Showing posts with label Sparmassnahmen. Show all posts
Showing posts with label Sparmassnahmen. Show all posts

Tuesday, April 13, 2010

Spurmossnahmen jo - awer dach net esou!!

Ech fannen eis Politiker hu warscheinlech Recht, dass et Letzeburg gif gudd don ze spuren. Awer ech fannen och dass dat wat se lo machen, op manst publizistesch total verreckt ass, sou lang se net eendeiteg dem Vollek weisen, dass di Kleng geschützt an d'Groussverdenger un d'Kéés gebiede gin.
Eng kalblideg approche wou zB e Joer lang jidderen 10% Extra Steier misst bezuelen, dén méi wi  zB 5x de Mindestloun verdengt, dat wir fir mech, a  fir mein sozial Verständnis absolut ze vertrieden.
De Paul Helminger huet schon um Ufank vu senger politescher Carrière mol gesot, "Leit mat anstännege Gehälter sollen hir Aspro selwer bezuelen!" 



Vir mech soll den Leitmotiv derzeit heeschen:
All Kirzungen sinn ongerecht, wann se net eendeiteg virun Allem d'Groussverdenger treffen- an dass di Leit mat klengem Revenu dat och gesin 
Sou schengt et mir zB och absolut ongerecht, dass en decke Salaire eng Indextranche vun 2.5% beikritt (a mi deier gett fir sei Patron!), well de Botter an de Benzin mi deier gin!  Awer dem klenge Verdenger den Bensin aus dem Index ze stréichen ass weder chreschtlech nach sozialistesch ze vertrieden!



Ma do kennt leider rem den éwege Problem, dass eis Politiker mat engem Aa op di nächst Wahlen, a mat dem aneren op hir Frenn a Sponsore kucke mussen!


An do kennt lo och den lächelechen Effet, dass um Facebook, an den Forum'en an bei de Stammdescher der vill zu Sturm a Streik opruffen, denen et hei zu Letzeburg, wi dene meeschte vun eis, saugudd geet. Di 10% oder eng aner Krisesteier giff wuel dene meeschte vun eis Letzeburger an Auslänner zu Letzeburg kee Fatz schueden ?


Wat meng dir??
Comments please!!