Saturday, April 3, 2010

"Catolicci" lo grad sou verfollegt wi d'Judden!!

Wat e Culot!!
Do geet dach net haut op Karfreideg an an der groussarteger St.Peters Basilika, den eenzege Pater, den d'Recht huet virum Här Ratzinger ze priedegen, sowéit fir di arm verfollegt kathoulesch Kirch mat der Verfollegung vun de Judden durch d'Nazien ze vergleichen.

Op der enger Seit d'Hetzjuegd mat Milliounen Doudegen, di weenst hirem Glawen geschluecht a sosswéi higeriicht goufen, op di arm Paschtéier, Bridder a Schwesteren, denen lo Virwerf gemach gin , well se e beschen mat Kanner gespillt hun...

Den "éerbaren" RanieroCantalamessa mecht sou fiirchterlech Aussoen en présence vum groussen Philisoph Ratzinger, an dé bleift setzen et il ne dit mot! 
E pur Stonne mi spéit léisst en dann e Vatikan-Spriecher wuel am Flüstertoun corrigéiren a soen, den Här Cantalamessa hätt a sengem eegene Numm geschwat.

___________________________________________________________
Hei wat BBC driwer seet:  http://news.bbc.co.uk/2/hi/europe/8601084.stm

2 comments:

Diana Calvario said...

Einfach zum kotzen wat do geschitt ... die geheien sech selwer emmer méi an den Dréck ... pfff ... wenn et net fir die gut schokelas Eer wier géif ech Ouschteren net feieren ... trotzdem schéin feierdeeg fir dech Pol :-)

Denise Urbany said...

zielen mer mol all dei doudech onschellesch menschen duerch der katholescher Kirch hier geseinten Bommen, all d'Affer vun AIDS well se an Afrika an iwerall geint d'Gummien priedegen...et sin Maerder