Showing posts with label Bänkelsänger. Show all posts
Showing posts with label Bänkelsänger. Show all posts

Saturday, February 13, 2010

Och dest Joar kän Foasicht fär desen Eechternoacher - ma zimlich verwurelt Gedanken den Owend!

Nix Rumba Tumba, kä Rucki Zucki dëst Joar! Och als Eechternoacher as et mol goud oni!  Oder ? Am Plaz voan Nonnefiirz a verworelte Gedanken, get et lei am Norden voan Italien - nemmen zu deser Zeit di Denger lei op der Foto:  Ciacceri!     Mein klän indo-italienisch Enkelin Komal wees och schuns dass wan än dermat oafenkt, hélt än net mi op bis kän mi do sën!  


Dat ass och Echternoacher Konsequenz a Logik ! Ma lossen is net ophalen! Schu goar net wa Foasicht as!  An do se mer da schu näs beim Thema!


Also zreck zur Foasicht!


Also eigentlich hoan ich zwu verschidde Virsteelungen zur Foasicht.   Als Echternoacher woaren do di best Zeiten, wi ich der su 17 bis 25 woar.  


Als Kand virdroan, war dat en aner Saach a wi ich mat 7, 8, 9 Joar zesoamen mat Deckesch Will als Journalisten an Kameraleit durch d'Gassen gezogen sen an d'Leit interviewst hoan, war jo och net schlecht!!


Ma di eigentlich best Zeit waren di Joaren wu mer noats als Bänkelsänger durch Echternoacher Wirtschafte gezore sen. D'Geisens Gitta woar do emmer mat virop! Den Huby's Lou, d'Sonia Michaeli, de Gillens Vic... ! De Basar an der Halergaas mat  der Tata Loulou an der Tata Lina, war d'Zentral voam Ganzen. Lei gufen Texter gemach iwer de lokale Beschass, iwer d'Monsanto di demols do komme sollt, mat de Geisha Medercher, di d'Echternoacher Familie gifen aussernän roppen asw an och soss su moanich Allusiun a Spiichterei, fär di mer net nuren d'Löschenhaus, d'Stross durch de Park oder aner mi gruss a richtig "Affäre" gebraucht hoan!


Et woar dat en Fräd fär is -op als Bankelsänger, Réimer aus de Löschen, oder sugoar als Wiknger aus dem hien Norden - op déi besonnisch beim Jonny, beim Dokter, beim Anneli am Oberbaiern, beim Hariichen an Eéistrich, , béi Judds Sieg an Hoveleck, der Bomi an der Sauergass, beim Erich op der Gare, bei Kontisch Emil a beim Anita oam Moart gewoart guff. D'Léidertexter gufen ausgedreckt an ausgedält, a su moanich Kopi dervoan, léit och noach haut lei an lo an em Auszock - su hoat fréier mol en Tirang gehäscht!


An da woar do di aner Seit, di aner Zeit: 
die Zeit wu d'Foasicht an d'Foasbaler eben d'Saison waren fär d'Koaderjoacht. Wu et iss drem gangen ass, fär änt, oder der e Poar "opzeroppen". A wu och d'Meedercher an di jonk a manner jonk Fraen op dat selwicht auswoaren...Pure Genoss - neist mat Valentine oder su!  An der Zeit no 1968 war dat en zimlich hemmungslos Geschicht. Net nuren d'Meedercher, ma och di mi oder manner bestoate Fraleit voan Echternoach - an di beigeproaft - hoan demols kän Maske gebraucht, fär d'Mask, di opgespengelt Haouer an och e Poar Klädongsstecker falen ze lossen! E richtige Genoss, fär all déi di do konnte matmachen! 
Hir Meener suzen am Ardennes oder an der Marquise an hoan sich vollafen geloss, an sie woaren am bonten Dreiwen am Pudel, a Kneppisch, an der Marquise an an den déisteren schummrige Baren ennerwee, fär auszeschecken, wi hire "Moartwärt" weer! Oder su!.  An ich giff lei net soen dass do su munchen Auto - sugoar e poar mol an derselwichter Foasnoacht mat ofweeselnder Beseezong -  op de Promenaden an de Feldwéer op Thull, op Troo, an em de Mélickshof oder beim (am?) Joachtheischen op Manertgen,  gewackelt a geschaukelt hott, wann ich et net wisst. An sugoar fär e richtigt Beet an äm voan den Hotellen ze fannen, woaren d'Kréativitéit an di "kriminell Energie" oft su richtig gruss!


Ich hoffen, an hoan och kä Grond  fir oanzehollen, dass dat no meinen Freveljoaren eriwer war - färwat och? Ma mi spitt se mer dann all bestoaderich geen an/oder fortgaang. Mer hoan iis "entweckelt" an op aner Topichkäte konzentréiert. An et hott sich net mi su gepasst! Oder vleicht net mi su häfig, oder net mi su intensiv! Oder eben zumindest emmer manner. Oder su!


Lo sën ich jo dann awer oan d'Schärme komm.  Ich schreiwen dat lei op em ganz geméitlichen Owend, ganz elän op e Foassowend a meiner Datscha bei Como! Dschunkelmusi , net allzehoart iwer Internet am Hannergrond, e Patt italienische Rudden voam Nino selwer ofgezaapt, an d'Gedanken zimlech verwurelt zu Echternoach.


Ich lesen dese "Poust" och net mi no, soss did ich e vleicht ewechwirfen.


Ich hale lo op, holle mer en Zigar aus der Këst, an tirmen wohl awer noach e bessi iwer di Foasgeschichten am Pudel, d'Onnenzoppen doarno, di wackelich Autoen op de Felder. A vleicht machen ich mer sugoar e Poar Iddien fär zu dem Thema mol eppes mi Langes ze schreiwen... Iwer d'Foasicht an iwer di Echternoacher Jongen a Médercher,kän anert möcht ich frein, e su en Drëppche mei Jengelchen, d'Pankouchsfiewer, iwer d'Hutschel mat der Butschel, an dat Emgerits erop, an d'Noas flatig drop...


Kän Angst: et werd kän Nimm neenen.! Obschunns ?!


Hoaschli, Hoaschli, de Bockel voller Flih, den Oasch voller Leiss! Gess zu Léwen nemmi weis!!


An dann och noach: 
A wém dat lei, net passt dé spéitzt et raus, a scheert sich bei der Deiwel a blei d'Flantermaous!    


Dém än, gät dest, dem aneren dem gät daat! Di än di gi bei d'Meedercher di anerer hoan es saat ( Alternativ: di aner gin an d'Staat...!)