privatsaach, obwuel an eise Schoulen nach ëmmer
Relioun als Fach ugebueden gëtt. Leit aus musulmanesche Länner kommen aus fräie
Stécker op Lëtzebuerg, an Sie hunn d'Recht hire Glawen ze liewen sou wéi hier
Relioun dat viergesäit. All klengt Kand weess, dass et heescht: "Andere
Länder - andere Sitten" soubal een a friem Länner geet. Néierens gëtt et
déi Situatioun, dass ech meng Sitten a Gebräicher an der Waliss ka mathuelen,
an an der Friemt dann en Usproch drop därf stellen.
Dass Musulmanen, kee Schwéngefleesch iessen
ass jiddwerengem bekannt, mee dass et an de Schoulen haut de Brauch ass, dass
bei de Schnéiklassen, bei Grillfester oder soss schouleschen Ausflich, speziell
gekacht gëtt fir musulmanesch Kanner, dat grenzt u pure Luxus, besonnësch dann
wann net-musulmanesch Kanner kommen an sech beschwéieren, dass de
Schwéngsschnëtzel zéi ass wéi eng Masette a froen fir den méi zarten Kallefsschnëtzel
därfen z'iessen. Sie kréien dat nët erlaabt, ganz einfach wëll dann jiddwereen
de besseren Kallefsschnëtzel giff iessen, mee déi sinn leider ofgezielt a fir
déi musulmanesch Schüler reservéiert! Dat ass keen Eenzelfall a gëtt ze bedenken!
Feierdeeg si gesetzlech festgeluecht a jiddwereen
ass virum Gesetz gläich gestallt. Et wier interessant der Madame Delvaux hir éierlech
Argumentatioun ze héieren, firwat dass elo esou eng Ausnam gemach soll ginn.
Kommen déi musulmanesch Schüler de 6. Dezember, op Christihimmelfahrt an de
fräien Oktav-Pilgerdag an d'Schoul sëtzen oder sinn sie dann och fräi? Firwat
hunn déi italienesch Kanner kee Recht de 6. Januar doheem ze bleiwen fir d'Fest
vun der Epifania ze feieren? an Italien e gesetzleche Feierdag? Firwat därfen
déi italienësch a portugiesësch Kanner nët doheem bleiwen fir den 8. Dezember
d'Fest vun der Immacolata ze feieren, an hire Länner e gesetzleche Feierdaag zu
Éieren vun der Maria Empfängnis. Dëst nëmmen fir e puer Beispiller ze nennen.
All net-musulmanesch Schüler kréie vun der
Madame Delvaux also net d'Recht den nächsten 27. an 28. November an der Schoul
ze feelen. Wat ass wa Kanner do sinn déi e Monni, e Cousin oder soss e Familljemember
hunn, den der musulmanescher Gemeinschaft ugehéiert? Wann dann an der Famill
gefeiert gëtt, därf dat Kand dann nët un dem wichtegen Fest deelhuelen? a mat
wat fir enger Rechtfäerdegung, wëllt Dir Mme Delvaux esou engem
net-musulmanesche Kand dat verbidden? A wann och net, wou ass hei eng Grenz ze
zéien. Wann op eemol all Kand an sengem familiären Ëmfeld e Musulman huet, den
dat Fest feiert, da kënne mer vläicht am Sënn vun enger grousser religiéiser a kultureller
länneriwergräifender Integratiounspolitik direkt d'Schoulen hei zu Lëtzebuerg
de kommenden 27. an 28. November zou machen. Wann dat musulmanescht Kand hei zu
Lëtzebuerg nieft sengen offiziellen Feierdeeg och nach de Kleeschen,
d'Krëschtkëndchen an all aner Helleger därf matfeieren, firwat sollen eis chrëschtlech-katoulësch
Kanner nët och d'Recht hun d'Fest vum Abraham sengem Sacrifice matzefeieren.
Affaire à suivre?
Jerry Colbach "
PS vum Pol: ech kenne weder de Jerry Colbach, nach di Persoun, di mir dese Mail zougescheckt huet. Ech hun awer anzweschen festgestallt, dass en a grousser "Oplaag" am Internett diffuséiert get.
3 comments:
Und dieser erste Schritt ist im Internet das Ansprechen mit der ersten Mail.
Darin liegt der Unterschied zu normalem Lida
Dai Dai Hua Kaffee Geeignet ist der Kaffee nicht nur für <. Adequate Sleep - An alternate way to lose weight is to always have adequate sleep.
Here is my web blog; 10
kilo abnehmen
My site > Virtlantis.com
The particular electronic cigarette ego basic starter kit is fantastic
for new users. Continually letting a battery drain will make it
die much faster then it normally would. Although, sound card is integrated device, it functions
similar to brightness of the screen when talking about power consumption.
my blog myvideo downloader - medias.uniten.edu.pl
my web site :: Click In this article
They had not yet been released for the some mobiles while these
games are well known to those that play in the regular Slots gratis mobile.
"Path of Monstrosity" - This is for players that want a little
better defense and wanting to hit multiple targets.
This setup offer players a medium amount
of flexibility over their hit or win line selection.
Also visit my blog post ... simply click the followin
My web page > mouse click the up coming document
Post a Comment