Friday, March 18, 2011

Pol am Fettnäppchen ?!?!



Do schengen ech schéin an e Fettnäppche 
getreppelt ze sin!


Deser Deeg wu all méiglech Stemmen sech zum grujjelegen
Thema Japan, Tsunami, Nuclear an Erdbeben erwirmen, hun ech op Facebook eng Invitatioun kritt fir op engem Site per click ze weisen, dass mir Mattgefill hun mat dene ville Leit di do hannen su richteg am Dreck setzen!

Ech hu geklickt! Boff, deet jo vleicht engem gudd, wann se gesin wivill Milliounen Letzeburger se ennerstetzen...

Gescht war ech dann, no enger weider Invitatioun mol rem op de Site kucken, den anzweschenzeit Requiem fir Japan, oder sou heescht. An do hun ech gesinn dass sech do e pur honnert Leit gesammelt hun,an dass et sech bal nemmen drem gedréit huet, fir Japan ze BIEDEN.
Well ech selwer jo iwerzeegt sin, dass Bieden net méi werd hellefen, wi am Seel sprangen, hun ech mer en --wat ech giff héiflechen - Text erlabt ze schreiwen, wu ech sot dass et vleicht gudd wir ausser ze bieden, eventuell och eppes ze ennerhuelen,. vir dass sou eppes vleicht winnigstens um Plang vum Nucléaire NET MEI geschéie soll.  Ech hun virgeschloen och géint Cattenom asw ze manifestéiren a fir zB Grenge Stroum ze kafen.

____________________________________________________________________

D'Reaktioun  vun engem Paul Hirt war bal wi en Tsunami:

Als eng Zort "Papp" vun dem Requiem's Site huet he sech geiirgert a mech jugéiert a vernannt.  Wéi sou Leit dat da machen, huet e mein Text natirlech och direkt vu "sengem " Requiem erofgeholl (ech mengen ech hu keng Copie méi (werd mol nach kucken :-) ) .

Op sengem Message u mech war och keng Méiglechkeet fir héiflech ze entwerten an de Paul Hirt vu Letzeburg kann ech am Facebook net mi fannen.  Op mengen Message ass och keng Foto derbei, well ech mer sou e Borscht jo awer mol gär giff ukucken :-)

Bei der Cause Requiem kommen ech net mi eran - leiden dorenner natirlech gewalteg.

Hei dann awer nach deen Text vum Paul Hirt, op den ech su gär héifflech awer bestemmt entwerte giff. Ech giff dem Här Hirt och gären erzielen wéi mein Matgefill fir Leid ass, denen ech hellefen well et e schlecht geet!  Meng Method fir ze hellefen ass jedenfalls seit Joren eng, di beweisbar affikass ass. Allentfalls besser wi Bieden.

Wann een de Paul Hirt kennt, kann e mer vleicht iwer meng Mail pol@wirtz.com en tuyau gin :-)



____________________________________________________________________


Hei seng Meenung:



No comments: