Wednesday, December 22, 2010

KröschtDag göttlech...oder éischter mënschlech?


Desen Text hun ech un d'Dagespress gescheckt. Et ass eng reduzzéiert Versioun vun engem Text vum Dr Laurent Schley op www.aha.lu 
pol
____________________________________________________________________


Krëschtdag steet virun der Dir, an domat eng Zäit, wou  Vertrieder vun der kathoulescher Kiirch alt rem behapten, dass d’Gebuert vum Jesuskëndchen e Grond ass, fir sech ze besënnen. Si behapten mat hirem Culot, dass et giff hellefen, de Mönsch méi an den Zentrum vum Liewen ze setzen, andeem een sech Gedanke giff machen, iwer dat Kêndchen, dat do virun 2000 Joer ouni Sex entstanen soll sin.

T'ass scho verreckt: dodurch, dass mir un sou Märercher gleewen, solle mer de Mënsch, seng Wessenschaft an d'Opklärung rem méi wichteg huelen!

Wann een d'Geschicht - di beweisbar Geschicht vun der Mënschheet - kuckt, ass Krëschtdag deen Dag, wou bei villen Völker d’WanterSonneWend, de Solistice gefeiert gouf. D'Krëschtentum huet -well et hinnen an de Krom gepasst huet, deen Dag quasi gekidnappt a mecht zanter hir, wi wann si dat erfonnt hätten. Wi wann dat WanterFest emmer eppes Krëschtleches gewiescht wir!

Egal wéi, misst een dach mengen, dat wann de Mënsch net an den Abseits gerode soll, een sech soll op de Mënsch konzentréieren; an net op imaginär Götter!!

D'Humanisten konzentréiren sech op de Mënsch! Sie -zB mir bei AHA! - setzen sech an, fir Opklärung, fir Toleranz a fir aner wichteg Werter. Si weisen dat ee kann e gudde Mensch sin, ouni sech vun engem erfonnte Gott a senge Paschtéier leeden ze lossen! Si sin selbstverständlech fir d'Rechter vun de Fraen, den Homosexuellen an hun dobei oft a vill missen gerad géint de Katholizismus ukämpfen! Erbattert kämpfen!

Keen huet de Monopol op eist Wanterfest och wa mer et aus Routine "Krëschtdag" nennen! E Mensch dé net gleeweg ass kann a soll di him wichteg Deeg feieren, wéi an ob hee wöllt. Mat an ouni Kadoen, Treipen a Gänsen!

Dese kurzen Message hun ech op en mi ausféierlechen Text baséiert, den op www.aha.lu ze liesen ass. Do ass nach méi gudd Lecture fir des besennlech Zeit!

Di Feierdeeg si fir mech a mengesgleichen d'Gelegenheet, de Wanter ze feieren; di kurz Deeg a laang Nuechten, d' Keelt an hoffentlech de Schnéi! Ee freedegt Fest wou ee mat senger Famill zesummenkënnt, di een mat klenge Kadoen begleckt, ee Fest, wat ee genéisst mat guddem Iessen an Drenken, a mat Musek di engem och wirklech gefällt!

A bei all dem steet eben net en erfonnten MärcheKëndchen oder e Gott am Mettelpunkt. Do steet eendeiteg dee formidablen Mönsch am Mëttelpunkt, deen et wirklech gëtt, mat all senger Freed a sengem Misär, senge Stärkten a senge Fehler!

Schéi Krëschtdeeg!
WirtzePol (pol@wirtz.com)

No comments: